Search

You may also like

Stad Lëtzebuerg: d‘Sportwochen 2020
Kultur Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: d‘Sportwochen 2020

Datt d‘Krapperten an Knetzelen aus der Haaptstad gäre sportlech ënnerwee

Muechtkampf am Venezuela: E puer Fakten?
Kultur Neiegkeeten

Muechtkampf am Venezuela: E puer Fakten?

Wéi et Enn Februar op der Grenz tëscht Kolumbien a

What the Fakt – Post verschécke per Pony Express?
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Post verschécke per Pony Express?

D’Iddi vum Pony-Express huet eraus gestach duerch Schnellegkeet an eng

ESCH2022 geet am Hierscht un de Start

Well engem Zäit ëmmer duerch d‘Fangere gerënnt gëtt et ab September eppes Aktivitéite fir den interesséierte Public

ESCH2022 geet am Hierscht un de Start

ESCH2022 huet sech virgeholl an der europäesche Kulturhaaptstadregioun Akzenter, an zwar därer déi nohalteg sinn, ze setzen. Dofir ginn d‘Bewunner vun der Grenzregioun agelueden, Deel vun der offizieller Erëffnung ze sinn an dës esouguer matzegestalten.

Bei der Virstellung zu Beetebuerg, huet d‘Patronne vun der europäescher Kulturhaaptstad ESCH2022, Nancy Braun, nach emol betount, datt e gewëllt ass eng kreativ Energie fräizesetzen, wat awer nëmme méiglech ass, wa sech och d‘Bierger aus der Kulturhaaptstadregioun, déi lokal Acteuren an d‘Gäscht aus aller Welt aktiv abanne loossen. Participatioun ass jo och flott.

Den Optakt soll de 24. September an der Kierch zu Diddeleng mat engem Uergel-Concert, Atelieren a Podiumsdiskussioune realiséiert ginn. Zu dësem Zweck si vill Experten ageluede ginn an et heescht datt jidderee kann Deel vum Dialog sinn. Bei den Ateliere geet et nieft Kultur ëm esou Saache wéi kënschtlech Intelligenz an urban Landwirtschaft. Si fanne grenziwwerschreidend statt.

Flott och, datt de Public an dëser Phas d‘Geleeënheet soll hunn, sech ee Bild vu allem wat sech esou an de Kulisse vun ESCH2022 deet. Déi Jonk sollen och net ze kuerz kommen. Well Lëtzebuerg net nëmmen – mam Supercomputer – eng féierend Natioun am Digitalen ass, mee natierlech ee Pionéier vun der Weltraumfuerschung an dem Notze vun de Weltraumressource wëll sinn, gëtt gefërdert.

Ënnert dem Patronnage vum Educatiounsminister an dem Rektor vun der Academie du Grand Est, dem matwierke vun der Lëtzebuerger Weltraumagence (LSA) an dem Wëssenschaftszenter (LSC) gi Schoule vun de ProSud– a CCPHVA Gemengen agelueden un engem Molconcours: „Iddie vun der Jugend fir d‘Zukunft vun der Raumfaart“ deelzehuelen. (Start 16. September / 6-12 Joer)

Ënnert der Bezeechnung „Future Frequencies“ organiséieren de Frank Wiedemann an de Matthew Herbert eng Rei Atelieren déi sech der kënschtlerescher Zesummenaarbecht widmen. Wat hei als musikalesch Kreatioun vun de Participanten zesummegeneelt gëtt, wäert engem bei der offizieller Ouverture ëm d‘Ouere geschloe ginn. Dat kléngt net nëmmen interessant, mee ass och spannend.

Natierlech ass dëst kulturellt Virspill zum Kulturhaaptstadjoer 2022 – aus Grënn – mat der „Remix-Gemeinschaft“ verknäppt. Hannert dem Virwand vun der „aktiver Deelnam“ an der Erklärung datt déi lokal Bevëlkerung dat bescht Sproochrouer fir en oppenen an dynamesche Liewensraum sinn, ginn dann nach Fräiwëlleger gesicht, fir eng Hand unzepaken an den Event zum Erfolleg ze féieren.

Foto: © Esch202/RemixCulture

Related topics Benevolat, Esch2022, Kultur, OPtakt, Politik, Prelude, Wëssenschaft
Next post Previous post