Search

You may also like

Endlech… d‘Peppenger-Strooss zu Beetebuerg gëtt reamenagéiert
Neiegkeeten Stories

Endlech… d‘Peppenger-Strooss zu Beetebuerg gëtt reamenagéiert

Nodeems am Beetebuerger Gemengerot den 13. Juli den definitive Projet

Weider Grenziwwergäng wäerten opgoen
Neiegkeeten Stories

Weider Grenziwwergäng wäerten opgoen

De Jean Asselborn, Europa- an Inneminister begréisst d’Decisioun vun der

An de sozialen Netzwierker sinn Fake-News ënnerwee
Neiegkeeten Stories

An de sozialen Netzwierker sinn Fake-News ënnerwee

Eng Etüd huet erginn, datt Facebook-Poste mat falschen Informatioune sechsmol

Et fänkt un duer ze goen (Analys)

Den Handel wëll datt d‘Feierdeeg soll geschafft ginn, d‘Gewerkschaft OGBL hält dergéint

Et ass wierklech eng ganz droleg Welt an där mir haut liewen, och da wa gäre behaapt gëtt, datt et ni besser – oder anescht – war. Gëschter huet den OGBL, hei gestäipt vun déi lénk an der KPL, virum Wirtschaftsministère ee Protestpiquet ofgehalen a géint déi vu gewëssen Acteuren aus dem Handel geplangten Ouverture vun de Supermarchéen iwwert d‘Feierdeeg protestéiert.

Firwat sech hei déi aner Gewerkschaften net solidaresch gewisen hunn, an duerch Ofwiesenheet net nëmme geglänzt, mee esou och tacitement d’Fuerderung vun eben dëse „gewëssen Acteuren“ matgedroen hunn, erkläert sech net. Et kann ee sécherlech enger aner wirtschaftspolitesch Astellung hunn, woubäi engem als Gewerkschaft d‘Doleance vun de Beschäftegte scho wichteg misst sinn.

An esou hunn alleguerten déi wou sech gëschter ze Schued waren, sech mat de Beschäftegte vu Delhaize/Match ze solidariséieren an si ze ënnerstëtzen, och en Zeeche gesat, leider kee Schéint. Ugesiichts der Annonce säitens Delhaize/Match d‘Supermarchéeën elo net nëmme méi Sonndes, mee elo och op de Feierdeeg opzemaachen, wier eppes Mobiliséierung hei ubruecht gewiescht.

De klenge Mythos

Scho bei der Ukënnegung, wéi iwwregens och bei alle Protestpiqueten déi iwwer déi sozial Reseaue verbreet goufen, huet et vill Commentaire ginn, an deenen sech drop behaapt gëtt, datt et d‘Salariéeë wieren, déi sech d‘Sonndesaarbecht, an esou wuel och d‘Feierdagsaarbecht, wënsche géifen. Dat stëmmt esou net ganz, firwat een dëse Punkt eppes méi no dierf beliichten. Well vu „Wonsch“ kann hei net rieds goen. Et ass villméi en Zwang, an zwar ee wirtschaftlechen, besonnesch fir déi wou zu Lëtzebuerg ee Loyer ze bezuelen hunn.

Esou däerf hei kloergestallt ginn, datt et éischter d‘Reegel ass, datt déi am Handel beschäftegt méi no um Mindestloun sinn wéi dat gäre verkläert gëtt. Wou et ee Kollektivvertrag huet gesäit et wuel eppes besser aus, mee et verhält sech dann awer nach ëmmer esou, datt een och no zéng Joer an engem Betrib, nach ëmmer de qualifizéierte Mindestloun verweigert kritt. Datt Entreprise Personal beschäftegen dat an hiren Aen inkompetent ass, berout op streng wirtschaftlech fundéierten Etüden. Et erhéicht de Profit vun den Aktionären.

Kënnt nach derbäi, datt vun allen, déi sech an de sozialen Netzwierker zu de Komplize vun dëse Konzerner maachen, net een eenzege fir esou eng Pai de Fanger géif kromm maachen. Zudeem gëtt iwwersinn, datt dat eigentlecht Zil vum Handel déi permanent Ouverture vun de Geschäfter ass. 24 Stonnen op 24 an 7 Deeg op 7, esou d‘Virstellung, wier déi eenzeg Méiglechkeet sech dem Online-Handel entgéint ze stellen. Eng Rechnung déi dreet opzegoen, wa sech Gewerkschaften, Personal an Zivilgesellschaft deem net an de Wee stellen.

Liewensqualitéit: ee Privileeg vum Management?

Elo muss kee mengen, datt all déi wou sech bereet erklären, sech net nëmmen der Flexibilitéit – déi jo mëttlerweil och zu de Geschäftsgrondlage gehéiert – ënnerwerfen, mee och „fräiwëlleg“ all Sonndeg mathuelen deen hinnen „ugebuede“ gëtt, iwwert dësen Ëmwee a méi Liewensqualitéit investéieren. Si maachen dat an éischter Linn, fir iwwerhaapt emol iwwert d‘Ronnen ze kommen.

OGBL© Martine de Lagardère/moien.lu

Am Interview mam Ali Ruckert, Chefredakter vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, erkläert den David Angel, Zentralsekretär fir den Handel beim OGBL:

„Mir hunn am Virfeld zur Protestaktioun versicht méiglechst vill Lounofhängeg vu Match, mee och vun aneren Handelskonzerner ze erreechen, fir hinne verständlech ze maachen, datt et an hirem eegenen Interessi ass, sech géint d‘Aarbecht u Sonn- a Feierdeeg zur Wier ze setzen an d‘Kolleegen wéi d‘Kolleeginne vu Match ze ënnerstëtzen.

Déi hunn an der tëscht d‘Erfarung gemaach, wéi ageschränkt hiert Familljeliewen an d‘Deelnam u kulturellen an/oder sportlechen Ereegnesser ass, wa si Sonndes schaffe mussen. D‘Feierdeeg elo schaffen ze mussen, verschlëmmert dës Situatioun nach“.

Um Protestpiquet, hat den David Angel nach eng esou interessant wéi am Ënnertoun ironesch Matdeelung am rhetoresche Gepäck. Esou huet hien déi gutt Noriicht verbreet, datt Delhaize/Match sech bereet erkläert huet, d‘Geschäfter awer op Nationalfeierdag zouzeloossen. Dat ass ee wierklech grousse Gest, woubäi… esou eppes trauen sech net emol méi d‘Amerikaner, an déi si Virbild.

Foto & Galerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics déi lénk, Delhaize, Feierdagsaarbecht, KPL, Match, OGBL, Protestpiquet, Sonndesaarbecht
Next post Previous post