Search

You may also like

Wéi gutt kenns du den ale Stater Tram?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du den ale Stater Tram?

[onionbuzz quiz-id=54][/onionbuzz] Zënter Dezember 2017 huet eis Stad erëm en

BasTV: En interessanten Interview zum „Killer-Virus“ Covid19
International Neiegkeeten

BasTV: En interessanten Interview zum „Killer-Virus“ Covid19

Datt et zuweile ganz ënnerschiddlech Approche gëtt, och oder grad

Policebericht: En Zeienopruff a „Gewinntes“
International Neiegkeeten

Policebericht: En Zeienopruff a „Gewinntes“

Am Kontext vun engem Verkéiersaccident um 3. August sicht d‘Police

An de sozialen Netzwierker sinn Fake-News ënnerwee

An de sozialen Netzwierker sinn Fake-News ënnerwee

Eng Etüd huet erginn, datt Facebook-Poste mat falschen Informatioune sechsmol méi geliikt a gedeelt goufen, wéi seriö Noriichtequellen. Déi besoten Studie ass vun der Washington Post verëffentlecht ginn. Fuerscher vun der Universitéit zu New-York sou wéi der Universitéit „Grenoble Alpes“ hunn dës duerchgefouert.

An dësem Kader hunn Fuerscher méi wéi 2.500 Facebooksäite vun August 2020 bis Januar 2021 ënnersicht. „D’Studie beweist, datt Desinformatiounen een angeneemt Doheem – an een engagéiert Publikum op Facebook fonnt hunn“, sot d’Rebekah Tromble, d’Direktesch vum Institute for Data, Democracy Politics vun der Universitéit Washington. Si huet d’Resultater vun der Etüd iwwerpréift.

Ee Facebook-Spriecher sot, datt Engagement net mat der Unzuel vun de Persoune verwiesselt soll ginn, déi Bäiträg op Facebook gesinn. „Dës Studie ënnersicht an éischter Linn, wéi Mënsche mat Contenuen interagéieren. Dat ass net ze verwiesselen, mat der Unzuel vu Mënschen, déi et tatsächlech op Facebook gesinn“, huet de Facebook-Spriecher Joe Osborne deklaréiert. „Wann een sech déi Contenue mat de gréisste Reechwäiten op Facebook ukuckt, gesäit et net sou aus, wéi dës Studie seet.“

Den amerikaneschen US-President Joe Biden sot am Juli, datt sozial Medie wéi Facebook d’Verbreedung vun Desinformatioun iwwert den Covid19-Impfstoff zouloossen an domat „Mënschen ëmbréngen“. An enger Medieninteraktioun huet den Joe Biden Facebook direkt kritiséiert. Op d’Fro no engem Beitrag an de soziale Medien, huet hie geäntwert: „Si brénge Mënschen ëm – déi eenzeg Pandemie déi mir hunn, gehéiert zu den Ongeimpften, a si brénge Mënschen ëm.“

Facebook huet am Mee ugekënnegt, all Bäiträg vun Notzer ze läschen, déi widderhuelt Feelinformatiounen op de Plattforme verdeelen. Fir de Problem an de Grëff ze kréien, léisst d‘Organisatioun de Programm zur Iwwerpréiwung vu Fakten op Eenzelpersounen, Säiten a Gruppen op vollen Toure lafen. Dobäi gouf en och op Instagram ausgedeent.

Facebook gouf well vun ënnerschiddleche Politiker ënnert d’Lupp geholl, nodeems russesch Virwërf haart gi sinn. Hinne gëtt virgeheit, sech an déi US-Presidentschaftswalen aus dem Joer 2016 agemëscht ze hunn.

Am vergaangene Mount huet déi bekannte sozial Plattform méi wéi 300 Desinformatiounskonte geläscht, déi behaapt hunn, datt d’Impfstoffer vun AstraZeneca a Pfizer/Biontech d’Mënschen a Schimpanse verwandelen. Dës Konte goufe mat engem russeschen Desinformatiounsnetzwierk a Verbindung bruecht ginn. D’Netzwierker hunn et haaptsächlech op Benotzer an Indien, Latäinamerika an d’USA ofgesinn.

Illustratioun: © Kajetan Sumila / unsplash

Related topics Facebook, Fake-News, Feelinformatioun, Joe Biden, Rietsextremismus, Washington Post
Next post Previous post