Search

You may also like

Covid19, Logement a Klimakris… déi lénk mat düsteren Aussiichten
Neiegkeeten

Covid19, Logement a Klimakris… déi lénk mat düsteren Aussiichten

Wann en Dënschdeg de Premierminister seng Ried zur Lag vun

Buedem als Allgemenggutt? Stëftung fir eng méi sozial Landwirtschaft
Neiegkeeten

Buedem als Allgemenggutt? Stëftung fir eng méi sozial Landwirtschaft

OIKOPOLIS ass eréischt den zweete Lëtzebuerger Betrib mat eegener Stëftung.

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert
Neiegkeeten

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert

E Méindeg huet eng Riichterin vu San Francisco den Uerder

Esou net Madamm Familljeministesch!

D‘CSV ass nawell zimmlech opbruecht iwwert den Ëmgang mat 19 Stierffäll an Altersheemer

Esou net Madamm Familljeministesch!

Nodeems en Dënschdeg d‘Familljeministesch Corinne Cahen, zesumme mam Direkter vun der Santé an dem Vertrieder vu Servior, sech zur Tragedie am CIPA Nidderkuer „Um Lauterbann“ positionéiert hunn, a sech Gëschter och HELP/Rout-Kräiz zur Lag am Vitalhome geäussert hunn, leet d‘CSV als gréissten Oppositioun och hir Siicht zur Situatioun an den Ariichtunge vir.

Et war dann och de CSV-Deputéierten a Buergermeeschter vu Käerjeng, Michel Wolter, deen den 18. Mäerz mat enger Motioun (déi ass an déi zoustänneg Kommissioun verwise ginn) de Mëssel un d‘Ëffentlechkeet bruecht hat. Hien huet da gëschter och nach emol d‘Positioun vun der gréisster Oppositiounspartei däitlech gemaach a werft der Regierung „Vertuschung vun Tatsaachen“ vir.

„Bannent 3 Woche sinn an 3 Seniorenariichtungen insgesamt 40 Bewunner un oder mam Covid19-Virus verstuerwen. 22 dovunner eleng am Seniorenheem ‚Um Lauterbur‘ zu Nidderkuer. An dës Zuelen huet d‘Regierung der Ëffentlechkeet virenthalen“, esou de Michel Wolter, deen direkt den Nol bis Uschlag an d‘Briet vun der Kommunikatiounspolitik vun der Regierung geschloen huet.

Hien ass besonnesch iwwert de Constat veriergert, datt et d‘Buergermeeschter an d‘Medie waren, déi Drock gemaach hunn, iert sech dann op Regierungsniveau zu enger Stellungnam duerchgeronge ginn ass. D‘CSV schéngt dann awer och éischter onzefridde mat den Erklärungen, déi d‘Ministesch en Dënschdeg ofginn huet. De Michel Wolter bezeechent dat Ganzt als „Desinformatiounspolitik“.

Déi liberal Familljeministesch géif d‘Ëffentlechkeet wëllentlech a wëssentlech an d‘Ir féieren. Ganz esou „schlëmm“ ass et wuel net, mee grondsätzlech loossen sech dem Michel Wolter seng Virwërf och net vun der Hand weisen. Datt dësen „triste“ Kapitel am Geschichtsbuch vun der Covid19-Pandemie net einfach esou kann higeholl ginn, ass jo eng Evidenz. An esou huet et Fuerderungen.

Fuerderunge vun der CSV

  • Et muss elo direkt an de Seniorenheemer ee sougenannte „Cordon Sanitaire Prioritaire“ wéi se an de Spideeler bestinn, ageriicht ginn;
  • et brauch eng „national Strategie fir Seniorenheemer“ baséierend op verbindleche Reegelen, statt op Circulairen;
  • d‘Aféiere vun enger „Green Card“ fir all Salarié aus dem Seniore-Beräich, déi op dräi Noweiser fundéiert: Impfung; negativen Test oder Antikierper;
  • déi direkt zur Verfügungstellung vu Schnelltester fir all d‘Mataarbechter an d‘Visiteuren (Famill) vu Seniorenariichtungen;
  • d‘Bereetstelle vu Schutzmaterial fir all d‘Seniorenariichtungen;
  • d‘Opschaffe vun de Covid19-Stierffäll a Form vun enger onofhängeger Etüd, déi zwee Volete berécksiichtege muss: 1) Erfuerschung vun de Pathologie vun den Affer an 2) Analys vun de Prozeduren am Ëmgang mat Covid19-Patienten an de betraffenen Haiser.

Och d‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen, huet kee Blat virun de Mond geholl an der Majoritéit an der Chamber verständlech gemaach, datt och si eng grouss Schold un dëser jo awer dramatescher Situatioun hunn. Dat ass net verkéiert, wëll ëmmerhi ginn d‘Gesetzer, Motiounen a Resolutiounen, déi d‘Oppositioun virleet, vun dëser aus „Traditioun“ oder „Prinzip“ ofgewisen.

Bei der Motioun vum 14. Oktober 2020 allerdéngs, wou d‘CSV ganz ausféierlech op d‘Urgence an d‘Noutwennegkeet vun engem Aktiounsplang zum Schutz a Wuelergoe vun de vulnerabele Mënschen higewisen hat, hätten d‘Demokrate mat hire sozialisteschen an ekologesche Kolleege gutt dorunner gedoen, iwwert den eegene Schied ze sprangen. Politesch ass dat awer net méiglech.

Illustratioun: © Gary bending / unsplash

Next post Previous post