Search

You may also like

What the Fakt – een ambitionéierte Primat am Weltraum
Business Money Neiegkeeten

What the Fakt – een ambitionéierte Primat am Weltraum

Ass de Mënsch sech fir ee Versuch ze schued, sou

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes
Business Money Neiegkeeten

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes

Während d‘Kierchemänner am Vatikan un hiren anzestrale Gebueter festhalen, Homosexualitéit

déi gréng: „A gudde wéi a schlechten Zäiten…“
Business Money Neiegkeeten

déi gréng: „A gudde wéi a schlechten Zäiten…“

Et gëtt ëmmer emol Héichten an Déiften am Liewen an

money

Et si Wantersolden – gitt wann ech gelift akafen

Et si Wantersolden – gitt wann ech gelift akafen

Zanter gëschter sinn d‘Wantersolden zu Lëtzebuerg ugelaf, an säit enger Woch hunn d‘Geschäfter jo och nees hir Diere fir d‘Konsumenten op. Nach ëmmer beherrscht d‘Covid19-Pandemie – déi sech och nach enger Rei Mutatiounen erwiere muss – d‘Aktualitéit, a groussaarteg Reklamm fir d‘Solde gouf och keng gemaach.

Et ass folgerichteg nach eppes fréi schonn un d‘Medien erunzetriede fir sech ze beschwéieren, datt et net genuch Clienten an de Geschäfter huet. Jo et ass richteg, datt Mëttwochs an der Stad Maart ass – dee gouf jo passagerement bei den Hamilius geprafft well de Knuedler reamenagéiert gëtt – wat eigentlech och ëmmer derzou bäidréit, datt d‘Konsumenten hir Nuesen an d‘Geschäfter halen.

Dat war gëschter, trotz eenegermoosse gemällegem Wieder an deem engen oder anere Sonnestral awer offensichtlech net de Fall. Wärend de Maart éischter gutt besicht war, sinn d‘Geschäfter eidel bliwwen. Dat ass, wann d‘Solden uginn, schonn eppes ongewinnt, fänkt dach bekanntlech de fréie Vull déi knackegst Wierm. Wann dann awer och déi grouss Geschäfter, nom éischte Soldendag net bereet sinn iwwert d‘Opkommen ze schwätzen, da weess een datt d‘Stëmmung schlecht ass.

Wien elo an dësem Kontext mat Télétravail an/oder der feelender Clientèle aus dem Ausland kënnt, kéint eppes falsch leien. Net datt Homeoffice an streng Covid19-Reegelen an den Nopeschlänner guer keen Impakt hätten – de President vum Geschäftsverband zu Tréier hat jo zum Boykott vun de Lëtzebuerger Geschäfter opgeruff – mee et gëtt nach eng Rëtsch aner Grënn ze respektéieren.

Déi lescht Woch, nodeems zu Diddeleng d‘Niddeschgaass an de Zenter „I am Duerf“ de Leit nees zougänglech gemaach gouf, hat och eppes laang Gesiichter ginn. Den Handel hätt sech, eng Woch virun de Solden och op Konsumente gefreet, déi leider eppes ausbliwwe sinn. Hei konnt nach mat „déi aner Woch fänken d‘Solden un“ d‘Absence vu kaffreedege Mënschen entschëllegt ginn, mee zuweile gëtt et nach vill aneres, iwwert dat ee sech sollt ufänken zäitno Gedanken ze maachen.

Jo, de Konsument huet iwwert de Verlaf vun der Pandemie seng Gewunnechten eppes ëmgestallt. Deen hat iwwregens och richteg gutt Zäit sech mat den neien Technologien ze familiariséieren an huet séier d‘Avantage vum Onlinehandel verstanen (Präis, zréckginn, asw.) wat dann elo wierklech schlecht fir den Eenzelhandel ass, och wann dësen iwwert de Lëtzshop op online erreechbar war.

Da sollt een och ee ganz wichtegen, wann net esouguer en essentiellen Detail – ëmmer bezunn op dem Lëtzebuerger seng Gewunnechten – net iwwersinn: et ass kee Bistro op an och op de Maufel, et sief et wier gewëllt dësen am Auto sëtzend ze genéissen, muss verzicht ginn. Béides allerdéngs, ass Bestanddeel vum „Shopping“ an ouni dës Anehmlechkeeten, kann ee grad esou gutt vun der Fotell aus d‘Solde maachen. Wéi gesot et ass praktesch an oft präislech méi wéi interessant.

Et kann ee Versteesdemech fir d‘Suerge vum Eenzelhandel hunn, wéi een es och dofir dierf hunn, datt d‘Politiker déi Entscheedungen treffen, nëmmen nach aus der Distanz matkréie wat sech esou op de Stroossen am Land deet a seet. Handel an Horesca, sinn iwwerraschend fir eis Elitte méi enk matenaner verbonnen, wéi si dat vun hiren Experten erkläert kruten. Abee merde alors…

Illustratioun: © Artem Beliaikin / unsplash

Related topics Covid19, Eenzelhandel, Konsumenten, Onlinehandel, Wantersolden
Next post Previous post