Search

You may also like

What the Fakt – Dat vegetarescht Duerf EDEN zu Berlin!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Dat vegetarescht Duerf EDEN zu Berlin!

Um 28. Mee 1893 hunn 18 Persounen déi sougenannt „Vegetaresch

Géint de Vertrag Verstouss
Kultur Neiegkeeten

Géint de Vertrag Verstouss

Ee Spriecher vun der europäescher Exekutiv huet ee Méindeg matgedeelt,

Amerika an Trauer nom Dout vum Barbara Bush
Kultur Neiegkeeten

Amerika an Trauer nom Dout vum Barbara Bush

Si war d‘Fra vun engem US-President an d‘Mamm vun engem

Si hunn do emol eppes opgeriicht

Ekipp vun Esch2022 kritt d‘Schlëssele vum neien Etat-Major um Belval iwwerreecht

Si hunn do emol eppes opgeriicht

An engem Joer soll Esch – zesumme mat Partnergemengen an der Groussregioun – Kulturhaaptstad sinn. Zanter laangem gëtt sech virbereet, vill Projete gouf et schonn a wäert och nach als Virschau ginn. E Freideg huet d‘Ekipp vun Esch2022 dann och d‘Schlësselen zu hirem neien Etat-Major um Belval iwwerreecht kritt.

D‘Wieder um Freideg war wéi déi allgemeng Covid19-Situatioun: net zefriddestellend, mee dat alles ass jo bekanntlech och kee Wonschconcert. Dofir hunn d‘Organisateure vun dësem grousse symboleschen Akt (Fonds Belval) an d‘Intervenanten (Minister fir ëffentlech Bauten, François Bausch an d‘Kulturministesch, Sam Tanson) wéi och de Beneficiaire (Esch2022) geglënnert.

Esch2022D‘Kulturministesch, déi kuerz virdrun de Schlëssel vum François Bausch iwwerreecht krut, reecht dësen un d‘Cheffin vun Esch2022, Nancy Braun weider. © Martine de Lagardère/moien.lu

Beim Haaptquartéier vun der Kulturhaaptstad, handelt et sech ëm eng modulär Bauweis, firwat dat ganzt zimmlech zackeg an och an den Delaien opgeriicht konnt ginn. An dëser Struktur kommen ënnerdaach: d‘Direktioun an d‘Personal vun der Esch2022 Asbl. D‘Raimlechkeete kënne bis zu 36 Mataarbechter ophuelen, dat op enger Notzfläch vu ronn 660 M². All d‘Servicer sinn zesummen.

Et gouf vill un d‘Ëmwelt geduecht – an d‘Gebai soll dat och ervirhiewen – firwat um Dach an op der Südfassad Solarzellen installéiert goufen. Dat soll bis zu 45% vum Energiebedarf decken, esou d‘Berechnungen. An Zuelen: hei ginn 11 Tonne CO² agespuert. Bedenkt een d‘Fläch an déi vill Optiounen zugonschte Klimaschutz, ass de Präis vu 4,8 Milliounen Euro (ttc) ganz uerdentlech.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Esch2022, Etat-Major, Fonds Belval, François Bausch, Nancy Braun, Sam Tanson
Next post Previous post