Et geet op Chrëschtdag duer

Ee Freideg 3. Dezember mécht den Déifferdenger Chrëschtmaart seng Dieren op. Et heescht et wier deen eelste senger Aart am Land. Wann et richteg ass, datt dësen zanter 1977 all Joer an der Stolstad organiséiert gëtt, esou muss en sech hei op d‘Definitioun bezéien, wier et passend ze maachen. An eigentlech ass jo och méi wichteg datt et iwwerhaapt stattfënnt an de Leit eppes gebuede gëtt.

Dëst Joer ginn op der Maartplaz nees iwwer drësseg Chaleten opgeriicht, déi da vum 3. bis den 21. Dezember, all Dag vu 14 bis 20 Auer (Freides bis 22 Auer) de Leit vill ënnerschiddlech Wueren a Produkter bereet halen. Aus verständleche Grënn, gëtt de Chrëschtmaart ënnert dem CovidCheck -Regime ofgehalen. Et huet awer net nëmme Konsum, nee och déi kulturell Offer ass räichhalteg.

Een deen sech den Ëmwee iwwer Déifferdeng net wäert huele loossen, ass Zinniklos. De Mann mat senger Tiara, engem Iesel dofir ouni Kniecht, huet wësse gelooss, datt hie pénktlech de 5. Dezember um 14 Auer d‘Maartplaz vun Déifferdeng wäert besichen. Zu sengen éieren organiséiert d‘Stad en Defilé, dee vum Parking „Contournement“ duerch de Stadzentrum bis op de Chrëschtmaart féiert.

A soss esou…

Iwwert déi ganz Dauer vum Chrëschtmaart, gëtt et eng Fotoausstellung ënnert fräien Himmel. Den Thema: „Zréck zur Normalitéit“. En Titel dee Stad awer aus Grënn an englescher Sproch mat Back to Normal iwwersat huet, fir eng majoritär frankophon ausgeriichte Stad, wuel en Tribut un de Lëtzebuerger „Nei-Spriech“. Wéi och ëmmer… d‘Gäscht vum Chrëschtmaart sinn agelueden sech hiert léifste Bild, dat vu jonke Mënschen tëscht 12 a 26 Joer erschafe gouf, auszewielen.

Huet de Visiteur sech seng Liblingsfoto auserwielt, kann hien dëst bei de Käschtefrënn (Friends of teh Chestnut) aktéiere loossen. Et kann een anersäits och ganz bequeem säi Choix iwwert de Site vun der Gemeng Déifferdeng umellen. D‘Laureate vun dësem Concours ginn uschléissend mat engem Akafsbong vun 100 bis 250 Euro belount. Dës kënnen an allen Déifferdenger Geschäfter ageléist ginn. Dat selwecht gëtt et fir d‘Chrëschtbeem, déi vu Schoulkanner dekoréiert goufen.

Déi kleng Besonneschkeeten

Als Highlight dierf ee wuel och d‘Äispist ernimmen, déi matten an der Foussgängerzon stoe wäert, an natierlech och iwwert de ganzen Zäitraum vum Chrëschtmaart fir de Public op ass. Fir eis an är Krapperten a Knetzele steet nach d‘Karussell „Golden Lady“ op der Plaz, an dat bescht, den Tour mam Karussell gëtt vun der Stad Déifferdeng offréiert. Also wann dat keng flott Offer fir d‘Fest ass, da wësse mir et och net.

Vergiesse mer awer elo bei dësem flotte Programm net ze erwänen, datt et och nach ee sportlecht Erliefnes huet. Zanter Jore gëtt jo an dësem feierleche Kontext den allsäits beléifte Chrëschtlaf organiséiert. Dëst Joer ass et déi 17. Editioun an si gouf op den 12. Dezember festgeluecht. Hei huet et selbstverständlech och eng Epreuve fir d‘Butzen. Si starten als éischt um 14.30 Auer, déi Erwuesse ginn um 15.30 Auer un den Depart. (weider Informatiounen heizou fannt dir ënner der Adress www.cl15.rbuap.com – d‘Aschreiwunge maachen sech per eMail un cl@rbuap.com)

Illustratioun: © Karsten Winegeart / unsplash

Dernières nouvelles