Entrevue tëscht dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an dem Aarbechtsminister
Leschten Dënschdeg huet et tëscht dem Minister fir Aarbecht, Sozial-
Leschten Dënschdeg huet et tëscht dem Minister fir Aarbecht, Sozial-
D’Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg huet méi ewéi 19.200 Jugendbicher an däitscher,
Déi däitsch-franséisch Ausstellung NIGHTS vs LIGHT bitt de Visiteuren d’Méiglechkeet
Initiéiert gouf Etikamera vum Veräin etika, deen an enger Kooperatioun mat der Spuerkeess iwwert den alternative Spuer- a Kreditmechanismus zënter 1997 iwwer 200 Projete mat héijem sozialen an/oder ekologesche Méiwäert finanziell fërdert. D’Resultat vun der intensiver Beschäftegung mat zéng Projeten – vu ProActif a Co-Labor, iwwer Volvo, bis hin zu CELL an natur&ëmwelt – ass nach bis den 8. Februar an der Galshal vun der Gare ze gesinn.
Bei der Vernissage vun der Ausstellung, a Presenz vun der Kulturministesch Sam Tanson, huet d’Orit Israelson de Präis fir de beschte Storytelling iwwerreecht kritt, wärend d’Sana an d’Marie Sauerhöfer fir déi bescht Kompositioun ausgezeechent gi sinn. De Mikel Trako ass iwwerdeems besonnesch fir seng Eenzelfoto (Opmaacherbild) ernimmt ginn, déi de Jury am stäerkste beweegt huet: Et weist ee Projet zum Schutz vun der Biodiversitéit an Emeschbaach.
Bei der Expo, déi de ganzen Dag fräi zougänglech ass, sinn och Postkaarte vun ausgewielte Fotoe gratis erhältlech. Fir de Veräin etika ass dat eng gutt Geleeënheet, interessant an encouragéierend Projeten aus de Beräicher vun der ekologescher Landwirtschaft, erneierbaren Energien oder och der Reinsertioun vu Chômeuren ze presentéieren. Als Virreider vun engem noutwennege Wandel hu si besonnesch gënschteg Kreditkonditiounen erhalen.
D’Orit Israelson ass wärenddeem immens vum Engagement beréiert: „ Um Domaine vu Sunnen-Hoffmann goufen d’Wäibierger virun zwee Joer weiderhi gefleegt, obwuel de Frascht d’Riewen zerstéiert hat.“ Dat hätt déi déif Verbonnenheet zur Äerd gewisen, déi si un hiren eegene Papp erënnert huet, deen an Israel selwer als Bauer aktiv war.
Weider Informatioune ginn et ënnert www.etikamera.lu.