Et huet nees Impf-Kakophonie

No de Skandinavier roden och franséisch Experte jonke Mënschen de Vaccin vu Moderna of

Et ass nees där Nouvellen eng, déi Waasser op de Mille vun der Verschwierung ofléist. Déi iewescht Gesondheetsautoritéit bei eise franséischen Noperen, huet eng Nott erausginn an där jonke Mënsche bis 30 Joer dovunner ofgerode gëtt, sech mam Vaccin vu Moderna, de SpikeVax, impfen ze loossen. Dat ass wuel nees eppes widderspréchlech.

Laut der „Haute Autorité Sanitaire“ (HAS) ass den Impfstoff vu Moderna maximal effikass, bezunn op de Wëssensstand vun haut, mee et hätt opfälleg Häerzmuskelentzündungen, dat besonnesch bei Mënschen ënner 30 Joer. Dat wier esou beim Corminaty vu Pfizer/Biontech net de Fall. D‘HAS ass däitlech: esouwäit méiglech, sollte Mënschen tëscht 12 an 30 Joer, net mat Moderna geimpft ginn.

Dat festgestallt a selwer eppes veronséchert, well jo déi Leit wou mam Janssen geimpft sinn, sech nach mussen een mRNA-Vaccin „noschéisse“ loossen, dozou géif de SpikeVax gehéieren, wat nees fir eppes Zweiwel a Mësstraue suerge kéint, hu mir nees eis Doktesch vum Vertrauen ëm Opklärung gebueden. Laut dëser, muss sech kee Mënsch dee mat Moderna behandelt ginn ass Suerge maachen.

Entspriechend den Etüden aus Dänemark, Finnland a Schweden, huet et faktesch en erhéichte Risk eng Häerzmuskelentzündung ze entwéckelen. Deen ass allerdéngs esou geréng, datt nach ëmmer de Benefice vun der Impfung, also als Schutz géint ee schwéiere Covid19-Infektiounsverlaf iwwerweit an et nach weider Ënnersichungen an Analyse brauch. Mee hei gëllt de Prinzip vun der Preventioun.

Domadder ass eng Nott, wéi déi vum HAS, absolutt berechtegt, mee si muss de Leit dann awer och richteg erkläert ginn. Eis Doktesch hält fest: Wien viru véier Woche mam SpikeVax geimpft ginn ass, muss sech definitiv kee Gedanken zu Niewewierkunge maachen. Wann een an dësem Zäitraum keng Broschtschmäerzen, Kuerzootmegkeet oder staarkt Häerzklappen hat, kritt een dat net méi.

Keng virschnell Schlëss zéien

Wann déi vun de genannte skandinavesche Länner getätegt Etüd ganz richteg zur Virsiicht oprifft, wat jo esou och vun de héchster franséischer Autoritéit an dëser Matière bestätegt gëtt, esou muss wierklech jidderengem verständlech sinn, datt de Risk wuel besteet awer extrem geréng ass. Et gëtt jo an dëser Hisiicht weider gefuerscht an analyséiert. Bis zur definitiver Etüd wäert et nach daueren.

Intressant dann awer, datt an Israel – dat ass dat Land dat vu sech behaapt déi véiert Well dank der 3. Dosis gebrach ze hunn – beim Thema „Häerzmuskelentzündung“ Pfizer/Biontech net als besser wéi säi Pendant vu Moderna anzeschätzen ass, zumindest statistesch. D‘Israelien, deenen ee schonn dierf eng gewëssen Expertise zougestoen, ginn dës „Wierkunge“ jo och mam néidegen Eescht un.

Aus hiren Date gëtt esou ervir, datt et béi 2,5 Milliounen Impfungen eng fofzeg Fäll opgetruede sinn, wou et zu enger Häerzmuskelentzündung komm ass. Dat léist sech alles behandelen an et kéim seelen zu Hospitalisatiounen. Firwat dann d‘Israelien nach emol ervirhiewen: „D‘Gefor vun enger Häerzmuskelentzündung ass méi grouss mat eng Covid19-Infektioun wéi mam Vaccin“.

Déi Lëtzebuerger Gesondheetsautoritéiten hunn nach keng Stellung zu dësen neien Erkenntnisser bezunn. Et wier awer ubruecht, wann ee sech schonn ëffentlech doriwwer beschwéiert, datt et Leit huet déi schlecht bis falsch Informatiounen erhalen, bei esou Meldungen zäitno d‘Bierger iwwert d‘Bedeitung vun esou Etüden an den dorausser resultéierende Reaktiounen ze informéieren.

mat indymedia/gva/par/tlv

Illustratioun: ® SpikeVax/Moderna

Dernières nouvelles