Search

You may also like

Tierkei huet Angscht viru fräier Meenung op de soziale Netzwierker. A si sinn net eleng!
Neiegkeeten Stories

Tierkei huet Angscht viru fräier Meenung op de soziale Netzwierker. A si sinn net eleng!

Wann een op de Soziale Netzwierker just nach mat Gläichgesënnte

LëtzSmile: …déi „aner“ Zännseef
Neiegkeeten Stories

LëtzSmile: …déi „aner“ Zännseef

Wa mir eis en Ament vun der Pandemie lassgeléist kréien,

Alles rullt: Den elektresche Vël’OK begeeschtert de Süden
Neiegkeeten Stories

Alles rullt: Den elektresche Vël’OK begeeschtert de Süden

Um haitege Moien ass tëscht den Héichiewen um Belval den

Se sinn awer esou liicht ze duerchkucken

Waringo Rapport ermontert d‘Oppositioun zur Récktrëttsfuerderung vun der Familljeministesch

Se sinn awer esou liicht ze duerchkucken

Nodeems ee Méindeg de Covid19-Sonnerbeoptraagte vun der Regierung, Jeannot Waringo, an der Chamber de Bericht vu senger Ekipp presentéiert an erläutert huet, gouf dëse vun de Parteien nach emol op de Leescht an debattéiert. Spoiler: et hält een um politesche Stellungskrich fest.

Datt et am Pandemiejoer 2020 säitens der Regierung – a folgerichteg och de ville Ministèren – net nëmme glécklech Decisiounen hat, dat ass grad esou gewosst, wéi et schéngt zu de Grondlagen ze gehéieren onverständlech bis widderspréchlech Covid19-Gesetzer ze erloossen. Richteg ass awer och, datt villes huet missen aus dem Stand eraus decidéiert ginn. A wierklech Anung hat wuel keen.

Et huet sécher gutt Argumenter, fir ze ënnersträichen, datt – an dat ass jo de Sujet am presente Fall – d‘Recommandatioune fir d‘Alters- a Fleegeheemer vill ze spéit ausgeschafft an dann och nach ganz schlecht iwwermëttelt goufen, firwat dann och iwwerduerchschnëttlech vill eeler Mënsche grad an deenen Haiser agaange sinn, wou een geduecht huet, datt si do ganz sécher opgehuewe wieren.

Fir esou eppes brauch et natierlech ee Stoussnéckel, am beschten direkt ee Schëllegen an u sech ass et wuel selbstverständlech, datt d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP), déi jo d‘Verantwortung fir d‘Gestioun vun den Alters- Fleegeheemer huet, zur Zilscheif vun der Oppositioun gouf. Woubäi dierf erwäänt ginn, datt och d‘Gesondheetsministesch hei a punkto Decisioune matgespillt huet.

Si sollt den Hutt huelen…

No den Interventioune vun der Familljeministesch Corinne Cahen an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP), koum et zum Debat, an et mécht – aus Grënn – kaum Sënn ob déi am Wuertlaut zwillingsaarteg Aussoe vun de Majoritéitsparteien anzegoen, woubäi de Video jo hei ugespéngelt ass. Datt d‘Oppositioun geschlossen der Ministesch hir Demissioun gefuerdert huet ass esou normal, wéi sech gehéiert, datt d‘Majoritéit de Ministesch d‘Partie hält.

Et war dann och den CSV-Deputéierte Michel Wolter, de Mann deen hannert der Waringo-Enquête stécht, deen den Ufank gemaach an d‘Demissioun vum Corinne Cahen gefuerdert huet. Si hätt sech hirer Verantwortung entzunn, an och wann dem Jeannot Waringo säi Rapport a senger Conclusioun keng Scholdzouweisung enthält, esou wier tëscht den Zeilen de Schëllege séier auszemaachen.

Dat hunn och déi aner Oppositiounsparteien, déi dem Argument vum Käerjenger Buergermeeschter – datt d‘Ministesch, déi hir Recommandatiounen „ouni Bréifkapp an Ënnerschrëft“ un d‘Haiser verschéckt huet, doranner de Saz „All Gestionnaire ass fräi seng Verantwortung ze iwwerhuelen“ enthale war, wat jo wuel eppes Froen opwerfe géif – gefollegt sinn. D‘Virwërf sinn awer Villfälteg.

Keng Recommandatiounen tëscht Juni an Enn Oktober, wéi d‘Situatioun sech séier degradéiert huet ass nëmmen ee vu ville Punkten. Virgeworf kritt d‘Ministesch zudeem, datt näischt ënnerholl ginn ass, fir d‘Botzfraen an extern Déngschtleeschter vun dëse Strukturen zur Impfung ze néidegen. Fir d‘Myriam Cecchetti (déi lénk) läit de Problem an der ënnerschiddlecher Handhabung.

Hei wier et wuel besser gewiescht, wa vu virera kloer hätt kënne gestallt ginn, datt dës Mesuren an der Kompetenz vun engem Ministère leie sollten, an zwar dem Gesondheetsministère. Do gouf jo zu gudder Lescht dann och „tranchéiert“, leider eppes spéit. Trotzdeem sollt ee sech den Term „Genozid“ am Kontext vum Covid19-Desaster an den Alters- a Fleegeheemer op der Säit loossen.

Hätt et Gesetzer gebraucht?

Datt am presente Fall d‘Oppositioun aner Schlëss aus der Lektür vum Rapport zu Waringo-Enquête zitt wéi d‘Majoritéit. Esou heescht et beispillsweis, datt d‘Familljeministesch keng legal Basis hat, fir méi wéi just Recommandatiounen un d‘Gestionnaire weiderzeginn. Dat verwerfen direkt zwee Deputéierter, an zwar de Gilles Roth (CSV) a de Sven Clement, déi hei op den Artikel 6 am Gesetz zu den Organismen, déi am sozialen, familiären an therapeutesche Beräich aktiv sinn.

Elo muss drun erënnert ginn, datt déi kontroverséiert Recommandatioune vum Familljeministère, an Zesummenaarbecht mat der COPAS ausgeschafft an vum Gesondheetsministère aviséiert goufen. Et war zudeem d‘COPAS, déi fir d‘Distributioun vun dëse Recommandatiounen zoustänneg war. Datt et zu Problemer komm ass, gëtt net a Fro gestallt, a béid Ministeschen hunn de Rapport begréisst, deen et erlaabt eng sanitär Krisepolitik fir dësen Déngschtleeschtungssecteur auszeschaffen.

Et wier sécher besser sech enger nationaler Strategie fir dës Strukturen ze bedéngen, an dës dann och an de Reformprojet zur Qualitéit vun der Déngschtleeschtung an den Alters- a Fleegeheemer afléissen ze loossen. Et soll jo eng Mediatioun agefouert ginn, déi sech ëm d‘Sträitfäll tëscht den Haiser an de Residenten ze këmmeren hätt, woubäi dës Strukture weider ënnert der Tutelle vum Familljeministère bleift, an net wei ëfters gefuerdert dem Gesondheetsministère ënnerstallt gëtt.

COPAS mat wéineg Interessi

Datt et bannent dem Marc Fischbach sengem elitäre Club an éischter Linn emol ëm wirtschaftlech Aspekter geet, an ee keng Loscht huet sech den Direktive vum Gesondheetsministère ze béien, datt ass net nei. Interessant ass dann awer datt et Gestionnairen huet déi éischter Demandeur fir eppes méi strikt Reegelen an/oder Reglementatioune sinn. Zudeem ass den Affekot selwer net kloer.

Hien huet sech jo awer dofir agesat, datt d‘Strukturen eng gewësse Flexibilitéit an Autonomie solle behalen, woubäi hien elo selwer ee Gesetz zur Zwangsimpfung vun alle Mataarbechter, intern wéi extern verlaangt huet. De COPAS-President, en ausgewisenen Expert a Geriatrie, en Thema deen hie säi Liewe laang passionéiert huet, weist een nationale Kriseplang folgerichteg zeréck.

Anersäits dierf net ënnerschloe ginn, datt grad emol zweedrëttel vum Personal an dësen Haiser geimpft ass. Wéi gesot, si hunn de Leit d‘Wiel ginn, sech fir oder géint d‘Impfung ze entscheeden, a sinn aus onerkläerleche Grënn ganz verwonnert, a wuel och eppes verzweiwelt, datt et Mënschen huet déi sech anescht wéi d‘Obregkeet sech et gewënscht huet entscheet hunn. Krass esou eppes…

Entloossen awer dierft mat eisem Aarbechtsrecht komplizéiert sinn. Laut eisem Recht, ass et guer net méiglech e Mënsch zur Impfung ze zwéngen, well datt ee verstouss géint d‘Recht op physesch Integritéit ass. Et misst also emol fir unzefänken d‘Aarbechtsrecht reforméiert ginn, iert een zu esou enger Verflichtung kann iwwergoen. Mat de Leit schwätze wier e Wee, mee och vill ze opwenneg.

Illustratioun: © Sacha Freemind / unsplash

Annexen:

Related topics Chamber, Corinne Cahen, Enquête, Jeannot Waringo, Oppositioun, Paulette Lenert, Rapport, Récktrëttsfuerderung, Sonnerbeoptraagten
Next post Previous post