Search

You may also like

dislikesurprise
Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?
Kultur Neiegkeeten

Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?

Et ass nach net esou laang hier datt Thema iwwert

Den ACL presentéiert de Service Rétro-Évaluation
Kultur Neiegkeeten

Den ACL presentéiert de Service Rétro-Évaluation

Ab elo bitt den ACL Diagnostic Center déi sougenannt Rétro-Évaluation

Pipo Peng: De Büfdeck
Kultur Neiegkeeten

Pipo Peng: De Büfdeck

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

10 Joer Ettelbrécker Bibliothéik

10 Joer Ettelbrécker Bibliothéik

Fir hiert zéngjäregt Bestoen ze feieren, organiséiert d’Ettelbrécker Bibliothéik eng Rei Veranstaltungen am Mee 2019. Mat vun der Partie sinn ënnert anerem de Lëtzebuerger Schrëftsteller Roland Meyer an de Jean Pütz. Et wäerte keng “normal” Virliesungen dobäi sinn, hunn d’Veranstalter sech jeeweils eng afale gelooss.

2. Mee: Literaresch-kulinareschen Owend mam Roland Meyer

Loosst Iech gläich zweeërlee verwinnen, wann de Lëtzebuerger Auteur Roland Meyer aus sengem 2018 fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéierte Roman “Wenn immer alles so einfach wäre” virliest. Nieft dem literareschen Häppche kritt Dir nach e gudde Menü vum Kichechef zerwéiert. Séchert Iech Är Plaz en Donneschdeg, den 2. Mee zu Ettelbréck am Restaurant El Brasero fir dëse literaresch-kulinareschen Owend.

Treffpunkt: Um 19:30 Auer am Restaurant El Brasero (25, rue Guillaume L-9046 Ettelbruck)
Reservatioun: 26 81 30 84

8. Mee: Naturwëssenschafte mam Jean Pütz an der “Pützmunter-Lese-Show”

Mëttwochs, den 8 Mee ass um 19:30 Auer zu Ettelbréck am CAPE eng méi lass. De Jean Pütz, bekannt als Entertainer a Moderator, presentéiert a senger Show spannend a magesch Experimenter. Dobäi gëtt hien och déi eng oder aner Anekdot aus senger Biographie “Ich hab da mal was vorbereitet” zum Beschten.

Tarif: 15 Euro / 7,50 Euro fir Jonker
Reservatioun: Billetterie CAPE (2681 2681 / cape.lu)
Treffpunkt: Um 19:30 am CAPE (Centre des Arts Pluriels Ettelbruck)
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck

Jean Pütz

De Jean Pütz begeeschtert duerch seng sympathesch Aart a Weis Grouss a Kleng a bréngt engem Naturwëssenschaften op eng flott Manéier méi no. © Jean Pütz

11. Mee: Flott Liesung fir Kanner mam Dany Gales

Samschdes, den 11. Mee um 15:00 Auer invitéiert d’Ettelbrécker Bibliothéik dann op eng flott Liesung fir Kanner mat der Lëtzebuerger Schrëftstellerin Dany Gales. “D’Geschicht vum klenge Fuuss deen e Buch wollt schreiwen” gëtt mat musikalescher Begleedung an der Bibliothéik virgedroen. Den Entrée ass fräi.

15. Mee: Fotoausstellung “Ronderëm d’Buch” vum Photo-Club Ettelbréck

Mëttwochs, de 15. Mee invitéieren de Centre Hospitalier du Nord, de Photo-Club an d’Ettelbrécker Bibliothéik um 18:00 Auer op de Vernissage vun der Fotoausstellung “Ronderëm d’Buch” an der Entrée vun der Klinik. D’Ausstellung ass vum 13. bis den 28. Mee am Centre Hospitalier du Nord a vum 3. bis de 24. Juni am Centre Pontalize ze gesinn.

17. Mee: Dem Jeekel op der Spur – Ettelbrécker a Waarker Soen

Am Jeekelsbau zu Waarken kann ee sech de 17. Mee um 20:00 Auer op eng spannend Rees entféiere loossen, wann d’Denise Nicolay-Mohnen vum Jeekel vu Waarken, vum Geessebock vum Lompert, vun de Wiichtelmänner op der Haardt an op der Nuck, an nach vu villen anere virliest. Dat Ganzt gëtt mat Lëtzebuerger Lidder vun de “Lompekréimer” encadréiert.

Treffpunkt: Freideg, de 17. Mee um 20:00 am Jeekelsbau (44, rue de Welscheid L-9090 Warken)
Fräien Entrée

Related topics Bicher, Ettelbrécker Bibliothéik, Jean Pütz, Liesungen, Roland Meyer
Next post Previous post