Search

You may also like

Hefteg Stierm iwwer Alabama a Louisiana
Neiegkeeten WTF

Hefteg Stierm iwwer Alabama a Louisiana

An de südlechen US-Bundesstaaten Alabama a Louisiana si bei den

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall
Neiegkeeten WTF

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall

Aus roude Steng ass se gebaut, mat Begeeschterung gëtt et

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen
Neiegkeeten WTF

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen

Am Dateskandal ronderëm Facebook, deen duerch Cambridge Analytica ausgeléist ginn

surprise

Esch Uelzecht: Aktuelle Schoulsystem vergréissert d’Ongläichheet

Esch Uelzecht: Aktuelle Schoulsystem vergréissert d’Ongläichheet

Déi Lénk hunn ee Mangel an der aktueller Schoulpolitik vun der Staat Esch erkannt a schloen Mesuren zur Verbesserung vun der Situatioun fir. Bis an d’1950er Jore ass fir bal all Quartier eng Schoul gebaut ginn, déi un de Bevëlkerungswuesstem ugepasst war. Dat ännert sech 1954. Tëscht 1954 an 2006 ass keng eng néi Schoul zou Esch gebaut ginn.

Déi Lénk werfen der rout/grénger Féierung vir grouss Feeler a der Schoulpolitik gemaach ze hunn, bei deene se vun der CSV ënnerstëtzt gi sinn. De Problem deen d’Partei bei den Escher Schoule gesäit ass, datt et net genuch Infrastrukture gëtt fir d’ Schüler opzefänken. D’Schoule si iwwerfëllt. An d’Brill Schoul gi 781 Kanner, datt si am ganzen 55 Klassen.

Optimal si bis zu 450 Kanner. Wann des Unzuel vu Kanner iwwerschratt gëtt schwätzt een och vun enger inhumaner Schoul. Véier vun aacht Schoule zu Esch erfëlle de Critère fir als inhuman Schoul Schoul ze gëllen.

Déi schoulesch Leeschtunge vun den Escher Schüler duerch d’Situatioun beanträchtegt

“Nëmmen” 19% vu de Schoulkanner komme nom sechste Schouljoer an de Lycée Classique. Landeswäit ginn der awer 36,7% an ee klassesche Lycée orientéiert. 21% vu den Escher Schüler fannen sech an enger “Modulaire” Klasse erëm. Am Rescht vum Land ginn 15% vu dënne Jonken dohinner orientéiert. Dat heescht en Drëttel vun den Escher Kanner geet weder an den Technique nach an de Classique, mee an de “Régime préparatoire”.

De Schäfferot un der Schoulpolitik gescheitert

2011 ass ee Koalitiounsofkommes geschloss ginn a deem beschloss ginn ass, datt dräi néi Schoulen zu Esch solle gebaut ginn (Zentrum, Neiduerf an Hiel). Bis haut ass keng eng dovunner gebaut ginn obwuel de Budget et wahrscheinlech zugelooss hätt. Am Plaz vun deene néie Schoule huet een ouni Plang Klassenzëmmer erriicht an dem een Annexe bei aner Schoule bäi gebaut huet. Ëmmer erëm huet de Schäfferot no Excuse gesicht firwat, déi Schoule net konnte gebaut ginn. An der Hiel war e Promoteur Schold. Am Zentrum ass de Staat Schold, well e säin Gebai net wollt hir gi, wat awer ze erwaarde war.

Net nëmmen an de Schoulen ginn et Problemer

Och an de Maison Relais gëtt et net genuch Plaze fir all Kand, dat op enger Waardelëscht steet, ënnerzebréngen. 34% vun de Kanner déi an d’Schoul gi kréien eng Plaz an enger Maison Relais. De reelle Besoin läit awer bei 60%. Dat heescht awer ganz konkret dat 1.122 Kanner eng Plaz an enger Maison Relais hunn, mee 1077 Kanner nach ëmmer op eng Plaz waarden. Wann een déi dräi Schoule wéi versprach gebaut hätt, dann hätt en eng Maison Relais integréiere kennen.

Foto: Esch Uelzecht, Primärschoul Grand-Rue (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Related topics déi lénk, Esch/Uelzecht, Schoulpolitik
Next post Previous post