Search

You may also like

Indian Summer: Dead Sinners Live am Little Woodstock
International Neiegkeeten

Indian Summer: Dead Sinners Live am Little Woodstock

No engem optrëtträiche Summer eng erfollegräicher EP, an enger gutt

Transition Days Podcast: Bewosst duerch d’Liewe goen (Episode 1)
International Neiegkeeten

Transition Days Podcast: Bewosst duerch d’Liewe goen (Episode 1)

Wéi kënne mir all zesummen op engem Planéit Liewen? Am

surprise
Esch 2022: Eigentlech sollt et esou e flotte Projet ginn
International Neiegkeeten

Esch 2022: Eigentlech sollt et esou e flotte Projet ginn

Politesch gewollt och kulturell um Holzwee? Beim Projet Esch 2022

Zwee déi Alles esou richteg falsch verstanen hunn

Wirtschaftsminister vu Schlesesch-Holstein an NRW-Educatiounsministesch um Holzwee

Zwee déi Alles esou richteg falsch verstanen hunn

An engem rezenten Interview mam däitsche „Springer-Stiefel Verlag“ hunn de Wirtschaftsminister vu Schlesesch-Holstein, Dr. Bernd Buchholz an d‘Educatiounsministesch vu Nordrhein-Westfalen, Yvonne Gebauer, alle béid FDP, op en neits versicht d‘Schüler als „domm Kanner“ duerzestellen a behaapten dat de Mouvement „Fridays 4 Future“ hir Ziler scho viru Méint erreecht hätten.

Dobäi geet et de liberale Klenggeeschter mam Charisma vun engem tierkesche Geriichtssall net ëm demokratesch Fräiheeten oder Klimanoutstand, mee ëm d‘Wirtschaft. Si vertrieden dann och emol den Usaz, datt ekonomesch Zesummenhäng an den Schoulprogramm gehéieren, woubäi si do ganz genee Virstellungen hunn wéi dëse sollt ausgesinn. Si hunn och Virschléi wat d‘Schoulflicht ugeet.

Esou ass den Dokter Buchholz e Jurist dee reng Profitorientéiert denkt an agéiert, firwat alles wat dem Kapital net zu méi Muecht verhëlleft nëmme schlecht ka sinn. Datt Kanner d‘Recht hunn sech géint eng hirer Opfaassung no falscher Politik opzereegen, mëssfällt him net direkt, esoulaang et an der Kompetenz vun de Politiker bleift, fir Interessensausgläich ze suergen. Kuerz: „Halt de Mond!“

Wat d‘Educatiounsministesch aus Nordrhein-Westfalen, Yvonne Gebauer ugeet, esou huet déi et grad néideg, d‘Wuert géint d‘Schüler vum Mouvement „Fridays 4 Future“ ze ergräifen. Si hält d‘Studenten net fir kompetent a Wirtschaftsfroen uerteelen ze kënnen. Als „Immobiliëverkeeferin“ ass si dofir „kompetent“ a Bildungsfroen. Zudeem huet si eng besonnesch Liesaart vun de Gesetzer.

D‘Yvonne Gebauer mengt dann och, datt Schüler vun hirem Demonstratiounsrecht ausserhalb de Schoulstonne solle gebrauch maachen. Natierlech sinn esou Aussoe brisant an déi „Oldies“ mat wéineg bis null Ahnung vun der Muecht déi sozial Netzwierker erméiglechen, sollten uecht doen sech hei keng bluddeg Nues ze huelen. Déi „Kanner“ hu längst méi drop wéi si es jeemools haten.

Als Argument féiert d‘Yvonne Gebauer engersäits d‘Anhale vun der Schoulflicht un, an anersäits de Fait dat et op der Welt vill Kanner gëtt déi gäre Schoulflicht hätten. Datt der Madamm Gebauer hir Schoule Marod, hire Bildungssystem katastrophal an hir Enseignanten „midd“ sinn, firwat méi Schoulstonnen an NRW ausfale wéi et „Freideger fir d‘Zukunft“ gëtt, iwwersäit d‘FDPlerin lässeg.

Wann d‘Yvonne Gebauer dann nach uféiert, datt sech d‘Schüler – hei ganz prezis a bestëmmt déi wou d‘Schoul schwänzen – fachgerecht mat Klimaschutz missten ausenanersetzen, sech der zolitter Uerteelskompetenz vun der Politik an net därer vun „der Strooss“ zouzewennen hunn, dann ass d‘rout Linn iwwerschratt. Si wëll Zwangsmoossnamen ergräife fir „blo maachen“ ze verhënneren.

Och de Parteichef Christian Lindner huet sech als zimlechen Dabo bei der Jugend disqualifizéiert, wéi hie ganz „oppen“ gemengt hat, datt Klimaschutz eppes fir Profien ass. Den Dandy vun der FDP huet domatter bestëmmt esou Spezialiste wéi den Donald Trump oder den Jair Bolsonaro gemengt. Datt ee Greta Thunberg méi Kompetenz wéi déi zwee an déi ganz FDP huet, mengen dogéint mir.

De Jurist huet den Auswee fonnt: et pecht een e Präisschëld op den CO²-Ausstouss. Dat ass liberal fir: „wien sech et leeschte kann, soll och weiderhin de Planéit dierfe vergëften“. Hie ka jo net derfir dat et Aarmer gëtt. Hien ass iwwerzeegt, datt d‘Medien dem Mouvement ze vill Opmierksamkeet widmen, statt der Wirtschaft de Réck ze stäipen déi eng Zukunft iwwerhaapt emol méiglech mécht.

mat indymedia/dus/hvr/ber

Related topics Dr. Bernd Buchholz, FDP, Fridays for Future, Ignoranz, Schoulflicht, Verbuet, Yvonne Gebauer
Next post Previous post