Search

You may also like

Dossier Traversini: déi Onvermeidlech Fuerderung
Neiegkeeten

Dossier Traversini: déi Onvermeidlech Fuerderung

An der Ëmweltkommissioun war et den CSV-Deputéierten net méiglech all

Verontreiung beim SNJ: Plainte géint e Kollaborateur
Neiegkeeten

Verontreiung beim SNJ: Plainte géint e Kollaborateur

Beim Service National de la Jeunesse (SNJ) geet een elo

Streik bei Ryanair: 600 Flich gi gestrach, 100.000 Passagéier si betraff
Neiegkeeten

Streik bei Ryanair: 600 Flich gi gestrach, 100.000 Passagéier si betraff

Déi iresch „low-cost“ Fluchgesellschaft Ryanair huet gëschter misse bekannt ginn,

Esch-Uelzecht: Rabbelkapp geet mat Messer op Poliziste lass

Esch-Uelzecht: Rabbelkapp geet mat Messer op Poliziste lass

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg ass der Police um 1 Auer e Mann an der Nelson Mandela Strooss gemellt ginn, deen zimlech schëtzeg e Lokal verlooss huet, fir uschléissend mat engem Messer am Grapp randaléierend duerch d‘Gas ze zéien.

D‘Police huet sech op de Wee gemaach an d‘Beamten hunn de Rabbelkapp an der Géigend vum Bistro lokaliséieren, wou hie sech de Batti gestallt hat. Wéi dësen d‘Zankerten erbléckt huet, ass hien op si duergaangen a huet bedreelech mam Messer gefuchtelt.

A well dësen ongemittleche Personnage sech als „Berodungsresistent“ erwisen huet, an dat topegt messer dann och net aus der Hand wollt ginn, hunn d‘Beamte gezwongenermoosse missen zum Pefferspray gräife fir dem Rabbelkapp Här a Meeschter ze ginn.

Wéi si de Mann dunn endlech entwaffent an immobiliséiert haten, ass et op d‘Kommissariat gaangen, wou de ganze Virfall huet missen zu Protokoll geholl ginn. Och de Procureur muss an esou engem Fall ageschalt ginn. Deen huet Passagearrest ueguerdent.

Illustratioun: Pixabay

Related topics Esch-Uelzecht, Messer, Passagearrest, Police, Rabbelkapp
Next post Previous post