Search

You may also like

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck
Neiegkeeten

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck

Wann sech der zwee zerklappen da freet sech den Drëtten…

Russland-Affär: Keng Beweiser?
Neiegkeeten

Russland-Affär: Keng Beweiser?

Et war eng laangwiereg a komplex Enquête, déi dem Sonnerermëttler

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa
Neiegkeeten

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa

2019 ass d‘Joer vun den Europawahlen, an nach iert et

Groussen Undrang op der 35. Ettelbrécker Foire Agricole

Groussen Undrang op der 35. Ettelbrécker Foire Agricole

De ganze Weekend iwwer war zu Ettelbréck eng méi Lass, well et war nees Foire Agricole. Eng Foire déi net nëmmen de Landwirt virbehalen ass, an sech ganz besonnesch fir d‘Familljen ubitt. An esou war d‘Editioun 2018 dann och nees zolidd Erfollegräich.

Laut den Organisateuren, hunn sech tëscht dem Freideg a Sonndeg, ganzer 35.671 Visiteuren duerch déi vill Alleeë vun der Foire op den Däichwise gedrängt. D‘Wieder huet sech vu senger beschter Säit gewisen, an et huet esouvill Interessantes ze gesinn an ze schmaache ginn, datt keen sech langweile konnt. De Rendez-vous gëtt dann och gäre vun de Landwirt genotzt, fir nieft dem Berufflechen Austausch, och de Kontakt mam Konsument ze knäppen.

E Konsument vun deem ee sech erhoffe sollt, dat och hie méi verantwortlech akeeft. Firwat et esou wichteg ass, déi Produkter déi hei am Land hiergestallt ginn, och entspriechend virzestellen. Op der Foire Agricole war et also méiglech, déi ganz Palett u Produite kennen ze léieren, déi d‘Land ze bidden huet. Vun „Sou schmaacht Lëtzebuerg“, iwwer „BIO Lëtzebuerg“ bis zu den „Food Heroes“, fir jidderee war eppes derbäi.

Mee et huet och ganz thematesch bezunne Stänn ginn. Hei zum Lëtzebuerger Fleesch an der Lëtzebuerger Mëllech. Eng helle Wull u Restauranten hunn zudeem gewisen, wéi gutt a lecker Menüe kënne sinn, déi ausschliisslech mat Lëtzebuerger Produiten hiergestallt goufen.

Sech en iwwerbléck verschafen

Et huet dann och eng ganz Rei Saache ginn, laanscht déi net ze komme war. Gutt bei de groussen Trakteren a soss landwirtschaftleche Gefierer, sinn net nëmmen de Butzen d‘Aen opstoe bliwwen, an och d‘Déiere vum Bauerenhaff huet ee misse gesinn hunn. Dëst Joer huet een sech zudeem, wann ee schwindelfräi war, konnten ee richteg gudden Iwwerbléck verschafen, wann ee sech op den 10 Meter héijen Holztuerm getraut huet.

Iwwer 100 verschidden Evenementer a Spektakel hunn d‘Offer vun der Foire Agricole ofgerënnt. Groussen Zousproch haten d‘Ardennerpäerd, wou de Public emol Live konnt materliewen, wat dës Déieren alles esou kënnen, woufir se och haut nach kënnen a sollten agesat ginn.

Natierlech huet een och gewise kritt, wéi déi ënnerschiddlech Produiten déi d‘Landwirtschaft hir gëtt, weiderverschafft ginn. Bei eppes méi wéi 300 Aussteller a Partner aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, dierft näischt vergiess gi sinn. An (bal) ëmmer gouf et eppes ze schmaachen.

Net ze vergiessen, well wierklech interessant: Atelieren. Eng ganz Rëtsch un Aussteller hunn Ateliere fir déi ganz Famill ugebueden. Am Kader vum „Duerf vun de Beruffer“ haten dann och sechs Lycéeën engt déck Dosen Atelieren ugebueden. Um Freideg haten dann och 180 Klassen aus dem Fundamental- a Sekundarunterrecht u 50 Atelieren deel geholl. Déi nächst Editioun gëtt scho virbereet, an den Datum steet fest: vum 5. bis 7. Juli 2019.

E vun den Héichpunkte vun der Ettelbrécker Foire Agricole, war de Besuch vu senger Altesse de Groussherzog vu Lëtzebuerg. Hien huet sech Zäit geholl, sech mat de Landwirt ausgetosch, mam Public interagéiert an den Acteure vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft seng Sympathie an Ënnerstëtzung ausgeschwat.

Related topics Ardennerpäerd, Ettelbréck, Foire Agricole, Groussherzog, Landwirtschaft
Next post Previous post