Search

You may also like

Mäerderesche Virus behënnert den Zesummenhalt
Neiegkeeten

Mäerderesche Virus behënnert den Zesummenhalt

Zanter e Freideg gëllt eng Ausgangsspär, eppes datt d‘Land zanter

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!
Neiegkeeten

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!

En Dënschdeg war Weltëmweltdag, an d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dësen

Mënscherechter a Pandemie
Neiegkeeten

Mënscherechter a Pandemie

Déi consultativ Kommissioun fir d‘Mënscherechter (CCDH) huet der Justizministesch de

De Weltraum a säi wirtschaftlechen Notze fir Lëtzebuerg

Bis Joresenn soll den „Europäesche Weltraumressourceninnovatiounszenter“ ESRIC operativ sinn

De Weltraum a säi wirtschaftlechen Notze fir Lëtzebuerg

An dëse jo eppes mouvementéierten Zäiten ass et ëmmer erëm flott, wa Regierungsvertrieder mat hire Partner dem Land eng gutt Noriicht ze verkënnegen hunn. Esou dann och gëschter am Wirtschaftsministère, wou de Minister Franz Fayot (LSAP) zesumme mam Héichschoulminister Claude Meisch (DP) de Kooperatiounsaccord tëscht der LSA an dem LIST virgestallt hunn.

D‘Engagement vu Lëtzebuerg am Weltraum ass net nei, wéi mir spéitstens zanter eiser Bedeelegung un der europäescher Satellittegesellschaft SES wëssen. Mee och soss huet Lëtzebuerg de Weltraum zu senger wirtschaftlecher Spillwiss gemaach. Elo, bezunn eng méi konsequent Zesummenaarbecht tëscht der Lëtzebuerger Weltraum Agence (LSA) an dem Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) gëtt sech nach eppes méi Konsequent de Weltraumressourcen zougewennt.

Mat der Grënnung vum Europäesche Weltraumressourceninnovatiounszenter ESRIC, deen der Fuerschung an der Entwécklung am Kontext vun der Notzung vu Weltraumressourcen dediéiert ass, gi jo och déi ganz wirtschaftlech Aktivitéiten déi domadder zesummenhänken ënnerstëtzt. Et ass dann och verständlech, datt sech den ESRIC an d‘Initiativ „SpaceRessources.lu“ agliddert.

De Wirtschaftsminister huet erkläert, datt den ESRIC eenzegaarteg ass an en onofhängegen Zenter fir d‘Innovatioun – mat enger internationaler Vocatioun – soll ginn, deem sech weider europäesch, ëffentlech a privat, Acteuren uschléisse kënnen. Dësen Zenter berout op véier Sailen: 1) Fuerschung – op nationalem an internationalem Niveau; 2) Wirtschaft – et solle Brécken tëscht der Industrie an der Wëssenschaft gebaut ginn; 3) Koordinatioun – als zentral Ulafstell a 4) Communautéit.

ESRICFir de Fonctionnement vum ESRIC ginn iwwert déi nächst dräi Joer 20 Milliounen Euro bereet gestallt. Dovunner kommen 8 Milliounen Euro vum Wirtschaftsministère, déi europäesch Weltraumagence ESA leet de selwechte Betrag „on Top“ an de LIST stéiert sengersäits och nach emol 3 Millioune bäi. Aus dem nationale Fuerschungsfong (FNR) gëtt et och 1 Millioun Euro.

An enger éischter Phas gëtt den ESRIC en Departement vum LIST, wat jo eigentlech sënnvoll ass, zumindest bezunn op de Kooperatiounsaccord déi en Dënschdeg gezeechent gouf. De CEO vum LIST, Thomas Kallstenius, huet ënnerstrach, datt dësen Accord esouwuel „natierlech“ wéi och „strategesch“ ass, a bezitt dës Ausso op déi längst bestoend Projeten am Weltraumsecteur. Den ESRIC dierft zudeem och derzou bäidroen, datt weider Entreprise sech zu Lëtzebuerg néierloossen.

Et dierf elo als Bierger vun dësem Land roueg eppes houfreg sinn, dat zum enge well een op e neits weist datt och ee butzegt Land duerchaus am Stand ass Pionéieraarbecht ze leeschten, an zum aneren och ze berécksiichtegen ass, datt bis ewell nëmme Lëtzebuerg e juristesche Kader geschafen huet, deen eng wirtschaftlech Notzung vum Weltraum rechtlech ofséchert. Dat ass net näischt.

Zudeem ass et wichteg: d‘Industrie an d‘Wirtschaft hunn eisem Planéit seng Ressourcen därmoosse krass ausgenotzt an och net wëlles hir Gier ze bremsen, datt ee sech muss drop virbereeden, dës aus anere Beräicher ze sécheren. Et geet ëm Milliarden, an nee et ass net wierklech virgesinn déi ganz Welt dovunner profitéieren ze loossen. Dat war an och net de Plang gewiescht, wéi mir Afrika seng Ressource geplëmmt, oder eis a Südamerika un der Ofholzung bedeelegt hunn. Et geet just ëm Fric.

Foto: (v.l.n.r.) Wirtschaftsminister Franz Fayot, Héichschoulminister Claude Meisch © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Claude Meisch, ESA, ESRIC, FNR, Fränz Fayot, Héichschoulminister, LIST, LSA, Weltraumressourcen, Wirtschaftsminister
Next post Previous post