Search

You may also like

Den haarde Kampf ëm Grond a Buedem
Kultur Neiegkeeten

Den haarde Kampf ëm Grond a Buedem

Op déi parlamentaresch Fro (3427) vum Deputéierten André Bauler (DP),

Firwat feelt et eis u Motivatioun op der Aarbecht?
Kultur Neiegkeeten

Firwat feelt et eis u Motivatioun op der Aarbecht?

Motivatioun vun den Lëtzebuerger Salariés ass am europäeschen Verglach éischter

surprise
Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?
Kultur Neiegkeeten

Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?

Wann een iwwert Politikverdrossenheet schwätz, gi gäre gewësse Léisungen ëmmer

Escher Kulturnuecht um 19. September: Loosst Iech verzauberen!

Escher Kulturnuecht um 19. September: Loosst Iech verzauberen!

D’Escher Kulturnuecht ass e fantastescht Fest, eng richteg Aventure fir eng ganz Stad. Mat Humor, villen Iwwerraschunge, Gedichter an nawell groussen Zeenewiessel gëtt de Publikum am Häerz vun Esch-Uelzecht verzaubert!

Zënter senger Kreatioun am Joer 2018 steet dësen Dag ëmmer ënnert engem speziellen Thema. No Dreem a Waasser, fokusséiert ee sech dës Kéier op d’Loft. Ob als Famill, eleng, oder mat Kollegen, jiddereen ass häerzlech wëllkomm dës besonnesch Atmosphär ze spieren.

Kulturnuecht

Nuit de la Culture / Facebook

Eng Nuecht – zwee Schlësselmomenter

An dësem Joer ass d’Kulturnuecht an zwou Phasen ënnerdeelt. Déi éischt ass als duebelen Optakt konstruéiert, dee gläichzäiteg mat Esch a Villerupt säi Laf hëlt. Et ass déi éischte Kéier, datt dës Gemeinschaft vun de Gemenge Pays Haut Val Alzette (CCPHVA) un dësem Spektakel deelhëlt, fir eng gutt Zesummenaarbecht unzebidden.

Et bezitt ee sech ob d’Stad, d’Geografie, hier Geschicht – a fir d’Ausgab 2020 kënnt nach d’Fro vun der Mobilitéit tëscht dem Escher Zentrum an der Uni dobäi. De Belval gëtt mat Zuch a Vëlo geéiert.

Fir den zweeten Deel vun der Nuecht féiert de Wee op de Belval. Ab 18:30 Auer ginn all d’Weeër déi zur Universitéit féieren an eng riseg Streck mat Stäre verwandelt, déi duerch zwee Schlësselmomenter zum Liewen erwächt ginn: Exit – eng Zirkusvirstellung, bei där e Grupp verréckter Leit probéiert an engem risege Ballon ofzehiewen, mam Fliger e Bléck vun uewen, an e grousse Bal vum Bortsch Orkestra, déi Esch schonn s am Joer 2018 vollkomme begeeschtert haten.

Kulturnuecht

Nuit de la Culture / Facebook

Opgrond vun der aktueller Covid-19 Situatioun a fir d’Sécherheet vun de Besicher ze garantéieren, muss sech dëst Joer fir béid Spektakel ugemellt ginn. Dat geet entweder an der Escher Infofabrik oder iwwer d’Email-Adress info@ndlc.lu umellen. Et ass gratis.

Natierlech gëllen an dëse Zäite fir all Opféierungen, ganz besonnesch an zouene Raim Sécherheetsmoossnamen, zum Beispill d’Maskeflicht, desinfizéieren an eng Begrenzung vun 10 Persounen a Raim.

Et wäerten net méi ewéi 30 Virstellungen der Ëffentlechkeet ugebueden ginn. Ob hei zu Lëtzebuerg oder ob där anerer Säit vun der Grenz an engem Ballon, mam Fliger e Bléck vun uewen, e bësse Loft, et wäert eng magesch a lëfteg Kulturnuecht fir all seng Besicher ginn.
Ob Grouss oder Kleng.

Loosst Iech verzauberen – an iwwerraschen!

Opmaacherbild: Nuit de la Culture / Facebook

Related topics Bortsch Orkestra, Confinement, Covid-19, Escher Kulturnuecht, Loft, Maskeflicht, Mobilitéit, Nuit de la Culture, Pays Haut Val Alzette, Spektakel, Universitéit, Vëlo, Zirkus, Zuch
Next post Previous post