Search

You may also like

OpenClassrooms: E neit Partenariat mat der ADEM
Neiegkeeten

OpenClassrooms: E neit Partenariat mat der ADEM

Um Dënschdeg ass op der ADEM den Accord, deen de

dislike
Presidentewal am Kenia annuléiert
Neiegkeeten

Presidentewal am Kenia annuléiert

Um Freideg huet den ieweschte Geriichtshaff am Kenia eng historesch

RTL Grupp léist Verhandlungen zum Sozialplang scheiteren
Neiegkeeten

RTL Grupp léist Verhandlungen zum Sozialplang scheiteren

Wéi den OGBL matdeelt, sinn no aacht Verhandlungsronnen tëscht Personaldelegatioun

Impfcampagne: …et géif gutt lafen

Fir de Luc Feller, héije Kommissär fir Nationalschutz, ass et begréissenswäert, datt mir eis esou impfbereet weisen

Impfcampagne: …et géif gutt lafen

Laut dem héije Kommissär fir Nationalschutz, hunn eng 60% vun de Residente mindestens déi éischt Impfdosis erhalen. Bis zu 40% vun den Erwuessene wiere scho vollstänneg geimpft. Dat d‘Ausso op der Antenn vu RTL.

Sécher wier d‘Bedeelegung vu 76% op eppes iwwer 70% gefall, mee alles an allem géif sech dat mat der Strategie opgoen. Op de sougenannte Waardelëschte fir d‘Produite vun AstraZeneca an Johnson&Johnson wiere ronn 57.000 „Demandeuren“ enregistréiert ginn, vun deene schonn ee ganze Koup hir „Aluedung“ kritt hunn. De Luc Feller huet nach bemierkt, datt et am Kontext vun der Summervakanz zu Changementer komme wäert.

Wierklech decidéiert schéngt nach näischt, mee et gouf Indikatiounen zu deem wat gewollt ass. Et wäert wuel derzou kommen, datt d‘Impfzenter – no engem nach ze erstellende Kalenner – der Rei no wäerten hir Dieren zou maachen. Ob dann d‘Impfcampagne an d‘Praxisse vun den Doktere verluecht gëtt? Fir eng kloer Ausso war et um Virowend vum Nationalfeierdag eppes fréi. Et wéilt een awer an den nächste Woche Propose virleeën.

Illustratioun: © Patrick Schneider / unsplash

Related topics héije Kommissär fir Nationalschutz, Impfcampagne, Impfstrategie, Impfzenter, Luc Feller
Next post Previous post