Search

You may also like

Mam Impfbus on Tour
Neiegkeeten WTF

Mam Impfbus on Tour

No Beetebuerg an Diddeleng huet zanter ee Freideg och Esch-Uelzecht

De Finanzminister strieft nei Aufgaben un
Neiegkeeten WTF

De Finanzminister strieft nei Aufgaben un

Zanter 14 Deeg ass gewosst, datt den aktuelle President vum

Musikalesch an dat neit Joer: De Leopold Hager gëtt zum Éierendirigent ernannt
Neiegkeeten WTF

Musikalesch an dat neit Joer: De Leopold Hager gëtt zum Éierendirigent ernannt

Den Neijoerschconcert vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg (OPL) um 8.

surprise

Den Escher Blog

de Start vun enger neier Kommunikatiounsplattform fir déi lokal Wirtschaft

Den Escher Blog

D’Stad Esch freet sech de Start vun hirem neie Blog “Den Escher Blog” matzedeelen.

Den Hannergrond

D’Schafe vum Escher Blog gehéiert zum Escher Wonsch, fir eng dynamesch Plattform fir d’Promotioun vu senger lokaler Wirtschaft a senger globaler Attraktivitéit opzebauen. D’Haaptzil vum Den Escher Blog ass d’lokal Wirtschaft am grousse Ganzen ze promoten an hir Visibilitéit ze erhéijen.

Ënnert lokaler Wirtschaft ginn net nëmme Restauranten an Geschäfter verstanen, mee och de Fuerschungs- an Innovatiounssecteur, kreativ an innovativ Entreprisen, den Hightech-Secteur, d’Kreeslafwirtschaft souwéi Kultur- an Tourismussecteur. An natierlech all Projet, deen zum Zil vun der wirtschaftlecher Entwécklung bäidréit.

Iwwert dës Zil eraus, probéiert den Escher Blog och, d’Wahrnehmung an den Image vun der Stad ze verbesseren, souwéi d’Identifikatioun vun den Escher ze stäerken, andeems et anescht erzielt gëtt an och aner Facette weist. Normalerweis sinn dës net esou siichtbar fir déi breet Ëffentlechkeet.

Dofir dréit sech am Escher Blog alles ëm den Handel an der Stad a gräift och verwannten Themen op, wéi Kultur als Wirtschaftsfacteur, touristesch Entdeckungen, Kreativitéit souwéi Fuerschung an Tourismus. An alles ronderëm Innovatioun.

Zilpublikum

De Blog riicht sech Eigentleches un all Mënsch dee mam Internet eens gëtt: Jonk Leit, Studenten, Elteren, Leit déi zu Esch schaffen oder wunnen, Al Awunner, Visiteuren, Touristen, Nei Händler an Entrepreneuren, Cliente vun der Escher Geschäftswelt a Leit déi sozial Medie konsuméieren.

Partenairen

Den Escher Blog-Projet ass eng Initiativ vum Service Promotion économique, Tourisme & Relations internationales de la Ville d’Esch. E konnt awer just mat der Ënnerstëtzung vu verschiddene Partenairen ageriicht ginn. Händler, lokal Gastronomen, Entreprisen, Fuerschungszenteren, Schoulen, Sport- a lokal Veräiner, den Tourismusbüro, a vill anerer sinn domat Deel vun eppes méi Groussem.

Hei kënnt Dir de Blog kenneléieren:

https://denescherblog.lu /

Instagram @denescherblog

Twitter: #denescherblog

Entdeckt Esch aus dem Maka MC senger Siicht. Hien ass e portugisesche Rapper, dee Musek mat lëtzebuergeschen Texter mécht:

https://blog.esch.lu/2020/10/01/dat-ass-esch/

Related topics den Escher Blog, ekonomesch Promotioun, Esch 2022, Esch-Uelzecht, Handel, Kommunikatiounsplattform
Next post Previous post