Search

You may also like

D’Muecht ass nëmme mat dir, wann s du des 10 Froe beäntwere kanns
Kultur Neiegkeeten

D’Muecht ass nëmme mat dir, wann s du des 10 Froe beäntwere kanns

[onionbuzz quiz-id=78][/onionbuzz] Mat “Solo” kënnt elo en neie Star Wars

Seniore beweege sech fir d‘Integratioun ?
Kultur Neiegkeeten

Seniore beweege sech fir d‘Integratioun ?

Am „Club Senior“ vun Esch-Uelzecht weess een dat d‘Beweegung Léif

D’DP trauert ëm hire Frënd a fréiere Minister Carlo Wagner (1953-2021)
Kultur Neiegkeeten

D’DP trauert ëm hire Frënd a fréiere Minister Carlo Wagner (1953-2021)

De Carlo Wagner krut d’Politik souzesoen an d’Wéi geluecht. Säi

Esch2022: Et geet och ëm den Tourismus

Esch2022: Et geet och ëm den Tourismus

Nieft der Konscht geet et am Kontext vun Esch2022 – europäesch Kulturhaaptstad – och ëm méi Profanes wéi beispillsweis déi wirtschaftlech Aspekter. Heirënner falen den Tourismus, mee och d‘Mobilitéit. An de Minett huet fir béid Wirtschaftssecteure vill Interessantes ze bidden, zudeem si béid Aktivitéitsberäicher matenaner verbonnen.

An dësem Kontext huet deen op der Gemeng zoustännege Beamten, fir Mobilitéit an Tourismus, Thierry Kruchten, drop higewisen, datt Kultur sech den Tourismus net entfale kann, wann et do keng appropriéiert Mobilitéit gëtt. Wann ee Projet wéi „europäesch Kulturhaaptstad“ wëll vum Erfolleg gekréint ginn, muss séchergestallt ginn, datt d‘Leit och alles gutt erreechen.

Et geet folgerichteg net domadder duer, datt ee gutt Un- an Ofreese kann, mee et muss och all Event gutt zougänglech sinn. Zudeem kéint et déi Geleeënheet sinn, de Lëtzebuerger „Süden“ op der touristescher Kaart vum Land ze etabléieren. Heifir hätt ee sech dann och eng Rei ambitiéis Ziler gesat: Attraktivitéit, Informatioun, Accessibilitéit a Partenariat mat de Leit aus dem Secteur.

Mam Asaz vun den neien Technologien, sollten d‘Voleten „Informatioun“ an „Accessibilitéit“ gutt ofgedeckt kënne ginn, a fir d‘Attraktivitéit suergen déi grouss natierlech Gréngflächen, wéi och déi interessant industriell Sitten, déi jo iwwert déi lescht Joerzéngte gutt valoriséiert goufen. Woubäi hei net op de Massentourismus gesat gëtt. Et geet ëm Qualitéitstourismus an de Respekt vun der Natur.

Datt Esch2022 hei ee Beitrag leeschte kann, an d‘Regioun och international eppes méi bekannt ka maachen, dorunner besteet keen Zweiwel. Wéi eng Strategie soll ugewannt ginn, dat war gëschter leider net gewuer ze sinn, esou wéi och net wierklech ersiichtlech war, wat genee d‘Aufgab vun den Esch2022-Gestionnairen an dësem Kontext ass. Dat soll beim nächste Rendez-vous gekläert ginn.

Illustratioun: © Ian Schneider / unsplash

Related topics Esch-Uelzecht, Esch2022, Kultur, Mobilitéit, Tourismus, Wirtschaft
Next post Previous post