De franséische Premierminister gräift déif an d‘Täsch
Bei eise franséischen Nopere goufen zanter Ufank vun der Covid19-Pandemie
Bei eise franséischen Nopere goufen zanter Ufank vun der Covid19-Pandemie
No den Terroruschléi déi ganz Sri Lanka an Angscht versat
No der éischter EP „Tic Tac“ am Joer 2016 an
Schonn um fréie Moien huet Météo Boulaide fir haut Maximaltemperature vun 21 bis 26 °C, mat schwaachem Wand aus dem Nordwesten ugekënnegt. Mat Reen kann een déi nächst Zäit net rechnen: Et bleift sonneg an dréchen, woubäi muer bis zu 30 °C, en Donneschdeg, bis zu 33 °C an e Freideg bis zu 36°C waarm kënne ginn.
Besonnesch um Weekend gëtt et dann esou richteg mockeleg, wann net souguer ellen hëtzeg. E Samschdeg wäert den Thermometer tëscht 33 an 37 °C uweisen, ähnlech gesäit de Sonndeg aus. Och Nuets falen d’Wäerter net wierklech ënnert 20 °C. Ma, domat soll et souguer méi waarm, wéi zu Lissabon, Malaga oder Tunis ginn.
© Lubomirkin / Unsplash
Wéi ee sech bei dësen Aussiichten verhale sollt, misst eigentlech jiddwerengem bekannt sinn. De Gesondheetsministère erënnert trotzdeem un déi 5 Haaptpunkten, déi eis de Summer verséissen:
Bei extremem Waasserverloscht, der Perte vu Mineralien an immenser Sonnenastrahlung sinn éischt Warnzeechen Krämp un Ärem, Been an am Bauch. Wien net handelt leit uschléissend un Dusel, Schwächt, Kappwéi oder fält souguer Schwaach. An dësem Fall gëllt et direkt an de Schiet ze goen, Waasser ze drénken an ze raschten. Am Eeschtfall soll en Dokter geruff ginn.
An dësem Kader weise mir och nach emol op d’Campagne „Entscheet dech richteg“ vun der Fondation Cancer hin, déi op de richtege Schutz virun der Sonn opmierksam mécht. Denkt och drun, fir d’Wuelergoe vun Ären Hausdéieren ze suergen, si net eleng am Auto zeréckzeloossen, net um gliddegen Ënnergrond spadséieren ze goen an hinne genuch Waasser zur Verfügung ze stellen!
Opmaacherbild: © Josh Rakower