Search

You may also like

Appell zum 1. Mee – Rappell!
Meenung Neiegkeeten

Appell zum 1. Mee – Rappell!

Carlos Pereira, Member vum geschäftsféirende Virstand vum OGBL: „Den 1.

EU-Sommet ënnert dem Reebou
Meenung Neiegkeeten

EU-Sommet ënnert dem Reebou

Et war ze erwaarden, datt de sportlech-diplomatesche Kontext engersäits an

Dezenten an abordabele Logement, elo!
Meenung Neiegkeeten

Dezenten an abordabele Logement, elo!

Den 21. Januar, huet d‘EU-Parlament de Rapport vun der Kommissioun

Esou relativ kann de Begrëff vun der Belounung sinn (Lieserbréif)

Esou relativ kann de Begrëff vun der Belounung sinn (Lieserbréif)

Wann de Kleeschen dee wär, deen engem de Vëlo geschenkt huet fir säin „gutt Behuelen“ ze belounen, a wann een doduerch gegleeft huet, datt dat Bestätegung genuch wier, fir seng eege Wichtegkeet, déi Garant wier, fir datt een am Géigenzuch zu enger passiver Haltung géif reegelméisseg beschenkt ginn, dann ass ee verständlecherweis – wat net heescht, datt dee Prinzip vertrietbar oder wënschenswäert sollt sinn – awer dozou verleet, an engem Irglawen opzewuessen, datt dat eegent passiivt gutt Behuelen engem zur grousser Bescheerung, och nach misst alles sécherstellen, wat zu engem Velosdram dozougehéiert.

Et ass schonn op eng gescheit Manéier déi muttmoosslech Gefor, mat esou enger Aart de Bierger ze erzéien, eng Form vu Mënsch ze erschafen, dee weider a senger Entwécklung, wann och éischter insgeheim a sécherlech onbewosst, de Gedanken heegt, datt do ëmmer iergendwou e Kleeschen Ausschau hält, deen engem säi Behuele mat Hëllef vun enger Passivitéitsskala benout fir en Endscore ervirzebréngen, deen dann och eng entspriechend Belounung fir de Kandidat zum Resultat hätt. Kloer, wann d‘Passivitéit dann awer och staark genuch war, fir ee geziilt motivéiert, gutt Behuelen „virzetäuschen“. Den Hond wackelt jo och net onbedéngt mam Schwanz fir engem ze weisen, datt en ee gär hätt …

Dat Heimtückescht un där Aart vu Passivitéit ass awer d‘Gewëssheet, datt si d‘Potenzial vum Denk- an Abstraktiounsverméigen därmoosse musse beaflossen, datt een sech duerch eng méi oder wéineger exklusiv Beschäftegung mat senger iwwerflächlecher Selbstreflexioun als een erwuessene Mënsch ënnege kann, dee mengt et géing duergoe wann hie sech op e Gedanke vu quasi bedéngungsloser Beschenkung géif konzentréiere, fir datt him folglech d‘Welt genau esou gestalt géif ginn, wéi d‘Realisatioun vum Kader, an deem sech eng kandlech Onbeschwéiertheet kéint ausliewen, et verlaangt.

De Kleesche wär, wann een him berechtegterweis an esou enger Perspektiv wëll de Stellewäert vun engem Grondpfeiler an der Erzéiung vum Mënsch zougestoen, soumat déi erschreckend Verbildlechung vun enger wäitgräifender Verblendung, an där de Bierger als konstituéiert Element vum „Biergertum“, als solchen zum passiven „Bäisteierer“, an der Devise vun der (In)Aktivitéit, déi sech an iwwerflächlechem, gudde Behuele resuméiert a perpetuéiert, verkënnt an d‘Affer vun enger Virstellung gëtt, déi net seng eegen ass, déi him awer permanent ënner der Form a mam Schäi vun sengem eegenen (kandlech-naiven) Dram als Köder ausgeluecht gëtt, deen déi individuell Passivitéiten (dozou „geziicht“ fir engem friemen Ideal ze déngen) ernt an asammelt fir se zur Erfëllung vum Eegenzweck vum „Erzéier zur Passivitéit“ ze verwäerten.

Et ass net vun Dommheet wa vun, wann och meeschtens ongehéierten Plazen, systematescher a systemescher Analphabetiséierung an Infantiliséierung vun de Masse riets ass. Wie wëll sech awer scho fräiwëlleg gefale loossen, datt him de Spigel vum „verwinnte Kënni“ virun d’Gesiicht gehale gëtt?

Dës Weidere schreift sech d‘Metapher aus der Urschrëft vun eiser Zivilisatioun, déi scho mat gewëssem Nodrock, wann och ënner méi oder wéineger laïcisteschen Zich, d‘Wuert an onse Grondschoule kritt, fir ze erklären an auszesoen, datt de Kanner eleng d‘Himmelräich gehéiert, jo wuel onzweedeiteg an deen een an dee selwechten Imaginarium vum Kleeserchershimmel an, an deem jo anscheinend eng riseg Kaddosmaschinn onermiddlech um Wierk ass fir et jiddwerengem, ouni datt ee misst eng reell Géigeleeschtung dofir bréngen, gerecht ze maachen. Niewebäi dréit den Houseker jo Suerg genuch fir déi puer, déi sech net gutt ze Behuele wëssen (resp. déi fréi genuch erkannt hunn, datt et de Kleesche jo eigentlech weder gëtt, scho guer net ënner där idealiséierter, perverser Form déi eleng zur Irféierung déngt, nach et hie jee ginn ass an et och ni wäert ginn) ze besäitegen.

An dobäi ass jo alles mat där eenzeg gutt gemengter Absicht ugaangen, datt d‘Eltere vun deene Kanner déi nach aus deem pre-Schengener Proletarier Milieu stamen, d‘Geleeënheet, hirem Nowuess am Zoch vun enger liichter Verbesserung vun hirem Akommes eng besser Zukunft ze gewäerleeschten, wollten ergräifen a si mat „Saachen“ ze beschenken ugefaangen hunn, déi hinnen zur Zäit vun hirer eegener Kandheet net zougänglech waren. Saachen, déi zwar zum gréissten Deel kee Kand wierklech gebraucht huet oder hätt – a wou si och net onbedéngt dono gefrot hunn oder hätten.

Et kéint een sech och nëmme ganz schwéier enger Kandheet aus besoter Virzäit ënner enger Form entsënnen, déi zum Verglach am géigewäertegen Zäitalter zu enger onleegenbar gréisstendeels schlicht an ergräifend bläerender Singularitéit (fir net ze soe Mass – an d‘Kanner kënne jo wuel am mannsten dofir!) mutéiert ass, déi sech virun aller Aen ongebremst op de Buedem schmäisst bis se déi Saach aus dem Spillrayon kritt huet, déi hier virop um Wee vun undauernder Propaganda duerch allgéigewäerteg Medien, wéi et se nëmmen an der haiteger Zäit gëtt, mam Mëttel vun héichentwéckelter Technologie strategesch ugedréint ginn, a woubäi sech eigentlech déi grouss Konzerner, mëttels raffinéierten Avataren ongestrooft an engem Stéck um kandleche Gemitt un sech vergräifen, fir sech och nach weiderhin ongestéiert aktiv do ze tätege, wou déi emotional Krëppele vu muer produzéiert ginn.

„Deemools“ wär ee, wann et zu esou engem schlechte Beholl komm wier, scho séier genuch vun enger elterlecher Autoritéitsfigur op d‘Plaz gesat ginn. Déi Autoritéit awer huet d’Himmelräich jo mat der Zäit esou gutt gewosst ze „méissegen“, datt dem Iwwergrëff an déi intiimste Mënschesphär vun der Kannerstuff duerch dee globalen Infantiliséierungsdistillator iwwer grouss a kleng Schiermer näischt méi am Wee steet.

Esou konnt dann zur Kréinung och nach mat Hëllef vun der „Dauerinjektioun“ vu falschen Informatiounen a kënstlech produzéierte Lëschten an dat Kannergemitt, wat an eisem technologeschen Zäitalter gebuer ass, dat schlecht Behuelen op den Troun vun der gudder Passivitéit gehuewe ginn, op deem eng besuergneserreegend Hysterie vum Kand mat pandemeschen Ausmoossen allem Uschäin no zum Abegrëff vum neie gudde Behuele verkomm ass.

Esou relativ kann de Begrëff vun der Belounung sinn. Sou wéi dee Begrëff virun e puer Joerzéngte scho komplett mat Hëllef vu falsche Virstellungen iwwer Recht an Onrecht entwäert konnt ginn, esou ass en haut als wesentleche Faktor um Prozess vun enger totaler Ëmwäertung vun der Notioun vu mënschlecher Zourechnungsfäegkeet bedeelegt. Genuch fir sech esou lues doriwwer Suergen ze maache wat do an den haitege Kannerstuffe vir sech geet. Mee gutt, Ritalin huet schonn deemools säin Zweck erfëllt – wann och nëmmen um Pabeier. Jiddweree brauch jo zu engem bestëmmten Zäitpunkt eng Einstiegsdrog …

Fir awer zum Ofschloss no dëser scheinbarer Ofwäichung vum Thema d‘Verbindung zum Sujet erëm hierzestellen ass mir grad zur Geleeënheet agefall, wéi deen Anere schonn deemools eng Kéier gesot huet: „Du wëlls e Vëlo? Ma da pedalléier!

„Et kann awer och wirtschaftlechem Interessi geschëlt sinn, wien wëll dat schonn esou genee wëssen?“ Ob an deem Spill wuel d’Faarf vun der Passivitéit Tromp ass? Wee wëll (oder däerf) da muer iwwerhaapt nach op d‘Strooss? Villäicht sinn ech awer einfach am falsche Film an de Covid huet mir op de Mo geschloen.

Matgedeelt vum Jacques Houillé

Opmaacherbild: © Kira auf der Heide / unsplash

Related topics Belounung, Falschinformatiounen, Jacques Houillé, Kleeschen, Lieserbréif, Onfäegkeet vun Autoritéiten, Passivitéit, Selbstreflexioun, Vëlo
Next post Previous post