Search

You may also like

Weltraum: Parker-Sond um Wee bei d‘Sonn
International Neiegkeeten

Weltraum: Parker-Sond um Wee bei d‘Sonn

E Sonndeg huet d‘NASA a Florida seng Sond „Parker“ erfollegräich

Grouss Botz zu Iechternach
International Neiegkeeten

Grouss Botz zu Iechternach

D’Stad Iechternach organiséiert e Samschdeg, de 17. Abrëll um 9:00

Kenns du eis Verfassung gutt genuch, fir hei gutt ofzeschneiden?
International Neiegkeeten

Kenns du eis Verfassung gutt genuch, fir hei gutt ofzeschneiden?

[onionbuzz quiz-id=188][/onionbuzz] Eis Verfassung mat sengen 121 Artikelen ass relativ

Wat gëtt et Neies bei Sea-Watch?

Wat gëtt et Neies bei Sea-Watch?

Et ass Ouschteren, awer leider net fir jiddwereen. Um Ouschterweekend huet déi maltesesch Rettungsleetstell hier Aarbecht verweigert. D’Noutriff vun 270 Mënschen op dräi verschiddene Booter goufe stonnelaang ignoréiert, Handelsschëffer déi op der Plaz waren an zur Rettung bereet waren, goufe fortgeschéckt.

Zwee vun de Booter, déi scho virdru vun der Moonbird, dem Opklärungsfliger gesi goufen, sinn eréischt de Samschdeg nom Erreeche vum Zoustännegkeetsgebitt vun der italienescher Küstewuecht gerett ginn.

Ouschteren

Trotz intensiver Sich vun der Moonbird-Crew feelen nach ëmmer ongeféier 100 Mënschen. An dat, obwuel den Tanker Nordic Star e Samschdeg op der Plaz war, mee se goufe vun engem maltesesche Patrouilleboot fortgeschéckt. Et ass ze erwaarden, datt dat maltesescht Boot am Schutz vun der däischterer Nuecht en illegale Pushback no Libyen organiséiert huet, amplaz dës Mënschen a Sécherheet ze bréngen.

Dës Moossname vun de malteseschen Autoritéite mussen dréngend Konsequenzen hunn an d’Rettungsleetstell muss opklären, wat mat den 100 vermësste Persoune passéiert ass. Dëst Joer hunn schonn opmannst 236 Persounen hiert Liewen am Mëttelmier verluer.

mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi vum Jessica Mersch iwwersat

Related topics Asylpolitik, Flüchtlingen, Mëttelmier, Sea-Eye, Sea-Watch, Séinoutrettung
Next post Previous post