Search

You may also like

Ghosn-Story: Flüchtege Manager gënnt sech grousse Medienoptrëtt
Neiegkeeten

Ghosn-Story: Flüchtege Manager gënnt sech grousse Medienoptrëtt

Hien hat et versprach an en huet sech dru gehalen:

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung
Neiegkeeten

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung

Zu Bagdad hunn dausende Mënschen um Trauerzuch fir déi vun

geek
Lëtzebuerg misst europäesch Copyrightreform bis Juni ëmsetzen
Neiegkeeten

Lëtzebuerg misst europäesch Copyrightreform bis Juni ëmsetzen

Déi sougenannt „Digital Single Market“ Direktiv 2019/790 (Copyrightreform) war bekanntlech

Educatioun: Et huet nach aner Suerge wéi de Covid19

SEW/OPGBL, APESS an ACEN riichten op en Neits een oppene Bréif un den Educatiounsminister

Educatioun: Et huet nach aner Suerge wéi de Covid19

Datt sech zanter elo engem gudde Joer alles eenzeg an eleng ëm d‘Covid19-Pandemie dréit, dat ass eng Evidenz déi sech net vun de Hand weise léist. Mee muss a soll een alles dëser Coronaviruskris ënnerwerfen? SEW/OGBL, APESS an ACEN weisen an hirem oppene Bréif un de Minister Claude Meisch drop hin, datt dës „Kris“ aner „Problemer“ net dierf ausblennen an een se ugoe muss.

Säitens de Gewerkschafte gëtt dann elo och gefuerdert, datt een déi „rouend Chantieren“ nees an Ugrëff hëlt an sech och nees den ausstoende Froen a Problemer zouwennt. Déi nächst Wochen a Méint mussen, an dat an enker Zesummenaarbecht mat den Acteuren um Terrain, déi aktuell – hors Covid19 – Problemer ugeschwat, beroden an enger Léisung zougefouert ginn. An et ass dréngend.

Déi hei genannte Gewerkschafte weisen op déi massiv sozial Ongläichheeten hin, déi am Kontext vun der sanitärer Kris weider zougeholl hunn, an dat an engem ganz bedenklechen Ausmooss. Et musse viabel Léisunge fonnt ginn, fir de Retard, dee vill Schüler an dëser Pandemie accumuléiert hunn, se resorbéieren. Et brauch zudeem eng effikass Ënnerstëtzung fir Schüler a Schwieregkeeten.

Aner Prioritéiten

SEW/OPGBL, APESS an ACEN warne viru „falschen Orientatiounen“. D‘Orientéierungsprozedur fir d‘5èmes Klassen ESG géif d‘Schüler zu engem Choix „par Defaut“ drängen, statt datt d‘Atouten an d‘Wënsch vun de Schüler géife berécksiichtegt ginn. Och d‘Léiere vu Sproochen – déi si jo och wichteg fir d‘Integratioun – muss vu Grondop nei iwwerduecht ginn. Dat vun der Alphabetiséierung am éischte Cycle vum Fondamental bis hin zu den Ofschlossklassen am Sekundarunterrecht.

An dat sinn d‘Chantieren nach laang net all, woubäi et scho gutt wier hei emol Ëmsetzungsfäeg a mat den Enseignanten ofgeschwate Léisungen auszeschaffen an unzewennen. D‘Gewerkschafte weisen och nach emol drop hin, datt et zwéngend noutwenneg ass, d‘Effektiver, also d‘Zuel vun de Schüler pro Klass – an dat an alle Schoulen, Cyclen a Bildungsberäicher – muss reduzéiert ginn.

Esou kéint an enger éischter – méiglechst kuerzer – Phas d‘Gréisst vun enger Klass op 24 Schüler, dann an der zweeter Phas, op 20 Schüler begrenzt ginn. Am Kontext vun der Gratuitéit vun de Schoulbicher fir de Fondamental an de Secondaire, sollt et méiglech gemaach ginn, datt Schüler vum ESC, ESG an der Beruffsausbildung, de Kopéierdéngscht gratis notzen dierfen.

An da fuerderen d‘Gewerkschaften, datt et eng déifgräifend Reflexioun betreffend d‘Zukunft vun der ëffentlecher Schoul muss ginn. Och dat selbstverständlech ënner Abannung vun allen direkt um Terrain aktiven Acteuren. Fir dat méiglech ze maachen, soll eng permanent Struktur geschafe ginn, an där sech Enseignanten, Schüler a Eltere reegelméisseg austausche kënnen. Ob a wéi de Minister sech dëse Fuerderungen unhuele kann, ass net gewosst, dofir awer, datt et ufänkt ze presséieren.

Illustratioun: © Sean Kong / unsplash

Related topics ACEN, APESS, Covid19, Educatiounsminister, OGBL, Perspektiven
Next post Previous post