Search

You may also like

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen
Kultur Neiegkeeten

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen

E Samschdeg ass de amerikanesch-tschechesche Realisateur Milos Forman am Alter

600 Tonne manner Rescht-Offall an engem Joer
Kultur Neiegkeeten

600 Tonne manner Rescht-Offall an engem Joer

D‘Gemenge vum Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS: Contern Nidderaanwen, Sandweiler a

Beata Szalwinska: Eng renomméiert Pianistin begeeschtert Europa!
Kultur Neiegkeeten

Beata Szalwinska: Eng renomméiert Pianistin begeeschtert Europa!

D’Beata Szalwinska, eng renomméiert Pianistin déi zu Lëtzebuerg wunnt, huet

Kulturnuecht zu Esch-Uelzecht

Kulturnuecht zu Esch-Uelzecht

Déi Escher Kulturnuecht (Nuit de la Culture) ass net nëmmen ee grousst kulturellt Evenement, et ass och a gewësser Mooss d‘Abenteuer vun enger ganzer Stad. Et geet ëm Humor a Poesie, ëm Frëndschaft an de „philosophesche“ Gedanken.

An ee puer Méint ass Esch-Uelzecht zesumme mat ville Partnergemengen am In- an Ausland déi europäesch Kulturhaaptstad (Esch2022), an esou ergëtt et sech, datt een fir d‘Editioun vun dësem Joer, nach emol déi kleng Platen an déi grouss gestallt huet. Et gëtt also héichwäerteg Konscht gebueden, déi vill all Geschmaach eppes bereet hätt.

Lass geet et ab 17 Auer op der Stadhausplaz, vu wou aus et mam Vëlo an den Ellergronn geet. Bis Mëtternuecht ginn eng 50 Aktivitéite gebueden, déi sech ganz mam „Buedem an d‘Memoire“ vun der industrieller Geschicht vun der Minettemetropole befaasst. Et ass ee Fest fir déi ganz Famill, den Zoutrëtt ass gratis, mee et gëllen d‘Reegele vum CovidCheck.

Dir sidd geimpft, geheelt oder getest? Da sollt iech muer Samschdeg näischt dovunner ofhalen, nach emol esou kuerz virun der Rentrée, e puer Stonne Vakanz vum reelle Liewen ze maachen. D‘Offer selwer ass jo och immens interessant, an et huet ganz vill amusant Aktivitéite fir d‘Kanner. Kommat also dir muer op d‘Kulturnuecht zu Esch.

Related topics Ellergronn, Esch-Uelzecht, Konscht, Kultur, Kulturnuecht, Musék, Nuit de la Culture, Theater
Next post Previous post