Search

You may also like

FAL um Bostalsee: Op der Sich no 11 Vakanzebegleeder
Kultur Neiegkeeten

FAL um Bostalsee: Op der Sich no 11 Vakanzebegleeder

Mir si frou, Iech kënne matzedeelen, dass déi éischt Vakanzewoche

FDC: 545 Milliounen Euro an der Industrie vun de fossillen Energien
Kultur Neiegkeeten

FDC: 545 Milliounen Euro an der Industrie vun de fossillen Energien

No de Rechnunge vun déi Lénk huet de Kompensatiounsfong (FDC)

Vu Lauter Covid19 gesäit een den Amazonas net méi
Kultur Neiegkeeten

Vu Lauter Covid19 gesäit een den Amazonas net méi

Entspriechend den Zuele vun der brasilianescher Weltraumagentur INPE, sinn tëscht

Et reent… Konfetti!

D‘Kavalkad zu Käl fënnt e Sonndeg wéi virgesi statt

Et reent… Konfetti!

Frënn vun der Sonn an der gudder Laun, et gëtt gutt Nouvellen! Nodeems et wéinst „schlechtem“ Wieder de leschte Sonndeg net méiglech war zu Schëffleng wéi geplangt den Ëmzuch zur Fuesent ze maachen, ass elo confirméiert, datt d‘Kannerkavalkad zu Käl muer wéi ugekënnegt stattfënnt.

Gestart gëtt um 14.30 Auer an der Rue Notre-Dame, fir dann duerch d‘Stroosse vu Käl an Téiteng bis bei d‘Schongfabrick – do ass d‘Arrivée – ze lafen. Géint 17.30 Auer, also wann de Cortège et bis dohinner gepackt huet, kann ee sech dann um éiweg flotte Kannerbal „erhuelen“ an eventuell eppes opwiermen. Et sollt ee sech muer, also net op Fréijoerstemperaturen astellen…

Déi Erwuesse kommen awer iwwert déi nächst Weekender och nach op hir Käschten. Esou de 24. Mäerz zu Esch, den 30. Mäerz zu Waasserbëlleg, mat senger Nuets-Kavalkad. Den 31. Mäerz muss ee sech entscheeden: Réimech oder Péiteng. An hei déi bescht: Schëffleng gëtt nogeholl! Esou wéi eis d‘Frënn a Kollege vu Folklorama A.A.F.C. d‘Detailer ginn hunn, gi mir iech dat weider.

Related topics Fuesent, Käl, Kannerfuesbal, Kavalkad, Schongfabrik
Next post Previous post