Search

You may also like

Euro Space Center: Werft e Bléck op d’Geschicht vum Gagarin
Meenung Neiegkeeten Stories

Euro Space Center: Werft e Bléck op d’Geschicht vum Gagarin

De Juri Gagarin ass zënter 60 Joer an eise Käpp

Den US-President hält d‘Staang riicht
Meenung Neiegkeeten Stories

Den US-President hält d‘Staang riicht

An enger Usproch un d‘Amerikaner huet den Donald Trump drop

Winterlights: D‘Stad Lëtzebuerg léisst Chrëschtdag net ausfalen
Meenung Neiegkeeten Stories

Winterlights: D‘Stad Lëtzebuerg léisst Chrëschtdag net ausfalen

Um Mëttwoch huet d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer zesumme mat de Schäffe

An esou séier kann et goen (kommentéiert)

D‘Oppositioun verweist op d‘Inkoherenzen, d‘Koalitioun huet de Bauch wéi an d‘Regierung… jo d‘Regierung ass d‘Regierung…

An esou séier kann et goen (kommentéiert)

Et si scho vill schlecht Gesetzer am Kontext vun der sanitärer Kris an der Chamber duerchgeboxt ginn, an dat neit modifizéiert Covid19-Gesetz mécht dann och keng Ausnam. Onverständlech an da juristesch schwiereg bis guer net ze interpretéieren; Privilegie fir Reliounen a gewësse Sportler; an de Constat, datt Schoul zur Nout zum exterritoriale Beräich muss erkläert ginn.

Méi hat d‘Chamber gëschter net unzebidden, woubäi een déi pathetesch Optrëtt vum Rapporter Mars di Bartolomeo (LSAP) an dem DP-Fraktiounschef Gilles Baum, och nach ermontert hunn, esoulaang wéi et nach méiglech war, ee Patt huelen ze goen. Deenen hiren ofgestëmmte Rieden nozelauschtere war esou ustrengend, wéi dem eegene Kand ze erklären, firwat elo an d‘Bett muss.

Zolidd aus dem Kader gefall ass de LSAP-Fraktiounschef Georges Engel, dee mat vill Rhetorik awer leider schlechten Argumenter versicht huet, d‘Oppositioun als eng „Eenheet“ blouss ze stellen, déi aus strikte politeschen Opportunitéiten eraus géint dëst jo awer wichtegt an noutwennegt Gesetz gestëmmt huet. Deels beleidegend bis vollkomme mat den Hoer erbäigezunn, et war scho besser.

Interessant och, datt d‘Cheffin vun der Fraktioun déi gréng, Josée Lorsché, hir Ried ugefaangen huet an deem si preziséiert huet, dat si net den Tounfall vun hire Virriedner (dozou gehéiert och d‘Interventioun vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler) wäert iwwerhuelen. Et war och däitlech erauszehéieren, datt déi gréng mam Gesetz wéineg unzefänke wëssen. Mee Koalitioun oblige…

Véier – an Zuelen: 4 – Oppositiounsparteien!

Firwat d‘Sozialisten et partout net kënne verënnerlechen, datt op der géinteniwwerleiender Säit véier ganz verschidden, politesch an ideologesch, Parteie stinn, déi wuel all géint dëst Gesetz – datt ganz offensichtlech och vun déi gréng net gäre gesinn ass – sinn, net awer déi selwecht Argumenter hunn, dat wäert ee wuel am Georges Engel seng Memoire iergendwann kënnen noliesen.

An esou ass wichteg festzestellen, datt och wann d‘CSV eigentlech dëst Gesetz, dat si schonn als Noutwenneg (ze spéit, net wäitreechend genuch an maximal inkoherent) unerkennen net gestëmmt huet, dës awer als „Partie Demanderesse“ muss erkannt ginn. Si bekloen, datt et fir quasi net eng eenzeg Decisioun eng wëssenschaftlech Grondlag gëtt an den Text vu Widderspréch glänzt.

D‘ADR huet zwar generell ee Problem mat der Regierung an hiren Decisiounen déi si am Kontext vun der sanitärer Kris ergräifen, mee si brécht dann awer nach eng Lanz fir den Horesca-Secteur, dee jo ab haut a fir déi nächst 20 Deeg zur „verbuedener Zon“ erkläert ginn ass. Mee datt et net ouni Moossname ka weiderlafen, datt ass och bei der ADR ukomm. Et ass eng Saach vun der Uluecht…

Et ass eppes einfach Fräiheeten ofzeschafen

D‘Piraten appreciéieren och net d‘Aart a Weis wéi d‘Regierung Argumentéiert, besonnesch wou an dësen Texter de Volet „Rechtssécherheet“ iergendwéi ganz ausbliwwen ass. Net nëmmen de Staatsrot, esou de Deputéierte Marc Goergen hätt dorobber higewisen, mee souguer d‘Police soll an der Kommissioun beklot hunn, verschidden Artikele guer net duerchsetzen ze kënnen.

Fir déi lénk, wou ee prinzipiell och der Meenung ass, datt eppes muss ënnerholl ginn, dat dann awer esou datt d‘Leit et och novollzéie kënnen, ass den Text en Ugrëff op eis Fräiheeten. Dat betrëfft ganz besonnesch de Volet „Spärstonn“ an „Besuchsrechtbegrenzung“. Den Deputéierte Marc Baum, stellt zudeem fest, datt reliéis Evenementer méi héich wéi kulturell Veranstaltunge bewäert ginn.

An tatsächlech: dogmatesche Veranstaltunge kann ee bäiwunnen, Kultur wéi Theater oder Kino – wou wéi d‘Josée Lorsché festgestallt jiddereen de bak hält – si Risikozon. Elo si weder déi gréng nach déi lénk géint d‘Recht op fräi Reliounsausübung, mee Kultus a Kultur musse gläichgestallt ginn. Esoulaang hir ass d‘Trennung vu Kierch a Staat jo elo och net, datt een dat misst hannerfroen.

Si verstinn et selwer net

Ervirhiewe muss een dann nach emol eng Rei Aussoe vum Georges Engel, deen der Oppositioun (a niewebäi och dem grénge Koalitiounspartner) ze verstoe ginn huet: „Jiddereen deen Argumentéiert datt all Menage muss méi wéi zwou Persounen dierfen empfänken, huet den Eescht vun der Lag net verstanen“. Gläichzäiteg gëtt den Deputéierten zou, d‘Onverständnis vun eenzelen ze verstoen.

Erklärung: Entspriechend dem Gesetz, dierfe Boma a Bopa bei d‘Enkelkanner op Besuch, mee d‘Enkelkanner mat den Elteren, dierfen net bei d‘Grousselteren op Besuch. Mathematesch gesäit et esou aus: 2+4 ass OK, 4+2 ass net OK. Datt sech d‘Unzuel vun de Persounen am Endresultat net ënnerscheet, ass dobäi vollkommen irrelevant. Wëssenschaftlech nogewisen ass souwisou näischt.

Dat awer weess och de gëschter op Konfrontatioun agestallte LSAP-Fraktiounschef nëmmen all ze gutt. An dësen huet et – wann och rhetoresch méiglechst mëssverständlech formuléiert – eigentlech näischt anescht zum Ausdrock bruecht, wéi datt d‘Bierger sech sollte selwer doheem aspären, an nach just fir ze schaffen oder dat noutwennegst anzekafen, d‘Wunneng oder d‘Haus ze verloossen.

Wéi ee sech fatzeg blaméiert ouni sech et umierken ze loossen

Beispiller zur Inkoherenz vum Text géif et der nach masseg opzelëschten, mee den absolutten, fir net ze soe „fatalen“ Highlight, betrëfft d‘Reguléierung vun de Kantinnen. D‘Schoulkantinne sollen opbleiwen, well d‘Schoul streng geholl net zur selwechter Gesellschaft gehéiert an déi natierlech och ganz wichteg si well: laut der Koalitioun ass et déi eenzeg Plaz wou déi meeschte Kanner am Land eng waarm Moolzecht kréien. Datt ass eng zimmlech erschreckend Erkenntnis a muss nach emol separat opgegraff ginn. (Thema Aarmut zu Lëtzebuerg)

Stelle mir dann d‘Schoul emol a Klameren, a wennen eis de Kantinnen an den Entreprisen zou. Déi ginn dem Horesca-Secteur gläichgestallt a dierfe beschtefalls den „take-out“ ubidden. Elo kann ee sech awer virstellen, datt op der Goodyear, der europäescher Investitiounsbank an natierlech och de staatleche Verwaltungen, an nach méi spezifesch op de Chantieren, um 12 de Mo wäert grommelen.

„Ausser Haus iessen“ geet net, also muss ee sech seng Kuscht bei de Bäcker/Metzler siche goen oder vun doheem matbréngen. Wärend déi Lounofhängeg aus dem administrative Beräich just mussen d‘Tastatur op d‘Säit réckelen, ass et um Schantjen oder der Produktiounslinn eng ganz aner Saach. Op et méi sécher ass am Auto um Parking oder zu méi an der Camionnette z‘iessen?

Geléiert hu mir och, datt d‘Kantin vun der Universitéit keng Schoulkantin am eigentleche Sënn ass, a laut gewëssen Intervenante jo eigentlech den Ament guer net genotzt géif ginn, well déi meeschte Coursen online géife stattfannen. Dat bréngt awer mat sech, datt dës Reegel och muss fir d‘Kantin vun de Spideeler gëllen. An genee dat huet d‘Gesondheetsministesch esou och wiertlech bestätegt.

Dat wier et eigentlech. D‘Gesetz war gestëmmt, gutt eng Dose Motiounen an eng Resolutioun ware majoritär vun der Koalitioun an de politeschen Nirwana geschéckt ginn an d‘Sëtzung wier dann och opgehuewe gewiescht. Dommerweis huet d‘CSV-Fraktiounscheffin a leschter Sekonn en drolegt Schrëftstéck iwwermëttelt kritt. Dat soll der Gesondheetsdirektioun entstamen, an déi wëll kloer Instruktiounen un d‘Spideeler ginn hunn, dank deenen hir Kantinne fir d‘Personal opbleiwen.

Eng éischter kal Dusch fir d‘Paulette Lenert, déi dëst Schrëftstéck net kannt huet. Si wäert elo musse klären, ob d‘Gesetz, datt jo awer elo rechtskräfteg ass, vun den zoustännegen Autoritéite muss an de Spideeler ëm- an duerchgesat ginn. Dozou dierf ugemierkt ginn, datt kee Bierger a wuel och kee Polizist dem Fleegepersonal den Zougang zur Kantin verwiere wëll. Dura lex set lex…

Illustratioun: Der Regierung hiert modifizéiert Covid19-Gesetz ass eigentlech net Verkéiersfäeg an awer elo mat den 31 Stëmme vun der Koalitioun ugeholl ginn. Dobäi wollt d‘Regierung eis just verständlech maachen, datt et eis gutt géif zu Gesiicht stoen, wa mir bis elo emol de 15. Dezember einfach doheem géife bleiwen a kee Besuch zouloossen. © Gary Chan / unsplash

Related topics Chamber, Covid19-Gesetz, Inkoherenz, Koalitioun, Oppositioun, Regierung
Next post Previous post