Search

You may also like

D’Myriam Filali ass déi nei Generaldirektesch vu Rockids
Neiegkeeten

D’Myriam Filali ass déi nei Generaldirektesch vu Rockids

Rockids, de Betreiungsservice a Bildungsdéngscht fir Kanner vun 0 bis

GEWËNNSPILL 2020: 2 x 2 Ticketen fir SKIN WALKER erwaarden Iech!
Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2020: 2 x 2 Ticketen fir SKIN WALKER erwaarden Iech!

Scho ganz geschwënn feiert dem Christian Neuman säi Psycho-Thriller SKIN

#checkyourfacts: D‘Jugend viru falschen Noriichte schützen
Neiegkeeten

#checkyourfacts: D‘Jugend viru falschen Noriichte schützen

De leschte Mëttwoch huet den SNJ, vertrueden duerch de Chef

Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat

Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat

Et sollt um Freideg, mat enger klenger Ausnam, eng Gemengerotssëtzung ginn, déi sech duerch eng grouss Eestëmmegkeet ervirgedoen huet. Besonnesch bei de „grousse“ Punkten hätt een sech divergent Usiichten erwaart, déi huet et, an dat dierft den Escher Bierger freeën, awer net ginn.

An als éischte grousse Punkt op der Dagesuerdnung, stoung den Devis deen am Zesummenhang mat der Neigestaltung vun der Päischtkiermes ofzestëmme war. 170.000 Euro sollen opgewannt ginn, fir d‘Plaz an der Strooss Helene Buchholz technesch (Stroum, Waasser, Ofwaasser) esou auszestafféieren, datt een hei d‘Kiermes kann ofhalen.

Dat war dann och batter néideg: Wéi d‘Brillplaz ëmgebaut gi war, an do keng Foraine méi konnten hir Geschäfter opstellen, hat sech 2009 d‘Päischtkiermes an de Prënzeréng deels ënnert d‘Arcade vun der Eisebunnsbréck verfuusst. E „Provisorium“ dee sech etabléiert hat, bis dann d‘lescht Joer d‘Chaos ausgebrach war, an een op der Gemeng d‘Aen net méi konnt verschléissen.

Fir de Buergermeeschter Georges Mischo d‘Geleeënheet op d‘Problemer mam Verkéier zréckzekommen, déi um Dag wou de Chaos ausgebrach war och nach vun der Braderie verstäerkt goufen. Esch war gutt zwou Stonne laang Schachmatt gesat ginn, an dat ass eng Situatioun déi et esou net méi dierft ginn, ëmmerhi geet et och ëm d‘Sécherheet vun de Bierger.

Et kënnt ee sech „méi no“

Mam neie Projet, deen d‘Distanz tëscht de Kiermesplaze wiesentlech verkierzt, geet wuel d‘Wanderung duerch d‘Uelzechtstrooss verluer, wat bestëmmt deem engen oder anere Geschäftsmann Ulooss fir Kritik ka sinn. Anersäits dierften d‘Forainen an d‘Kiermesgänger sech iwwert déi Form freeën, zudeem et och nach méi Plaz gëtt.

Wat d‘Situatioun um Prënzeréng ubelaangt, esou dierft et besonnesch fir d‘Awunner hei e plus u Liewensqualitéit ginn. Manner Kaméidi, fléissende Verkéier an Zougang zu de Parkplazen ënnert den Arcaden. Och fir d‘Annexe vun der Brillschoul an de Conservatoire, gëtt et keng Sécherheetsbedenke méi, well hir Alentouren net méi mat de Camionen zougeparkt wäerte sinn.

Fir d‘Forainen déi aus dem Ausland kommen, a verständlecherweis an hire Mobilhome, respektiv Caravane, während der Dauer vun der Kiermes wunnen, ginn nach dräi „Arcade“ gebraucht. Dat mécht allerdéngs Sënn, ëmmerhin si schonn d‘Infrastrukturen op der Plaz. Eng gutt Koordinatioun vun der Plaz selwer, dréit dann och derzou bäi, datt kaum nach Parkraum verluer geet.

Nee, et gëtt keng „kleng Schueberfouer“

Dem Gebraddels, oder villméi der Rumeur, Esch wéilt sech mat der Päischtkiermes eng kléng Schueberfouer leeschten, kann op dëser Plaz de Zant gezu ginn. Och oder vläicht grad, well een als Escher sech gäre „bildlech“ ausdréckt, dat awer nëmme well ee mengt besser verstanen ze ginn. A well et der ëmmer gëtt déi mussen „dichteg“ sinn, entsteet dommt Geschwätz.

Richteg ass, datt Esch, elo wou d‘Päischtkiermes nei organiséiert gëtt, eng eppes méi grouss Kiermes wäert kréien. Et bleift awer d‘Kiermes vun den Escher, op déi een all Mënsch häerzlech aluet. An et soll d‘Kiermes fir jidderee ginn, ouni Grenzen, wou och eis Bierger mat spezifesche Besoine wëllkomm sinn a sech wuel solle fillen.

Praktesch zudeem, datt während der Kiermes déi jo awer 14 Deeg laang dauert, de Weekend iwwer de Passage tëscht der Stadhausplaz an der Kiermesplaz fir de Verkéier gespaart ka ginn. Fir zwee Deeg fält dann de Busarrêt Stadhausplaz ewech, an et muss een déi 300 Meter bis op d‘Gare op sech huelen, fir säi gewinnte Bus ze huelen. Dat sollt de Leit zouzemudde sinn.

Keen Afloss op d‘Ouschterkiermes

Well een och zu Esch net alles beienaner kann oder wëll veränneren, ass et wichteg drop hinzeweisen, datt d‘Ouschterkiermes och weiderhin op der Rempart-Plaz stattfënnt. Och déi ass ugesicht de Verkéier, vun deem et es wuel manner wéi um Prënzeréng gëtt, net méi zäitgeméiss. D‘Sécherheet ass, an dat gëtt vu kenger Säit bestridden, éischter „Suboptimal“.

Der Conseillère Taina Bofferding (LSAP) war et wichteg drun ze erënneren, datt de fréiere Verkéiersschäffen Henri Hinterscheid (LSAP) de Problem um Prënzeréng gläichermoossen erkannt hat, an déi sozialistesch Fraktioun déi „nei“ Plaz och esou virgeschloen hat. Hir ass et e Begier, datt déi nei Plaz dann och fir aner Manifestatioune soll Kënne genotzt ginn.

An deem Zesummenhang wëll si dann och wëssen, op eng Neiausriichtung vum Maart (méi grouss a méi Flott, mat enger zentraler Plaz déi vu Veräiner ka genotzt ginn) an d‘A gefaasst gëtt? Wéi stinn d‘Forainen an de Geschäftsverband dem Projet géinteniwwer? An wier et denkbar, datt Esch-Uelzecht op Dauer nëmmen nach eng Kiermes hätt?

Hätt een an de Kommissioune sollen diskutéieren

De Conseiller Marc Baum (déi lénk) stellt dréche fest, datt d‘Iddi där vum leschte Joer entsprécht an och esou an de Gemengewalkampf agefloss war. Wann d‘Fraktioun vun déi lénk elo awer eigentlech näischt géint de Projet huet, esou wëll se dann awer bedaueren, datt déi Neiausriichtung net an den zoustännege Kommissioune (Verkéier / Urbanismus) behandelt ginn ass.

An och déi lénk wëlle vum Buergermeeschter wëssen, op et Verännerungen och fir de Maart gëtt, de Geschäftsverband consultéiert ginn, wéi et ëm d‘Ouschterkiermes bestallt, an op eppes fir d‘Benelux-Plaz virgesinn ass? Dat interesséiert dann och den onofhängege Conseiller Dan Codello, deem et gläichermoossen net gefall huet, datt de Sujet net an de Kommissioune behandelt gouf.

De Buergermeeschter betount datt d‘Entscheedung aus Zäitgrënn vum Schäfferot, also der Koalitioun, getraff ginn ass. Bestätegt datt sech, wat de Maart ubelaangt, Gedanke gemaach gëtt. Eng „Delokalisatioun“ vun der Ouschterkiermes wier kuerzfristeg net virgesinn, mee och hei géif sech no Alternativen ëmgekuckt. Mam Geschäftsverband ACAI ass eng Entrevue virgesinn. Den Devis ass eestëmmeg ugeholl ginn.

PAG Wobrécken a PAP Portal Eent

De Schäffe Martin Kox (déi gréng) ass op zwee PAGen agaangen. Déi punktuell Modifikatioun vum PAG Wobrécken (2,4 Ha) ergëtt sech aus zwee groussherzogleche Reglementer vum 8. Mäerz 2017. U sech gëtt hei de PAG just ugepasst, an och eng Aarteschutzstudie muss nach duerchgefouert ginn. De Projet selwer, mat senger Primärschoul, Maison Relais, Sportsterrain a Park, bleift onberéiert.

Beim Urbanisatiounsprojet „Portal Eent“ (fréiere Sëtz vum Garage Losch) wou op 53,5 Ar 156 nei Wunnenge sollen entstoen huet et missen Amenagementer ginn. Déi bezéien sech op d‘Héicht vun de Gebaier dem Ofstand zur Strooss an e puer architektoneschen Detailer, déi kee markanten Afloss op den initiale Projet sollten hunn.

Hei begréisst d‘Taina Bofferding, datt et eng Biergerversammlung ginn huet, bei där de Projet diskutéiert ginn ass. D‘Conseillère géif et begréissen, wann de Schäfferot och bei zukünftege Projeten dëse Wee géif weidergoen. Si ass awer besuergt, wéi ëm d‘Parkplaze bestallt ass, well der jo awer hei vill verluer ginn? D‘Line Wies (déi lénk) wëll wëssen op am Projet sozial Wunnenge virgesi sinn.

De Martin Kox bestätegt datt tatsächlech Parkplaze wäerte verluer goen, woubäi d‘Spillplaz um „Stalingrad“ erhale bleift. De private Promoteur wier un eng „sozial Mixitéit“ gebonnen, an am Projet sinn och kommerziell Flächen integréiert. Béid Punkten sinn eestëmmeg ugeholl ginn.

Eng kleng Ännerung am Bautereglement

Wat eng enger éischter Entscheedung op d‘Quartiere Brill an Al Esch ausgeluecht war: „d‘Modifikatioune vun der Affektatioun fir Eefamilljenhaiser ass net méi méiglech, ausser vir Konstruktiounen déi entspriechend an de Pläng vun de Quartieren ausgewise sinn. Wat och fir d‘Bauplaz weiderhi gëllt, wann dat aalt Gebai ofgerappt ginn ass“, soll elo fir ganz Esch gëllen.

Domatter soll engersäits der Spekulatioun vu Promoteuren entgéintgewierkt ginn, anersäits verhënnert ginn, datt aus engem 120 Quadratmeter-Appartement, sechs Studioe gemaach ginn. Et soll zudeem dozou bäidroen, datt déi „Zëmmer“, déi aller Beschreiwung spotten, verschwannen an d‘Quartieren hir Homogenitéit erhalen

De Christian Weis (CSV) weist drop hin, datt den Amendement am Bautereglement och an der konservativer Fraktioun fir Diskussioun gesuergt huet, et awer zum Schluss komm ass, datt et zu enger bessere Gestaltung vun de Quartiere bäidréit. Et kéim een hei och besonnesch jonke Famillje mat Kanner entgéint, well (bezuelbar) Eefamilljenhaiser och am Zentrum erhale bleiwen.

Ee gesäit et anescht…

Wa bei der LSAP-Fraktioun, fir d‘Taina Bofferding d‘Ännerung vum Bautereglement Sënn mécht, esou ass dat fir de Conseiller a Parteikolleg Jean Tonnar net de Fall. Hien hätt zanter Joren eng aner Meenung, a weist drop hin, datt esou eng „kleng Ännerung eng grouss Wierkung“ mat sech bréngt. Hien ass dann och iwwerzeegt, datt dës Mesure d‘Leit aus Esch verdreift.

Mat der Verännerung déi hei virgeholl gëtt, wier et net méi méiglech, datt sech Crèchen, a liberal Beruffer an Esch kéinten néierloossen. Den Affekot, dee seng Etüd an engem Eefamilljenhaus oder Appartement huet (mee dat gëllt och fir medezinesch Beruffer) hätt nu emol keng Auswäichméiglechkeeten.

Als Beispill gëtt d‘Mousset-Haus ugefouert, wou de Kultur-Service doheem ass, mee och d‘Bibliothéik. Déi Servicer géifen dem Bautereglement och net méi gerecht (An do gëtt et nach vill Beispiller N.v.d.R.). De Conseiller betount: „Dir huelt iech selwer d‘Méiglechkeet engem d‘Chance ze ginn sech zu Esch ze etabléieren“.

Keng Hysterie wann ech gelift

D‘Interventioun vum LSAP-Conseiller animéiert de Marc Baum zu der Feststellung: „No den Ausféierunge vum Tonnar, versteet ee firwat d‘LSAP net méi am Schäfferot sëtzt“. Fir de Conseiller vun déi lénk ass dann och dat bescht Mëttel géint Hysterie, e Bléck op d‘Geschicht. 2004 ware Mesure geholl ginn, fir den „Schlofhändler“ am Quartier Brill de Zant ze zéien.

An déi lénk, déi zu där Zäit nach am Schäfferot gesiess sinn, hunn sech mat hirem „Nee zum Getto“ bewosst a konsequent fir genee dee Passus am Bautereglement agesat, deen elo fir ganz Esch ugewannt gëtt. De Marc Baum géif et dann awer interesséieren, wéi et der Gemeng soll méiglech sinn festzestelle, datt d‘Präisser sech stabiliséiert hätten?

Wat déi „liberal Beruffer“ betrëfft, déi wéi et schéngt eng Virléift fir Eefamilljenhaiser oder Appartementer sollen hunn, esou stellt de Marc Baum aus der Oppositioun eraus fest, datt engersäits keen aus sengem bestoende Vertrag gejot wäert ginn, anersäits vill Bauprojeten am entstoe sinn, wou fir déi Beruffer kommerziell Raimlechkeete virgesi sinn.

Mat eegenen Ae constatéiert

An och déi fréier Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP) erënnert drun, datt si 2004 mat „on Tour“ an deenen Etablissementer, déi virzuchsweis Caféë waren, gaange war, an si zu de Mesure déi deemools getraff ginn ass och haut nach steet. Si weist da mat engem gudden Argument drop hin, datt et richteg war: „… et muss ee sech just ukucke wéi vill Nimm op verschidde Bréifkëschte stinn“.

De Schäffe Pim Knaff (DP) – deen och am zivil Affekot ass – weist drop hin, datt sech d‘Gemeng mat dëser Mesure ville juristeschen Ausenanersetzungen aussetzt. Et schéngt awer keng Kritik gewiescht ze sinn, well och hien dësem Amendement zoustëmmt.

Fir de Buergermeeschter ass d‘Entscheedung, nodeems hie selwer e sëllechen Dossieren huet misse consultéieren, déi eenzeg richteg. Wat him do fir Demanden zu Ae komm sinn, muss onbeschreiflech sinn… Hien stellt awer och fest, datt dat wat de Conseiller Jean Tonnar als Argument uféiert net zoutreffend ass, a kee Verjot gëtt. Fir déi wou „nei“ bäikommen, géif sech unhand der Stadentwécklung och bestëmmt eng Plaz fanne loossen.

Den Amendement vum Bautereglement, gëtt mat enger eenzeger Géigestëmm ugeholl. An dann nach d‘Tax déi ee bezuele muss, wann een op eng ëffentlech Toilette geet. Déi ass op 50 Cent festgeluecht ginn, wat dem Line Weis net ka gefale, well een d‘Leit quasi „incitéiert“ an der Ëffentlechkeet ze pissen. Mat den zwou Géigestëmme vun déi lénk ass d‘Tax dann awer ugeholl ginn.

All weider Punkten, dorënner den Akaf vun engem Minibus (Bensinner)fir de Schäfferot, sinn eestëmmeg ugeholl ginn. Hale mer nach kuerz fest, datt während der Sëtzung e sëllechen Dokumenter un d‘Conseillere verdeelt goufen, et eis (an de Kollege vun der Zeitung) net ersiichtlech ass, firwat eis déi „Informatiounen“ virenthale goufen.

Related topics Bautereglement, Esch-Uelzecht, Päischtkiermes, Urbanismus
Next post Previous post