Search

You may also like

surprise
Di fräi Press gëtt ëmmer méi staark ugegraff – a mëttlerweil mengt een, et wier normal!
International Neiegkeeten

Di fräi Press gëtt ëmmer méi staark ugegraff – a mëttlerweil mengt een, et wier normal!

Ugrëff ob Journalisten, ëffentlech Tirade géint Medienhaiser, Hetzkampagnen an de

Nëmme wann s du hei 7 Froen richteg beäntwers, weess de iwwert de Weste vum Land Bescheed!
International Neiegkeeten

Nëmme wann s du hei 7 Froen richteg beäntwers, weess de iwwert de Weste vum Land Bescheed!

[onionbuzz quiz-id=103][/onionbuzz] Réiden ass den zweetgréisste Kanton vun eisem Land.

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht
International Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht

Saudiarabien huet en Donneschdeg bekannt ginn, datt 11 Persounen, déi

Et muss ee Grenzen zéien

NATO-Generalsekretär zitt d‘Rout Kaart fir den russeschen Zar an de wäissrusseschen Diktator

Et muss ee Grenzen zéien

Ee Méindeg 14. Juni fënnt den nächsten NATO-Sommet statt, an den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet an dësem Kontext emol eng Warnung a Richtung Moskau a Minsk ausgeschwat. Et géif ee ganz genee verfollegen, wat sech esou a Wäissrussland deet, an dat wier den Ament elo net wierklech erfreelech. Minsk géif sech vu Russland ofhängeg maachen an dat wier net akzeptabel.

Den offizielle Grond: de Walbedruch an d‘Verfolgung vun Oppositionellen a Wäissrussland. Den inoffiziellen: d‘Osterweiderungsbestriewe vun der Europäescher Unioun. D‘EU, d‘NATO an d‘USA ënnerstëtzen d‘Oppositioun a Russland an a Wäissrussland, net wëll dës virgëtt d‘Demokratie an dëse Länner aféieren ze wëllen, mee well et hëlleft d‘Grenze vun Europa nei ze definéieren.

Stoltenberg

Elo huet awer d‘Affär „Roman Protassewitsch“ dem Jens Stoltenberg allerdéngs och rhetoresch Munitioun geliwwert, firwat dësen an der „Welt am Sonntag“ kloerstellt: „Mir sinn natierlech bereet, am Eeschtfall all Alliéierten ze beschützen an ze verdeedegen. (…) Mir sinn opmierksam a verfollege ganz genee wat a Wäissrussland passéiert“. Gett hie vun engem oppene Konflikt aus?

Ouni spekuléieren ze wëllen, esou den NATO-Generalsekretär, géif een déi enk Zesummenaarbecht tëscht Moskau a Minsk als immens beonrouegend zur Kenntnis huelen. Russland, den historesche Feind vun der transatlantescher Allianz, géif bestänneg déi territorial Integritéit vu sengen direkten Nopere verletzen. Dat a Georgien a Moldawien, wéi an der Ukrain (Krim Annexioun / Donbass).

Stoltenberg

An esou dierft d‘Frëndschaft tëscht dem Vladimir Putin an dem Alexander Lukaschenko de 14. Juni ee vun de méi pointéierte Punkte sinn, iwwert dee sech um NATO-Sommet wäert ënnerhale ginn. Et hëlt och den US-President Joe Biden deel, dee familiär Interessen an der Ukrain huet. Elo sollt een awer net dovunner mussen ausgoen, datt sech schonn op ee bewaffente Konflikt virbereet geet.

D‘NATO huet jo eng „duebel Approche“ wat Russland betrëfft: Ofschreckung & Dialog. Fir de Russe verständlech ze maachen, wat ee bannent der NATO ënner Ofschreckung versteet, huet et d‘Manöver „Steadfast Defender 21“. Den Dialog bezitt sech dogéint op militäresch a politesch Erausfuerderungen, ass awer mat der Sanktiounspolitik vun den USA an der EU, eppes gestéiert

mat indymedia/bru

Illustratioun: Martin Dlugolinsky / pixabay

Related topics Dialog, Jens Stoltenberg, NATO, NATO-Sommet, Osterweiderung, Russland, Sanktiounen, Wäissrussland
Next post Previous post