Search

You may also like

De Kollektivvertrag mat der ISL steet
Neiegkeeten

De Kollektivvertrag mat der ISL steet

De Kollektivvertrag fir déi Beschäftegt vun der Internationaler Schoul zu

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll
Neiegkeeten

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll

Mat senger neier Interpretatioun vum Rhythm and Blues a sengem

En neie Stroossebelag fir de Rondpoint vun der Route d’Esch an der Rue de Hollerich (31.08-01.09.2020)
Neiegkeeten

En neie Stroossebelag fir de Rondpoint vun der Route d’Esch an der Rue de Hollerich (31.08-01.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt de Rondpoint, deen duerch d’Route

Et hat ni ee Récktrëtt ginn

Ex-Minister Braz (déi gréng) geet géint seng éierewierdeg Demissioun aus der Regierung vir

Et hat ni ee Récktrëtt ginn

En interessante politesche Rechtssträit schéngt sech unzekënnegen, nodeems de fréiere Vizepremier a Justizminister Felix Braz direkt zwou Kloe beim Verwaltungsgeriicht agereecht huet, fir géint déi „éierewierdeg Demissiounvum 11. Oktober virzegoen.

Réckbléck

Den 22. August 2019 huet de Minister Felix Braz (déi gréng) en Häerzinfarkt erlidden a war an der Belsch hospitaliséiert ginn. Et hat de Politiker wierklech béis erwëscht an nodeems kloer war, datt hie mindestens fir Méint géif ausfalen, hu missen Decisioune geholl ginn. An enger éischter Phas hat de François Bausch kommissaresch de Justizministère iwwerholl, iert et dann zu Regierungsëmbildung komm ass. Déi gouf dann esou och am September beschloss.

Felix

Nodeems Enn September de Remaniement duerch war, an den 11. Oktober 2019 de Groussherzog. dem Xavier Bettel säin Dekret zur éierewierdeger Entloossung ënnerschriwwen hat, war de Felix Braz, de jo am Koma geleeë war an esou och net konnt gefrot ginn, net méi an der Regierung. Haut ass d‘Sam Tanson Justizministesch an de François Bausch ënnert anerem ee vun de Vizepremieren.

Et geet nees besser

Am Dezember 2019 hu mir freedeg bericht, datt et dem joviale Politiker besser géif goen, hien awer nach net iwwert „de Bierg“ ass, an sech d‘Rekonvaleszenz als laangwiereg presentéiere géif. An elo geet et dem Felix Braz dann tatsächlech nees besser, géint de Covid19 gouf hien och scho geimpft an et schéngt ganz, wéi wann hien decidéiert wier eng ganz Rei oppe Froen ze klären, déi, wann de Medien Informatiounszougank géif gewäert ginn, wuel schonn éischter op d‘Tapéit komm wieren.

De „Kläger“ wëll sech net selwer zum Rechtssträit äusseren, an et schéngt elo net drëms ze goen d‘Mandat juristesch zeréckzëerlaangen. Esou wei dem Minister säin Affekot et de Journaliste vum däitsche Mediekonzern Bertelsmann/RTL erkläert huet, sinn zwee Recoursen agereecht ginn, dat beim Verwaltungsgeriicht. An engem geet ëm déi „Demissioun“ wou de Felix Braz – dee louch do am Koma – net konnt ugefrot hunn. Déi aner wennt sech géint de Personalbüro vum Staat CGPO.

Hei, esou nach ëmmer den Affekot géintiwwer dem konventionéierte Staatssender, hätt sech CGPO net un d‘Gesetz gehalen an de Minister „diskriminatoresch“ indemniséiert. Wat de Mann domadder genee soll gemengt hunn, an op dësen erwaart datt den onfräiwëllege Récktrëtt/Demissioun nees soll Réckgängeg gemaach ginn? Wuel éischter net, firwat dann och nees vun engem Prezedenzfall geschwuerbelt gëtt. Dat ass jo awer wuel generell ëmmer de Fall, wann et dat nach ni ginn huet.

Grenzen definéieren

De Felix Braz wëll sech an dëser Saach (nach) net direkt géintiwwer Journalisten ausdrécken, huet awer via Twitter duerchblécke gelooss, datt et hei am Fong drëms goe géif, datt zukünfteg net méi esou Situatiounen erbäigefouert kënne ginn. Woubäi een hei dann awer och nees op d‘Verfassung verweise muss: do seet den Artikel 77 ganz kloer, datt et de Groussherzog ass dee Minister ernennt oder ofsetzt. Datt esou eppes an der Praxis wuel anescht gehandhaabt gëtt, spillt rechtlech net mat.

Felix

Wärend sech säitens der Regierung an hei besonnesch de grénge Membere vun der Regierung kee wëll zu dësem Rechtssträit äusseren – datt ass ëmmer esou wann d‘Justiz mat enger „Saach“ befaasst gëtt – heescht et säitens der Partei, datt et zäitno soll zu engem klärende Communiqué kommen. Dat léisst vermudden, datt de Felix Braz seng leit net am Virfeld iwwert d‘Engagement vun eben enger juristescher Prozedur informéiert huet. Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten, huet sengersäits via Twitter erkläert, datt dëse Fall beweist, datt eis Gesetzer net adaptéiert sinn.

Illustratioun: © Evan Dennis / unsplash

Related topics déi gréng, Felix Braz, Häerzinfarkt, Justizminister, Rechtssträit, Récktrëtt, Vizepremier
Next post Previous post