Search

You may also like

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl

An de 60er Joer haten de Siegfried a Roy eng

Coronavirus: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen
Meenung Neiegkeeten

Coronavirus: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

D‘Zuele vun Neiinfektiounen a Doudesfäll klamme bestänneg, och baussent der

Bréissel verhänkt Sanktioune géint Internet-Piraten
Meenung Neiegkeeten

Bréissel verhänkt Sanktioune géint Internet-Piraten

Et ass fir d‘éischt an der Geschicht vun der EU-Kommissioun,

CGFP: Et bleift vill ze maachen

CGFP: Et bleift vill ze maachen

Wuelwëssend, datt no de jéngste schwéieren Iwwerschwemmungen zu Lëtzebuerg vill Bierger aktuell mat zousätzleche gravéierende Problemer konfrontéiert sinn, wäerten d’Corona-Kris an hir Auswierkungen och an de kommende Méint am Fokus stoen.

Wie wierklech geduecht hätt, datt mam Oflaf vum vergaangene Joer d’Covid-Pandemie iwwerstane wier, deen huet sech enges Besseres beléiere loosse mussen. Och dat éischt Hallefjoer 2021 konnt leider net als en Normaalt bezeechent ginn. No zäitweis réckleefegen Infektiounszuelen goufen an de leschte Woche Lockerunge vun de Corona-Beschärnkungen decidéiert, déi ugeséicht vun enger allsäits erkennbarer Pandemiemiddegkeet vu wäiten Deeler vun der Bevëlkerung ausdrécklech begréisst goufen.

Obwuel bei der Fussball-EM (e lukratiivt Geschäft) e puer Stadie mat zéngdausende Fans gutt gefëllt waren, esou wéi wann et ni eng Pandemie ginn hätt, ka kee widderspriechen, datt d’Infektiounszuelen nees klammen. D’Corona-kris gehéiert leider nach ëmmer net ganz der Vergaangenheet un.

Et gëllt weiderhin, am Interessi vun der Gesondheet vun alle Bierger, verantwortungsvoll ze handelen. Fir datt dat och vun Erfolleg gekréint si wäert, sollten déi gesetzlech Moossname koherent an allsäits verständlech sinn. Dëst ass leider nach laang net ëmmer de Fall. Villes, wat an der Theorie gutt kléngt, erweist sech an der Praxis als schwéier ëmsetzbar. Obwuel sech erëm wäit Deeler vun Europa op der Corona-Kaart rout fierwen, gëllt et virsiichteg optimistesch ze bleiwen.

An dësen onsécheren Zäiten, an deene vill Mënschen ëm hir Existenz fäerten an net wëssen, wéi hir Zukunft ausgesi wäert, huet d’CGFP hir Ënnerschrëft ënnert ee verantwortungsvollt a vernënftegt Gehälterofkommes gesat, dat an dëst schwéiert Ëmfeld passt.

Wat déi fräiwëlleg Impfungen ugeet, hätt ee vun der Regierung wäitaus méi erwaarde kënnen. Obwuel vill aner Länner mat guddem Beispill virgaange sinn, hat Lëtzebuerg op eng Impfprioriséierung vun alle systemrelevante Beruffsgruppe verzicht, déi am Déngscht vun der Allgemengheet duerch villfälteg Kierperkontakter gréissere gesondheetleche Geforen ausgesat sinn.

Grad hei hat d’Regierung och als Employeur bewisen, wéi e gerénge Stellewäert hir Mataarbechter offensichtlech fir si duerstellen.

Net jiddereen ass en IT-Spezialist!

Am Beruffsalldag hat sech duerch d’Pandemie villes geännert. Den Homeoffice ass fir zuelräich Employéen a kierzester Zäit zur Normalitéit ginn. Ënnerriedungen a Versammlunge gi bal just nach iwwert Visekonferenzen ofgehalen. Esou schéin dat och ass, sozial Kontakter ginn dobäi verluer, e gesellegt Zesummesinn war bis viru Kuerzem nach eng Saach vun der Onméiglechkeet.

An e puer staatlechen Déngschtstellen gëtt dëst och elo nach op d’Sëtzt gedriwwen, andeem souguer normal Léiercoursen just nach op Distanz ofgehale ginn. Wien an de vergaangene Méint reelegméisseg un esou virtuelle Meetings deelgeholl huet, dee kann e Lidd dovu sangen, wéi d’Opmierksamkeet vun alle Bedeelegten iwwerméisseg strapazéiert gëtt.

Stonnelaang als Formateur virun engem aus technesche Grënn oft schwaarze Schierm Couren ofzehalen, déi vollst Konzentratioun ze verlaangen, ass just de Wéinegsten zouzemudden. Dovunner ofgesinn ass Distanzunterrecht ganz sécher net am Interessi vu Schüler an deenen, déi eng Léier maachen. Hei muss et am Uschloss un d’Pandemie zu engem Ëmdenke bei de Verantwortleche kommen.

Well: Net jiddereen ass en IT-Spezialist! Mee och wann eis Säitens der Regierung dauernd gesot gëtt, et géif keen anert wichteg Thema wéi „Corona, Corona“, ginn, esou muss Folgendes festgestallt ginn:

Elo wou kloer erkennbar ass, datt d’Pandemiebekämpfung op europäeschem Niveau alles anescht wéi zefriddestellend war an ass, verlaangen d’Bierger, datt déi sozial Komponent an Europa gestäerkt gëtt. Déi europäesch Sail vun de soziale Rechter muss dofir schnellstméiglech an d’Praxis ëmgesat ginn, dat mat enker Abannung vun alle Sozialpartner an der Zivilgesellschaft.

Vill Decisioune ginn op europäeschem Niveau getraff. Fir den zuelräichen Euroskeptiker d’Waasser ofzegruewen, mussen d’Bierger wäitaus méi wéi bis ewell an den europäesche Meenungsbildungsprozesser betreffend Zukunftsfroen agebonne ginn. Si musse gesinn, datt hire Bedenke Rechnung gedroe gëtt. Just e soziaalt a biergernot Europa wäert déi gréisstméiglech Akzeptanz bei de Bierger fannen.

Doriwwer hannenaus gëtt et e puer Memberlänner, deenen hir Regierungen déi europäesch Wäerter mat Féiss trëppelen. Vu Rechtsstaatlechkeet keng Spuer. Besonnesch hei gëtt mat Argusaen beobacht, wéi déi politesch Vertrieder vun Europa mat dëser inakzeptabele Situatiounen ëmginn. Bis elo ass dat op wéineg iwwerzeegend Aart a Weis entstanen.

Ee gewësst Mooss u Skepsis muss erlaabt sinn

Aktuell gëtt de Steiermindestsaz fir international agéierend Grousskonzären grouss geschriwwen. Obwuel et ouni Zweiwel e Schrëtt an déi richteg Richtung duerstellt, muss ee gewësst Mooss u Skepsis erlaabt sinn. E puer – och europäesch – Länner hu sech schonn ofleenend geäussert. Bleift ze hoffen, datt et net just bei den Ukënnegunge bleift.

An: Den Amazon-Grënner Jeff Bezos huet sech scho mat der Iddi vun enger Besteierung vu Mutlikonzären ugefrënnt. Dat muss engem dach ze denke ginn.

Opgrond vun der Corona-Pandemie ass déi zu Lëtzebuerg mat vill Pomp ugekënnegt grouss Steierreform op de Sankt-Nimmerleins-Dag verréckelt ginn. Net just Elengerzéiend mussen aus dësem Grond weiderhin op e méi gerechte Steiersystem waarden.

Onbestreitbar ass, datt sech déi sozial Ënnerscheeder wärend der Pandemie vergréissert hunn. Dat selwecht gëllt fir d’Wunnengspräisser, déi an engem Joer en zweestellegen Zouwuess ze verzeechnen hunn.

Eppes sollt op kee Fall vergiess ginn: D’Pandemie ka laangfristeg just dann iwwerwonne ginn, wa weltwäit all Bierger gläichermoossen Zougang zu de bestoenden Impfstoffer erhalen. Datt dëst op mannst zum aktuellen Zäitpunkt net de Fall ass, bezweiwelt keen. Dës Zilsetzung wäert och an Zukunft net erreecht ginn.

Op der anerer Säit wäert fréier oder spéider e Kassensturz ginn. Spéitstens dann wäert sech weisen, wie schlussendlech fir d’Corona-Kris opkomme muss. Eppes dierf op alle Fall net nach emol wéi deemools bei der Finanzkris geschéien: Déi natierlech Persounen dierfen dës Kéier net eesäiteg zur Keess gebiede ginn!

Sollt dëst alles an Dräiergespréicher diskutéiert ginn, da bleift just ze hoffen, datt de vun der Regierung ëmmer nees héich geluefte Sozialdialog endlech sengem Numm gerecht gëtt. D’Regierung dierf sech net domat zefridde stellen, just nozelauschteren. D’Iwwerleeungen vun de Sozialpartner mussen och an den Entscheedungsprozess mat afléissen. Bei den Diskussiounen am Kader vum europäesche Semester war dëst net de Fall. Esou gesäit e gutt fonctionnéierende Sozialdialog entgéint allen Aussoen net aus.

Et ass ni ze spéit, et besser ze maachen. D’Regierung ass gefuerdert. Elo schonn op déi kommend Walen ze kucken, wier de falsche Wee.

Matgedeelt vum Romain Wolff, CGFP-Nationalpresident

Related topics CGFP, Corona-Pandemie, Europa, Formatiounen, Fussball-EM, Homeoffice, Impfung, Neiinfektiounen, Normalitéit, Romain Wolff, Sozialdialog, Steiermindestsaz, Zukunftsfroen
Next post Previous post