Sea-Watch3: D‘Flüchtlingen hunn d‘Schëff verlooss
No iwwer zwou Wochen an der partieller Evakuéierung vu Flüchtlingen,
No iwwer zwou Wochen an der partieller Evakuéierung vu Flüchtlingen,
De Protest vun déi lenk Stad – déi hei vun
Schwätzt ee vum Minett, dann denkt d’Majoritéit vun eis un d’Stolindustrie, jo un eng Regioun, déi net vill ze bidden huet. Mat Esch 2022 beweist de Süden, wat Opbléie bedeit a grouss d’Offer un Entdeckungen a Spaass dach wierklech ass. Artistesch Meeschterwierker, d’Implementatioun vu Kultur a senge faarwegste Facetten an dat domat verbonnent Liewen, wat an de Minett bruecht gëtt, wäerten d’Géigend, déi fir säi roude Buedem bekannt ass, opwäerten.
Mat iwweraus positiven Andréck huet S.A.R. d’Groussherzogin, déi selwer déi immens Bedeitung vun der Kultur unerkennt, bestätegt den ambitiéisen an innovative Programm vun Esch2022 ënnert hir Schiermherrschaft ze stellen. Lëtzebuerg soll europawäit mat Modernitéit a Kreativitéit erausstiechen.
Dynamesch, facettëräich, anescht: All dës Aspekter sollt een natierlech ausnotzen. An esou kann ee scho gespaant sinn, wéi de räichhaltege Programm un Ausstellungen, touristeschen Aktivitéite, sportlechen Animatiounen a villem méi wäert a Realitéit ausgesinn.
Fotoen: © Cour grand-ducale / Sophie Margue