Nodeems den 18. Mäerz 2021 en Appell u Lëtzebuerger Komponisten a Komponistinnen, respektiv déijéineg déi hei am Land Resident sinn, erausgaangen ass, sinn 23 Dossieren agereecht ginn, wouvun elo 9 musikalesch Schöpfer den Optrag kruten.
Zesumme mat hire Partner – den Orchester an Ensembelen – huet de Kulturministère déi verschidden Dossieren ausgewäert. Eenzeg Virgab fir d’Komponisten war et, e Stéck vun op mannst 8 Minutten fir de jeeweilege Grupp ze kreéieren.
Ma, déi Auserwielten an den Orchester, respektiv Ensembel, kréien heivir am Ganze 60.000 € (ouni TVA) vum Kulturministère zur Verfügung gestallt.
Ausgewielt goufen:
- De Marc Desorbay fir d’Lëtzebuerger Militärmusek
- De Marco Pütz fir de Luxembourg Wind Orchestra
- De Gilles Noesen fir de Lëtzebuerger Jazz Orchester
- D’Caroline Mirkes fir Ars Nova Lux
- Den Olivier Dartevelle fir d’Lëtzebuerger Europäesch Solisten
- De Gast Waltzing fir United Instruments of Lucilin
- Den Nik Bohnenberger fir Kammerata Luxembourg
- Den David Ascani fir de Lëtzebuerger Kammerorchester
- De Luc Grethen fir den OPL