Search

You may also like

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee
Neiegkeeten

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee

Am Kontext vun der Pandemie wäert déi traditionell Studentefoire 2020, déi

Diddenuewen: Virgeluechten Opnamezenter ab ee Méindeg „en Attente“
Neiegkeeten

Diddenuewen: Virgeluechten Opnamezenter ab ee Méindeg „en Attente“

Eis direkt Noperen, déi ganz zolidd – fir net ze

Éisträich wielt „schwaarz-brong“
Neiegkeeten

Éisträich wielt „schwaarz-brong“

Den äerzkonservative Chrëschtdemokrat vun 31 Joer, Sebastian Kurz huet d‘Parlamentswahlen

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt

Déi lescht Gemengerotssëtzung vun 2017 huet sech bal integral mat de Budgete vun der Stad Esch beschäftegt. Fir et direkt op de Punkt ze bréngen, huet de Buergermeeschter Georges Mischo kloergestallt, datt et beim Budget 2018 ëm en Iwwergangsbudget geet.

Et géif dann och net dru gezweiwelt ginn, datt d‘Oppositioun sech positiv dem Budget 2018 wäert géinteniwwer stellen. Ëmmerhi stinn an dësem Budget eng ganz Rei Projeten dran, déi vum fréiere Schäfferot, respektiv der Majoritéit, ausgeschafft gi sinn.

Dorausser ergëtt sech, datt dem neie Schäfferot seng éischt Iddie muss an de „Budget extraordinaire“ ageschriwwe ginn. Mee esou wéi et am Koalitiounsaccord festgehale ginn ass, steet am Budget 2018 den Escher Bierger am Mëttelpunkt. Et geet also drëms d‘Stad virunzebréngen an op d‘Zukunft virzebereeden.

Kappzerbrieches bereet der neier Majoritéit awer de Wahlkampfbudget 2017. Dee wier net realistesch gewiescht a géif vill Projeten hypothekéieren. Zudeem muss dierfe festgestallt ginn, datt am Budget 2017 villes ugekënnegt ginn ass, wat awer net realiséiert konnt ginn. Och dat bleift am Budget 2018 hänken.

Wéineg Spillraum

Hei muss de Georges Mischo da feststellen, datt et finanziell wéineg Spillraum gëtt. Dat schléit sech negativ op grouss nei Projeten nidder. Hie weist dann och drop hin, datt vill dëser Projeten am Tirang leien an d‘Devise fir dës Projeten dann och net gestëmmt sinn, respektiv ugekuerbelt goufen. Dat wier bedauerlech…

Notéiere mer dann nach, datt d‘Investitiounsaarbechten zu Esch bei iwwer 60% leie sollten, effektiv awer nëmme 35% ausmaachen. Esou kann ee um Beispill vun de Nonnewisen an dem „Zebridi“ festmaachen, datt wat net am Budget steet och net ze realiséieren ass.

Dat mécht dann och däitlech, datt f‘Investissementer fir déi nächst Joer héich musse bleiwen. Dofir, esou de Buergermeeschter mussen „d‘Prioritéite kloer definéiert sinn“. Op d‘Gemengefinanzreform e positiven Effet kann hunn, wier, esou nees de Buergermeeschter nach net gewosst. Esouguer den hausinternen Expert hätt hei misse Raute weisen.

Ob an a wéi engem Mooss Esch vum neien Opdeelungsschlëssel ka profitéieren, dat ergëtt sech eréischt nom Decompte vun 2017. Dann hu mir awer scho Mäerz a bis dohinner hunn se zu Esch keng konkret Zuele mat deenen se schaffe kéinten.

Kanner hu Prioritéit

Wann een an den Detail geet, esou kann ee feststellen, datt sech de Georges Mischo um Koalitiounsaccord orientéiert, an d‘Schoule wéi och d‘Opnamestrukturen (Maison relais / Foyer scolaire) déi gréisste Prioritéit fir de neie Schäfferot duerstellen.

Mat 20% sinn dann och d‘Investissementer an d‘Zukunft vun de Krapperten dat gréisste Stéck vum Kuch. Ganzer 18,5 Milliounen Euro wëll een hei an de Grapp huelen. An dat ass dann och bis 2021 esou de Fall. Et gouf dann och verséchert, datt de Projet „Schoul Wobrécken“ zäitno realiséiert soll ginn.

Bei aner Schoulen, wou Renovéierungsaarbechten ustinn (Brouchschoul) en Ausbau néideg ass (Neiduerf a Groussgaass) mee och de Bau vun der Kleppen-Schoul, muss och uerdentlech an d‘Täsch gegraff ginn. De Georges Mischo rechent fir déi nächst Joer mat 90 Milliounen Euro déi wäerte gebraucht ginn.

Paie bleiwen e Käschtefaktor

E vun de ganz grousse Punkten am Budget, d‘Paie vum Personal. Déi leien 2017 schonn 3 Milliounen iwwer den Ausgabe vun 2016. „Duerch ënnerschiddlech Reformen a Kollektivverträg sinn d‘Personalkäschten explodéiert, a wann een 2016 mat 2018 vergläicht, dann ass dat eng Hause vun iwwer siwe Milliounen Euro“, esou de Georges Mischo, deen dozou réit dat am A ze behalen.

Och am A ze halen, sinn déi verschidde Participatiounen déi d‘Gemeng agaangen ass. Esou de CIGL, wou den Undeel vun der Gemeng vun 800.000 Euro op iwwert eng Millioun klëmmt. Mee och d‘Budgete fir d‘Syndikater, an deenen Esch engagéiert ass, si geklommen. An de Moyenne ëm 20%, ausser beim TICE wou et der 30% sinn.

Weider ongekläert, d‘Käschten déi op d‘gemeng duer kommen, wann den CGDIS bis agefouert ass. Virsiichteg geschätzt, géif een emol vu 650.000 Euro fir den éischte Semester ausgoen. Am Budget ass dann och de Montant fir de Kaf vu Sozial- a Studentewunnengen ëm 50% gehéicht ginn, a steet elo bei 750.000 Euro.

Fir den Abrisud, ee vun de Problemfäll déi d‘Gemeng huet, an dat net nëmme well et erareent, sinn op e neits 500.000 Euro agesat ginn. De Buergermeeschter hofft nach ëmmer, datt no der Entrevue mat der Familljeministesch Corinne Cahen, hei zäitno eppes ënnerholl ka ginn. Et dierft een dann och net d‘Cliente vun dëser Struktur am „Reen“ stoe loossen.

An der Realisatioun

Da sollen nach dräi ganz wichteg Projeten zäitno realiséiert ginn. D‘Kompartimentéierung an d‘Feiermelder an der Gemeng sollen endlech kommen. Bestallt wier elo alles. De Club Senior an der Léon Metz Strooss gëtt Ufank 2018 an Ugrëff geholl. Och wichteg Aarbechten an de bestoende Strukture kënnen erleedegt ginn. Dofir sinn jee Projet 400.000 Euro an de Budget ageschriwwe ginn.

Am Budget sinn dann „och eng ganz Rei Artikelen, déi den neie PAG betreffen“, esou de Georges Mischo deen ënnersträicht, datt ee vum Inneminister als Delai den 8. August un d‘Häerz geluecht kritt huet. En Datum „deen no Récksprooch mat den zoustännege Servicer“ anzehale wier.

Wichteg ass dem Buergermeeschter dann nach eng optimal Organisatioun vun de Chantieren. Där huet et der e puer zu Esch, an de Georges Mischo géif sech iwwert eng gréisser Effektivitéit net bekloen.

A fir bei de Chantieren ze bleiwen, do kënnt ee gréisseren op d‘Gemeng duer. An der Belval-Strooss wäert Südgaz de Verkéier stéieren… Net ze vergiessen, datt um Gaalgebierg e Projet an der Emile Eischen Strooss usteet. Oder déi Etüd iwwert d‘Infrastrukturen am Quartier Uecht. Vergiesse mer hei och net déi sëlleche Stroossen déi dréngend a d‘Rei musse gesat ginn. Fir d‘Chantieren an den Ausbau vum „Reseau“ sinn emol 30 Milliounen Euro am Gespréich.

D‘Mobilitéit richteg ugoen

Et wier wichteg, am Mobilitéits-Dossier op de Komfort vun de Leit ze uechten. Dat wier dann och eenzeg mat engem duerchduechte Konzept fir d‘Auerzäiten an d‘Itineraire vun der Busser, engem Konzept fir d‘Vëlosfuerer (opstelle vun M-Boxen) ze realiséieren.

Mobilitéit betrëfft awer och de Fuerpark vun der Gemeng. Dee soll lues awer bestëmmt duerch modern an ëmweltfrëndlech Gefierer ersat ginn. Am Budget sinn fir dës Operatioun 1,5 Milliounen Euro ageschriwwen. Bedauert gëtt, datt ee sech de Käschten, déi duerch déi zwee Parkingen (Brill/Theater a Stadhausplaz) generéiert ginn, net kann entbannen. Do kritt den Exploitant nach laang 1,4 Milliounen/Joer…

Geld fir de Sport

Fir déi sportlech Infrastrukture vun der Gemeng, sinn och Suen am Budget virgesinn. Esou 400.000 Euro fir d‘Renovatiounsaarbechten um Stade Emile Mayrisch. Hei sinn d‘Lafpiste no 12 Joer Dauerasaz um Enn, och den Tracé vum 500meter Parcours muss erneiert ginn, mee de gréisste Batz wäert fir d‘Tribün mussen agesat ginn. Vum Sportsministère gëtt et hei e Subsid an héicht vu 25%.

Och de Stadion op der Grenz muss renovéiert ginn. Hei sinn et déi statesch Mängel un der Tribün, an den Austausch vu schiedleche Stoffer, déi an d‘Geld ginn. Am Budget sinn hei 300.000 Euro virgesinn. Fir de Fussballzenter Lankhelz stinn dann 124.000 Euro an de Bicher. Da kréien d‘Jonge vum US Esch endlech e neie Boiler, dee vun 1991 huet säin Déngscht gemaach.

Hei dierf een dann nach drop hiweisen, dat déi nei Sportshal am Kader vum Projet „Park Lankhelz“ mat 3,8 Milliounen am Budget vun 2018 steet. An de nächste véier Joer wäerten hei awer ronn 18 Milliounen an de Grapp geholl ginn. Bleiwe beim Thema Sportshal: de „Centre Henri Schmitz“ muss och renovéiert, respektiv a Konformitéit gesat ginn. Dofir sinn am Budget 500.000 Euro virgesinn.

Well de Sport net nëmme fir d‘Gesondheet gutt ass, mee och der Integratioun déngt, gëtt et ënner der neier Koalitioun zu Esch, fir d‘Veräiner méi Zouwennungen. D‘Subside fir d‘Sportveräiner klamme vu 55.000 op 110.000 Euro. Et sollen esou net eleng d‘Sportler, mee och déi vill Benevoller gefërdert ginn.

Esch ass och Kultur

Fir d‘Engagement vun der Stad Esch bei „europäesch Haaptstad 2022“ steet 2018 eng Millioun Euro am Budget. Aner kulturell Evenementer gi mat eppes iwwer 800.000 Euro ënnerstëtzt. An dann ass do och nach de neie Resistenzmusée, wou et um Freideg eng Besichtegung vum Chantier ginn huet. Insgesamt stinn am extraordinäre Budget fënnef Millioune fir d‘Kultur.

Fir de Kultus, also d‘Kierchen, behält een déi gewinnte Prozedur bäi. Zumindest bis datt dat neit Gesetz zum droe kënnt.

Related topics Budget, Esch-Uelzecht, Georges Mischo
Next post Previous post