Search

You may also like

Nei Fréijoersliteratur vun Editions Schortgen
Business Neiegkeeten

Nei Fréijoersliteratur vun Editions Schortgen

Passend zum waarme Fréijoer bréngt Editions Schortgen e Méindeg, den

Kee Mier, awer eng Flott: De Franz Fayot besicht eist „gréngt“ Schëff
Business Neiegkeeten

Kee Mier, awer eng Flott: De Franz Fayot besicht eist „gréngt“ Schëff

Och wa Lëtzebuerg keng direkt Verbindung zum Mier huet, ass

STATEC: Den Index bleift bei 1,8 %
Business Neiegkeeten

STATEC: Den Index bleift bei 1,8 %

Wéi STATEC elo matdeelt, ass den Index op de Präisser

POST Lëtzebuerg: „Esou gesi Gewënner aus“

POST Lëtzebuerg: „Esou gesi Gewënner aus“

Och de Betrib a Staatsbesëtz huet am Kontext vun der Covid19-Pandemie Plomme gelooss. Esou ass beim operationelle Volet eng Baisse vu 16% géintiwwer dem Virjoer ze verzeechnen, mee fir de Rescht schéngt d‘Post sech um Niveau vun de Servicer éischter zu de Gewënner ze zielen.

Fir den Direkter Claude Strasser, huet d‘Pandemiejoer 2020 seng gutt a seng schlecht Säiten. Alles wat vun no oder Wäit mam Internet zesummenhänkt huet vill Freed gemaach, aner Beräicher musse wuel iwwerduecht ginn. Den Ëmsaz ass dann och trotz Covid19 ëm 0,3% geklommen. Den Netto-Benefice ass dogéint ëm 5% an d‘Gette gaangen.

Dem sozialisteschen „Agent trouble“ Serge Allegrezza (zanter 2003 Direkter vum Statec), deen an der Funktioun vum Verwaltungsrotspresident vun der POST nach emol huet missen ënnersträichen, datt Post Lëtzebuerg, nach ëmmer een ëffentlechen Déngscht ubitt an esou net op exzessiv Profitter ugewisen ass, gëllt et hei den Equiliber tëscht „ëffentlechem Déngscht“ a „Rentabilitéit ze fannen.

Den Optrag vun der Post besteet also am Investissement an déi fir d‘Land wichteg an noutwenneg Infrastrukturen an Technologien. Agence kaschten nëmme Geld, firwat se op ee Minimum mussen zesummegestrach ginn. Dat ass souwisou eng Déngschtleeschtung, déi ee ganz Profitabel un anerer weiderreeche kann.

Interessant och datt d‘Post, déi sech jo an der Gestioun vun der Pack-Distributioun fir Sendungen aus Asien an der Europäescher Unioun spezialiséiert huet, net wéi d‘Politik op Mënscherechter an dëse Länner muss uecht doen. Woubäi eleng mam „Lëtzshop“ – dee niewebäi gesot finanziell och säi „Post-Beitrag“ leescht – wier kee Staat ze maachen.

Do verwonnert et dann och net datt de Telekommunikatiounsberäich nach ëmmer fir 60% vum Ëmsaz steet. Hei goufen dann och eng Rei nei Produiten entwéckelt: Post Cyberforce beispillsweis, en Departement dee mat Spezialiste besat ass, fir der Cyberkriminalitéit ze begéinen. Mee och den allsäits beléifte 5G-Service (d‘Post war déi éischt déi dëse Service ugebueden huet) an de Fait datt 73% vun de Residenten un den Internet ugeschloss sinn, sinn ee Beweis dofir, wéi wichteg esou eng Entreprise fir ee Land ka sinn, och ënnert privatrechtleche Gesiichtspunkten.

Am Finanzberäich, wou sech d‘Post mat der Raiffeisen zesummegedoen huet, verzeechent d‘Post, déi de Leit zolidd an d‘Täsch gräift wann dës un hiert Geld wëllen, eng Perte vu bal 13%. Hei gëtt dann och drun erënnert, datt et net d‘Vocatioun vun dësem Departement ass, all Bankservicer de Clienten unzebidden. Hei ass een zudeem drop agestallt den Onlinebanking weider auszebauen, dat dank zolitten Technologien a vertrauenswierdege Partner.

Illustratioun: © Billy Huynh / unsplash

Related topics Bilan, Claude Strasser, Gewënn, Pandemiejoer, Post Lëtzebuerg, Serge Allegrezza, Verloscht
Next post Previous post