Search

You may also like

Letzshop.lu: E grousse lokale Gewënner vum Joer 2020
Neiegkeeten

Letzshop.lu: E grousse lokale Gewënner vum Joer 2020

Zënter September 2018 regruppéiert Letzshop.lu zuelräich lokal Händler, ënnerstëtzt si

Tacheles: Gutt informéiert Wielen!
Neiegkeeten

Tacheles: Gutt informéiert Wielen!

An erëm ass et esouwäit: all 5 Joer gi mir

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris
Neiegkeeten

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris

En Donneschdeg huet d’EU-Parlament sech fir eng Unzuel vun Noutfallmoossnamen

Den Ettelbrécker Impfzenter mécht seng Dieren op (Billergalerie)

Am Kader vun der Lëtzebuerger Impfstrategie huet haut den Impfzentrum zu Ettelbréck seng Dieren opgemaach. An der Sportshal vum CHNP, direkt vis-à-vis vum Fussballterrain, ginn elo Persoune mat Invitatioun a Rendez-Vous empfaangen. An der Billergalerie kënnt Dir Iech en Androck vun der Prozedur maachen.

No der Erëffnung vum Impfzenter um Lampertsbierg, an uschléissend deem zu Esch-Belval, ginn elo och zu Munneref, sou wéi zu Ettelbréck d’Vaccinen géint Covid-19 gesprëtzt. Den Oflaf ass dobäi op de 4 Plazen selwecht:

  1. Accueil: D’Persoun, déi op de Rendez-vous kënnt, gëtt vum Sécherheetspersonal kontrolléiert;
  2. Enregistrement: Iwwert ee Barcode op der Invitatioun oder der Carte de Sécurité Sociale gëtt een Dossier zum Patient erstallt. Ëm dës Etapp këmmere sech Agente vun der Douane, dem CGDIS an der Arméi;
  3. Waardesall: Weider geet et an de Waardesall, an deem déi concernéiert Persoun sech an d’Rei stellt, fir uschléissend an eng Kabinn geruff ze ginn;
  4. Impfung: Gëtt d’Luucht gréng, dierf een an d’Kabinn antrieden. Hei gëtt et ee kuerzen Entretien mam Medeziner, deen Iech Är Froen zur Impfung beäntwert a säin Accord zur Prozedur gëtt. Dës weideren këmmert de Medeziner sech och ëm den Impfzertifikat, deen dann un d’Infirmière/den Infirmier weidergereecht gëtt, fir de Vaccin ze sprëtzen;
  5. Erhuelung: An der Rouzon sollt déi geimpft Persoun sech e puer Minutten huelen, fir ze kucken ob si eng Reaktioun op den Impfstoff weist. Bei engem Noutfall gräifen d’Secouriste vum CGDIS an.

Den Ettelbrécker Impfzenter befënnt sech an der Rue du Deich L-9012 Ettelbréck. Eng Rei Parkplazen sinn direkt virun der Sportshal fir d’Persoune mat Rendez-vous reservéiert. Zu folgenden Zäiten ass op:

  • Méindes vun 13:00 bis 19:00 Auer
  • Dënschdes bis Freides vun 07:00 bis 19:00 Auer
  • Samschdes vun 07:00 bis 13:00 Auer

Weider Informatioune kritt Dir op www.covidvaccination.lu an op covid19.public.lu.

Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Accueil, CHNP, Erëffnung, Ettelbréck, Ettelbrécker Impfzenter, Impfung, Lëtzebuerger Impfstrategie, Sportshal, Vaccin
Next post Previous post