Search

You may also like

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament
Kultur Neiegkeeten Sport

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Eng kleng rietsextrem Partei, d‘VOX, huet e Sonndeg seng Entrée

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
Kultur Neiegkeeten Sport

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Schreiwes un d‘Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo, huet

Ass elo Schluss mat „Parler“?
Kultur Neiegkeeten Sport

Ass elo Schluss mat „Parler“?

Nodeems Twitter a Facebook dem Donald Trump an enger Rei

Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell

13. Editioun vum Escher Kulturlaf huet den Erwaardungen entsprach

Den Escher Kulturlaf dee vun der Süd-Stroum gesponsert gëtt, ka sech houfreg op eng fest Plaz am Lëtzebuerger Sport- a Kulturkalenner behaapten. Hei bidden d‘Organisateuren de Sportler net nëmmen attraktiv Laf-Strecken duerch déi beléifte Minettemetropol un. Museker a Museksveräiner sinn op der Streck installéiert, fir dem Public an de Leefer gläichermoosse Freed ze bidden.

Als Optakt fënnt traditionell de „Yuppi-Mini-Kulturlaf“ statt, deen de Butzen am Alter tëscht 5 an 12 Joer virbehalen ass. Si hunn dann och déi 1.000 Meter mat vill Engagement hannert sech bruecht an et dierf ee frech behaapten, datt all Krappert an all Knetzel sech seng Medail verdéngt huet. Eis huet dat de Yuppi, deen héchstperséinlech d‘Course iwwerwaacht huet, esou och confirméiert.

Eppes méi Eescht ass bei deene „groussen“ zougaangen. Déi haten och en eppes méi „laange Wee“ zréckzeleeën, woubäi een hei de Choix tëscht labberen 10 Kilometer an eppes méi fuerderenden 10 Meilen hat. Fir déi méi „trainéiert“ Leefer a Leeferinne war et natierlech och den Challenge de Parcours an enger méiglechst „gudder Zäit“ ze meeschteren. Ville schéngt dat gelongen ze sinn.

D‘Wieder war wuel net méi „summerlech“ an Zäitweis huet et och „gedrëpst“, wat awer de Sportler entgéint komm ass, wéi dat ee puer Participanten nom Laf bestätegt hunn. Nodeems jiddereen nees bei de Héichuewen um Belval ukomm war, mat enger Dusch d‘Ustrengung vum Kierper gespullt war, konnt dem ugeglidderte Volleksfest fräie laf gelooss ginn. Och esou ka Sport bedriwwe ginn…

Zu Esch-Uelzecht selwer waren zu dësem Ulass eng Rei Stroosse fir de Verkéier temporär gespaart ginn. Déi gutt Beschëlderung, gescheit ugeluechten Ëmleedungen a frëndlech (well och ëmmer ee gudde Rot zur Hand) Polizisten hu ee gefaarte Verkéierschaos verhënnert. Eppes wat een als Detail dierf betruechten, mee ënnersträicht wat eng gutt Organisatioun a kompetent Acteuren ausmaachen.

Foto & Galerie: Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Esch-Uelzecht, Escher Kulturlaf
Next post Previous post