Search

You may also like

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer
Neiegkeeten

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer

De Staats- a Prmeierminister Xavier Bettel huet um vergaangene Samschdeg

OUNI: Aner Ëffnungszäiten a Liwwerservice bis Heem
Neiegkeeten

OUNI: Aner Ëffnungszäiten a Liwwerservice bis Heem

OUNI weist sech solidaresch. Déi zwee éischt Bio-Buttécker ouni Verpackungen

Eng erfollegräich Staffel mam Elmar Sprink a Sabrina Mockenhaupt beim Frankfurter Marathon
Neiegkeeten

Eng erfollegräich Staffel mam Elmar Sprink a Sabrina Mockenhaupt beim Frankfurter Marathon

Beim Frankfurter Marathon konnten den pjuractive härztransplantéierten Ironman-Finisher Elmar Sprink

Déi lescht Sëtzung vum Regierungsrot iert et an d‘Vakanz geet

Déi lescht Sëtzung vum Regierungsrot iert et an d‘Vakanz geet

„Entspaant an Zefridden“, esou d‘Ambiance bei der leschter Sëtzung vum Regierungsrot virun der Summervakanz. Et war dann och de Premierminister Xavier Bettel (DP) deen, ëmgi vum Vizepremier Etienne Schneider (LSAP), dem Nohaltegkeetsminister François Bausch (déi gréng) an dem Finanzminister Pierre Gramegna (DP), de Resumé vun der Sëtzung gemaach huet.

Mee et ass och vun der Geleeënheet profitéiert ginn, fir nach emol op déi geleeschten Aarbecht vun de leschte fënnef Joer zréckzeblécken. Vill grouss a noutwenneg Reforme goufen duerchgeholl, an et sinn der nach an der Maach. Eng dovunner: d‘Verfassungsreform. „Mir hunn nach Aarbecht virun eis“, esou de Vizepremier deen sech sichtlech op d‘Vakanz freet, an eng laang dierft et net ginn.

Gesäit e kuerz vun den Dossieren of, esou sinn eis Ministere jo och schonn an der Virbereedung zu de Chamberwahle vum Oktober. Do virdru steet dann awer nach den Dossier LuxExpo, mat deem sech dem Etienne säi Ministère grad ausenaner setze muss. En Charge vum Dossier: d‘Francine Closener an hirer Funktioun als Staatssekretärin. En Dossier deen et elo gëllt unzepaken…

Grënn huet et der direkt e puer: engersäits leeft de Bail 2027 aus, an anersäits steet do de groussen Urbanisatiounsprojet vum Kierchbierg un. An hei gëtt et dann interessant. Esou ass ee sech bei der Sëtzung vum Regierungsrot eens ginn, datt een d‘Foire op de Findel verleeë kéint, wou zousätzlech zu den Ausstellungsraim och e Konferenzzenter an d‘Struktur géif aglidderen.

Foire a Konferenzzenter kommen op de Findel

D‘Plaz dofir huet ee scho fonnt: direkt nieft dem Retentioun-Zenter. Bei der Sëtzung ass sech da mat der strategescher Orientatioun an dem Geschäftsmodell vun dem neien Ausstellung- a Konferenzzentrum beschäftegt ginn. Hei hat et am Virfeld, zesumme mat der LuxExpo/The Box a sengen Aktionäre scho ganz interessant Echange ginn.

Wat d‘Strategie betrëfft, esou bleift et wichteg eng multifunktionell Fläch ze erhalen, déi grouss Evenementer zouléisst, an awer méi kleng soll ausfalen, wéi dat wat engem aktuell zur Verfügung steet. Um Kierchbierg sinn dat 36.7000 Quadratmeter, an um Findel wieren et nach „just“ 25.000 Quadratmeter. Manner ass eben heiansdo méi, et muss ee just wësse wéi een dat hikritt.

Esou sollt een dovunner dierfen ausgoen, datt méi cibléiert Evenementer wäert ginn, déi sech de prioritäre Secteure vun der Lëtzebuerger Wirtschaft widmen. Den Accès zu dëser neier Infrastruktur um Findel ass dank der Proximitéit vum ëffentlechen Transport – zu deem och den Tram zielt – an engem gudden Uschloss un de Stroossereseau einfach ideal.

Den ale Standuert soll am Uschloss urbaniséiert ginn. Hei entstinn honnerte Wunnengen, firwat och de Kierchbierg un Attraktivitéit gewënnt, an den Awunner e plus u Liewensqualitéit gebuede gëtt. Elo stécht de Projet wuel nach a Kannerschong, mee et dierfte séier Pläng virgeluecht ginn, wéi sech dat ganzt herno a senger Finalitéit ka presentéieren.

Gläiche Loun fir déi gläich Aarbecht

A sengem Resumé huet de Xavier Bettel nach weider wichteg Themen ugeschnidden. De Plang vun der Gläichheet tëscht Mann a Fra, dee fir den Zäitraum 2015-18 opgestallt ginn ass, huet seng Friichte gedroen. Ronn 94% vun de Mesuren déi am Plang enthale waren, sinn ëmgesat ginn, gi grad realiséiert oder hunn e permanente Charakter erhalen.

De Premier erfreet sech dann och iwwert d‘Fortschrëtter an eiser Gesellschaft. Esou hätt sech an de leschten dräi Joer, den Undeel vun de Fraen an de Verwaltungsréit, konsequent verbessert. Deen ass, esou de Xavier Bettel vun 6,75% am Joer 2015, op elo 34% ugewuess.

Soss kann ee vun dësem „leschte Briefing“ nach zréckbehalen, datt d‘Koalitiounsequipe mat sech an der geleeschter Aarbecht zefridden ass. Et hätt een op Aenhéicht an op kollegialem Niveau zesummegeschafft. Eng Situatioun déi esou net alldeeglech ass, awer dem Land villes abruecht huet. Et dierf een awer bemierken, datt et kaum Oppositioun ginn huet, wat och e Virdeel ass.

Wat eis Aarbecht betrëfft, esou huet de Xavier Bettel och dozou eppes ze soen. De Premierminister huet bestätegt, datt d‘Gespréicher am Zesummenhang mat der Pressehëllef am September nees opgeholl ginn. Déi finanziell Ënnerstëtzung kéint dann och bei weidere Publikatiounsformen an de Radioen Uwennung fannen. Detailer heizou sinn net verrode ginn.

Related topics Findel, Gläichstellung, LuxExpo, Pressehëllef, Regierungsrot
Next post Previous post