Search

You may also like

Accelerator-Pilotprojet: 314 Milliounen Euro zur Bekämpfung vum Virus
Kultur Neiegkeeten

Accelerator-Pilotprojet: 314 Milliounen Euro zur Bekämpfung vum Virus

D’EU-Kommissioun huet gëschter ugekënnegt datt si 36 Entreprisen, déi zur

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau
Kultur Neiegkeeten

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau

De ländlechen ëffentleche Verkéier (RGTR) gëtt bekanntlech net nëmme vum

E Buch esou wäertvoll wéi eis Ëmwelt
Kultur Neiegkeeten

E Buch esou wäertvoll wéi eis Ëmwelt

Mat „Auf Spurensuche“ ass um Mëttwoch am Haus vun der

Esch2022: E Bléck an de Programm fir Kanner a Jugendlecher

Esch2022: E Bléck an de Programm fir Kanner a Jugendlecher

Am Kader vun Esch2022 sollen zuelräich Projeten den Interessi un eiser Heemecht stäerken. Et sinn der ongeféier 140 Stéck geplangt, dobäi soll d’Hallschent dovunner fir Kanner a Jugendlecher sinn. Fir all Alter gëtt et Ënnerschiddleches ze entdecken. Elo goufen e puer vun dëse Projete virgestallt – 3 perséinlech an 3 wärend engem Videointerview.

All Projet bitt de Schüler*innen d’Geleeënheet Lëtzebuerg, d’Regioun Esch, sou wéi seng Vergaangenheet an d’Geschichte besser an nei kennenzeléieren. Dobäi kritt e souguer d’Méiglechkeet de Projet selwer matzegestalten, an dat grenziwwerschreidend. Duerch dës aktiv Mataarbecht kënne Kanner a Jugendlecher sech wärend enger kënschtlerescher Tätegkeet entfalen an an enger gemittlecher Atmosphär Kanner aus dem Nopeschland kenneléieren.

Dozou seet d’Delphine Harmant, Project-Manager vun der Kulturfabrik: „Mir wëlle mat eisem Programm den Interessi vun de Kanner a Jugendleche fir hier Heemecht stäerken. Wat Kanner méi fréi mat Kultur a Beréierung kommen – zesumme mat der Famill, mat Frënn, a Gruppen – wat besser.“ Dobäi ass et wichteg ze ënnersträichen, datt si d’Kanner net als Zilgrupp gesinn, mee se an déi aner integréiere wëllen.

An der Schungfabrik gouf den 29. Abrëll och nach en Deel vum neie Projet „Den neie Mineur“ virgestallt. Zesumme mat SCRIPT an dem Zentrum fir politesch Bildung, hunn Kanner e Graphic Novel entwéckelt. Am Fokus ass dem Jean Schortgen säi Liewen, woubäi d’Bedeitung vu Geschicht an Zukunft thematiséiert soll ginn. De Jean Schortgen war net nëmmen Deputéierten zu Lëtzebuerg, als echte Minettsdapp ass hie senger Aarbecht als Minnenaarbechter nogaangen.

An engem weidere Projet, deen sech u jonk Mënsche riicht(Mix-Up), ginn 120 Schüler a 4 ënnerschiddleche Schoulen op eng theatralesch Rees geschéckt. An dat an Tandem. Dës Theaterform entdecken d’Schüler an hirer Schoul fir sech, dono huelen si un enger Übung – mat de Schauspiller vun der Show deel.

Den Troupe Avenir bitt de Schüler ouni Theatererfarung d’Méiglechkeet un enger Show matzeschaffen un. Dofir ginn si wärend 4 Méint zu de Prouwe vun de Kënschtler begleet.

De Projet Déi Well danzen am Bësch riicht sech un d’Schüler aus dem Fondamental vu Péiteng, Déifferdeng an aner Gemengen. Si bréngen dobäi Gedanken an Iddien an. Déi verschidde Kulture gi berécksiichtegt. D’Stéck mécht de Bësch den 9. an 10 Juli 2022 zu enger magescher Bün – och wann d’Virbereedung am Klassenzëmmer ufänkt.

Marionnettes sauvages ass een internationaale Poppentheater-Festival. Am September 2021 bidden d’Initiatore Poppespënnchen a.s.b.l. d’Méiglechkeet aner Länner sou wéi hier Kulturen kennenzeléieren. Interessant ass, datt d’Stécker ouni Sprooch opgefouert ginn, Grenzen a Verständnisproblemer ginn iwwerwonnen.

De Minett nei erzielt

De Projet E roude Fuedem duerch de roude Buedem vereent 6 lëtzebuergesch Pro-Sud-Gemengen. Dobäi kréie sechs al Geschichten a Legenden aus dem Süden en neie Bléckwénkel. Mat weibleche Charaktere gëtt d’Geschicht nei erzielt.

En neie Legendepfad entsteet – an ënnerschiddleche Parcourse kënne Kleng a Grouss al Geschichten erliewen. Den éischte Parcours wäert an e puer Sproochen disponibel sinn, e fënnt am Abrëll 2022 säin Ufank. Mat QR-Code garantéiert en Spannung fir déi ganz Famill.

Zu gudder Lescht thematiséiert de Projet Rëm.xx d’Gemeng Rëmeleng. Säi Kulturierwen, d’Konscht an d’Leit ginn ervirgehuewen. Mat engem Bléck op d’Zukunft, gëtt d’Vergaangenheet opgewäert. D’Wunnhaus vum lëtzebuergesche Kënschtler Albert Hames huet seng fest Plaz am Projet fonnt. D’Erëffnung, déi fir den Hierscht 2022 geplangt ass, wäert fir Kanner speziell Medien-Workshoppen ubidden. Dobäi gëtt et digital, interaktiv an elektronesch – ugepasst un eisen Zäitalter. Och programméierbar kleng Roboter sollen zum Asaz kommen.

Opmaacherbild: © E roude Fuedem duerch de roude Buedem

Related topics Déi Well danzen am Bësch, Delphine Harmant, E roude Fuedem duerch de roude Buedem, Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad, Marionnettes sauvages, Programm fir Kanner a Jugendlecher, Projet Rëm.xx, Troupe Avenir
Next post Previous post