Search

You may also like

Buchpresentatioun vum Chris Carter sengem „Bluthölle“
Kultur Neiegkeeten Stories

Buchpresentatioun vum Chris Carter sengem „Bluthölle“

Schonn am emotionale Virwuert erkläert den Auteur Chris Carter, datt

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll
Kultur Neiegkeeten Stories

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll

Mam Slogan „La Santé en Lutte“ huet et ee Sonndeg

Mécht Fage International S.A. ee Réckzéier?
Kultur Neiegkeeten Stories

Mécht Fage International S.A. ee Réckzéier?

Laut de Kollege vu Bertelsmann/RTL soll sech Fage International S.A.

Esch2022: et huet näischt wat et net gëtt

En Erfarungsbericht, sécher perséinlech, mee et huet och soss Interessantes zur (Iess)Kultur

Esch2022: et huet näischt wat et net gëtt

Op engem müssege Spadséiergang duerch d’Uelzechtstrooss ass mir gëschter eng kleng Roulotte opgefall. Ech hu weider näischt op se ginn, bis eng jonk Dame, déi do virdrunner stoung, mir aluedend zougewonk huet.

Well ech mir awer ageriet hunn ech hätt net vill Zäit, hunn ech zur Äntwert bedauernd op meng Auer um Handgelenk gewisen a si weider gaangen. Iergendwéi wollt déi kleng Roulotte mir awer keng Rou loossen. Si muss Deel vun enger ëffentlecher Veranstaltung gewiescht sinn. Ech hu mech fir en Tour ronderëm de Block entscheet, Zäit genuch fir mech ze besënnen, ob ech net dach awer sollt luusse goe, wat et mat där Saach op sech hätt.

Schlussendlech sinn ech erem no e puer Minutte virun der Schoul gelant an hu mir Mutt gemaach fir op déi mir onbekannte Persoun zouzegoen, déi offensichtlech jo nëmme beabsichtegt hat mir eppes am Zesummenhang mat der Roulotte matzedeelen. No frëndlechem Empfang a kuerzer Erkundung mengersäits sinn ech do gewuer ginn, datt et sech hei em eng Attraktioun am Kader vum Kulturjoer 2022 handelt, fir dat Esch am kommende Joer zur Europäescher Kulturhaaptstad bestëmmt gouf.

Bescheiden ënnert der Benennung „Expérience Marcel“, wéi et op der Affiche virun der Roulotte ze liese war, ass et hei em eng kulinaresch Experienz gaange, bei där e Kandidat mat Hëllef vun engem spezifesch opgestallte Questionnaire mëttels Suggestiounskraaft an eng imaginär Welt géif transportéiert gi wou et dann em Gedanken an Erënnerungen a Verbindung mat kulinareschen Erliefnisser sollt goen.

De Numm vun der Virstellung bezitt sech op den Auteur Marcel Proust a séngem Haaptwierk „À la Recherche du Temps Perdu“, dat sech tëscht 1906 an 1922 entwéckelt huet. Am éischten Deel vun der weltberümter, romanesker Rei gëtt eng Episod beschriwwen, an där dem Protagonist eng sonnerlech Entréckung zudeel gëtt. Zu engem bestëmmten Zäitpunkt bitt seng Mamm him eng Taass Téi a Madeleinen un. Urplëtzlech erwächen d’Grimmele vum Gebäck zesumme mam Téi laang vergiessen Erënnerungen an him mat alle méiglechen Detailer an hirer origineller Frëscht…

Esch2022

Et handelt sech hei em e bekannte Phänomen deen ënnert dem symbolësche Numm „La Madeleine de Proust“ bekannt ginn ass an deen e kognitive Prozess duerstellt dee kann duerch all méiglech sensoriell Impulser ausgeléist ginn an Erënnerungen am Zesummenhang mat enger spezifescher „Sinneswahrnehmung“ un d’Uewerfläch vum Bewosstsinn triede loossen.

Inspiréiert un deem Phänomen huet d’Ekipp vun der Expérience Marcel also hire Froebou opgestallt. Dee feinen Här deen d’Erfarung uleet a begleet huet mech do no kuerzer Presentatioun ageluede fir mech mat him an der Bequemlechkeet vun der klenger Roulotte a gemitterlecher Atmosphär un en Dësch ze sëtzen. Fräi vu Virurteeler konnt ech meng ganz Opmierksamkeet dunn der Experienz widmen a mech der éischter Fro zouwennen.

Wat mir am Ufank eppes wéi eng formell Übung virkomm ass huet mech do lues a lues an engem mysteriéise Rhythmus zur Schwell vun enger eegenaarteger Gedankewelt verfracht. D’Froen hu sech an éischter Instanz em d‘Schilderung vu verschiddene Bekëstegunge gedréit a sollte mat der Zäit hiren Héichpunkt an den Evocatiounen, déi dës Gerichter a mir provozéiere géifen, erreechen.

Bis dohinner awer ass et em simpel Beschreiwunge vun, op den éischte Bléck, einfachen Andréck wärend engem kulinareschen Evenement gaangen: d’Virbereedung vun engem Plat, de Moment vum Genéissen, d‘Convivialitéit asw… Aus eigentlech komplett banal umuddende Froen aus dem Questionnaire huet sech awer lues a lues eng Kraaft zesummegewierbelt déi bewierkt huet, datt sech a mir kloer Erënnerungsstrukture gebilt hunn.

Esou huet sech beispillsweis bei der Fro no engem Liiblingsgericht aus enger Polenta mat Tomatenzooss eng konterbont Erliefneswelt aus menger Kandheet erausgeschielt déi bevëlkert war vu menge Grousselteren zu hirer beschter Zäit, mengem Brudder mat sengem Kannergesiicht a menge bluttjonken Eltere wéi mir zu bestëmmter Zäit a Geleeënheet op traditioneller Feier an der Hiehl bei Boma a Bopa am Appartement un engem wonnerbar bestallten Iessdesch zesummegesiess hunn.

Alles huet sech zum grousse Moment vum Mëttegiessen zougespëtzt: de stonnelaang undauernde Genoss vun doftende Gewürzer a frësche Kraider, déi sech lues a lues an der Zooss opgeléist hunn um Hannergrond vu léifgewonnene Gesiichter a Gesiichtsausdréck, der Eegenaart vun erquickleche Laachgeräischer a steeteg ertéinender südlännescher Mondaart…

Aus engem onvirstellbaren Duerchenaner vu begléckenden Erënnerungen aus wonnerbare Sënneserliefnësser hat des Weideren awer eng Schneekegkeet e ganz besonnesche Stellewäert: de Marzipan deen emol am Joer nëmmen zur Geleeënheet vun dësem hellege Fest aus der Leidenschaft an eenzegaarteger Léift vu menger Groussmamm gezaubert gouf.

De Marzipan war et dee sech bei der Aventure an der klenger Roulotte als d’Kréinung vu menger ënnerer Rees erwisen huet. Plëtzlech konnt ech an där onscheinbarer Spezialitéit aus Mandelmiel eng grousszügeg Gab a besäenftegend Lektioun an Erzéiung, Liewenshaltung a bedéngungsloser Higab erkenne wéi se sech menger Gesënnung bis dohinner nach ni gebueden hat. Ech konnt mir elo Ausmooss an déifgräifend Wierksamkeet vun enger generatiounsiwwergräifender, kulinarescher Gewantheet an Traditioun aus deem seelene Genoss vum alljäerleche Marzipan deiten.

An deem Kärstéck vun enger op spilleresch Aart a Weis eropbeschwuerener Erënnerungswelt ass aus engem Leif Marzipan op eemol eng existenziell Gläichung op mënschlech Wäerter a Wäertschätzung ginn… Déi Rees mat der Proustscher Madeleine als Vehikel gouf mir letztendlech zur Liewenslektioun gereecht andeems se mech un d’Kostbarkeet vun engem Liewensmëttel erënnert huet, aus deem sech nieft senger nährender – an dësem Fall virun allem liewensverséissender – Funktioun vill méi nach eng Schatzkummer vu spiritueller Valeur, Perséinlechkeet, Gemeinschaftsgeescht an existenzieller Ënnerweisung erschléisse loosse kann.

Eng kleng, gemuele Mandel… Wien hätt geduecht, datt ënnert hier sech eng ganz Liewens- an Eegenaart verstopper kéint?…

Wourëms et geet

De Konzept vun der Expérience Marcel baséiert op enger Iddi vun der franséischer Gesellschaft „Mirelaridaine“ (www.mirelaridaine.fr) déi am Joer 2016 gegrënnt ginn ass. An hirem Konzept dréit et sech wesentlech drëms, ee kënschtleresche Kader ronderëm eng dausendjäreg Kultur vun der Moolzecht ze kreéieren an op spilleresch Aart nozevollzéie wéi dës Kultur mat hirem Urprinzip grenziwwerschreidend d’Mënschen dozou gefouert huet Momenter vu Verbonnenheet a Gemeinsamkeet ze erliewen.

D’Attraktioun em déi et hei geet huet sech iwwer d’Joren awer net exklusiv ënnert där uewe geschëlderter Form presentéiert. D’Iddi u sech huet hir éischt Schrëtt am Flow vun der oppener Strooss an direkte Kontakt erlieft. D’Variant vum ofgegrenzte Raum an enger Roulotte ass eréischt méi spéit an de Konzept agesponne ginn.

De Projet Expérience Marcel huet also mat der Zäit verschidde Mutatiounen duerchgemaach. Sou ass een zum Beispill eng Zäit laang op Leit zougaange mat der Propose vun engem Treffe bei hinnen doheem, woubäi et da méiglech war am Komfort vun den eegene véier Wänn en Temoignage zum Beschten ze ginn. All déi verschidde Presentatiounsformen hunn um Enn d’Absicht als gemeinsamen Nenner eng virtuell Datebank fir de Public opzebauen.

Eng vun den Haaptambitiounen heibäi ass et also e biergerfrëndleche, virtuellen Archiv dee fir d’Effentlechkeet bestëmmt ass aus de Memoire vun de Bierger selwer ze konzipéieren. Dës Datebank kéint zäitiwwerdauernd zu alle méiglechen Zwecker consultéiert ginn. Natierlech steet dat Ganzt och ënnert dem Schutz vun der Anonymitéit.

D’Originalitéit vun der Experienz geet aus genau deem beschriwwene, liewegen Aspekt vun den Temoignagen ervir déi een eppes méi intiimt an ergänzend Erliefnis bei der Consultatioun vu Kulturwëssenschaft erméiglechen. En Deel vun ongeschminkter Mënschlechkeet wéi se eemol duerch d’Spontaneitéit vu Schilderungen aus intiimster Sphär opgezeechent gouf. Et ass genau déi Konstellatioun, déi dem Projet och letztendlech eng muttmaasslech wäertvoll historiographesch a soziologesch Nout verpasst mam Nieweneffekt vun der kultureller Beräicherung a Reminiszenz fir kommend Generatiounen.

Bis dohinner ass a bleift den Haaptundriff hannert der Iddi awer den onmëttelbare Lien deen sech mat Hëllef vun enger kosmopolitescher a philosophescher Approche tëscht dem Proustschen Avatar an dem Zäitgenosse verwierklecht.

Generell – an ech war net d’Ausnam – hunn sech d’Reaktioune vun de Leit erwisenermoosse bis ewell mat enger gewëssener Retizenz géintiwwer dem spontanen Aspekt vun der Saach ausgezeechent, an dat gläichgülteg esouwuel hei ewéi och am Ausland. Séier awer fillt een sech wuel an der heemlecher Atmosphär vun der Roulotte an net zulescht duerch déi ongetrübte, jovial

Haltung vum frëndlechen a grousszügege Gastgeber. D’Roulotte soll et ausserdeem erlabe genuch Fräiraum fir d’Entwécklung vun enger bestëmmter Mooss un Opnamfäegkeet ze bidden. Éischt Rapprochementsversich huet de Projet zu Tanger am Marokko gewot an iwwer en Zäitraum vun elo bal fënnef Joere konnte schonn eng gutt Rei un Temoignagen aus der Populatioun vu sämtleche Länner duerch déi eenzegaarteg Method kollektionéiert ginn.

D‘Direktesch vum Projet, zu Rennes am Frankräich gebuer wou de Konzept dann och entstoe konnt, huet sech réckbléckend op hier Kandheet als eng eppes “reservéiert” Persoun beschriwwen, déi den Drang iergendwann wärend der Jugend verspuert huet, sech iwwer de Wee vun der Konscht en Instrument ze ergatteren dat den Zweck, hier Gefills- a Gedankewelt zum Liicht an Ausdrock ze geleeden, sollt erfëllen.

Si selwer huet Beaux-Arts studéiert a sech uschléissend fir den Erwerb vun engem BEP (Brevet d’Etudes Professionnelles) an der Gastronomie entscheet, well hier zu engem bestëmmten Zäitpunkt déi kulturell an existenziell Wichtegkeet vum Kult ronderëm d’Moolzecht, wéi e sech weltwäit iwwert d’Joerdausenden entwéckelt a konservéiert huet, bewosst ginn ass.

Eng vun de gréissten Ambitioune vum Projet – nieft dem Europäesche Kulturjoer – ziilt op Veranstaltunge vu gréisserer Envergure am Dekor vun engem kënschtleresche Kader, mat der Bedeelegung vu Schauspiller an dem Bäiträg vun Akteuren aus diverse kënschtleresche Milieuen, of. Dës Ausleeung vum Projet nennt sech houfreg „Banquet des Utopies“.

Weiderhin agéiert déi franséisch Gesellschaft an enker Kollaboratioun mat UNI.LU mat där si besoten Temoignagen deelt ënnert der Zilsetzung vun der Elaboratioun vun enger “Histoire Publique” (https://www.c2dh.uni.lu/fr/research-areas/histoire-publique)

vum Cyril, de Kulturreporter

Foto: © Cyril de Kulturreporter / moien.lu

Related topics Brillschoul, Esch2022, Experience Marcel, Kultur, Roulotte
Next post Previous post