Search

You may also like

TDF: Geraint Thomas vu Sky gesäit giel
Neiegkeeten

TDF: Geraint Thomas vu Sky gesäit giel

De Gallier Geraint Thomas (Sky) huet sech um Samschdeg den

Waffepaus an Nordsyrien hält net
Neiegkeeten

Waffepaus an Nordsyrien hält net

Ankara beschëllegt d‘Kurdemiliz YPG 14 Ugrëff géint tierkesch Verbänn gefouert

„LALA – Lauter lëschteg Lauter“ soll d’Liesen an der Spillschoul fërderen
Neiegkeeten

„LALA – Lauter lëschteg Lauter“ soll d’Liesen an der Spillschoul fërderen

D‘Fuerscher vun der Uni-Lëtzebuerg hunn e wëssenschaftlech gepréifte Lies-Programm fir

Ëmweltschutz a Landwirtschaft si kombinéierbar, et muss een awer wëllen

Ëmweltschutz a Landwirtschaft si kombinéierbar, et muss een awer wëllen

Mam Bléck op d’Ausschaffung vun der Gemeinsamer Agrarpolitik (GAP) an dem nächsten Agrargesetz sollten déi richteg Moossname getraff ginn, fir datt déi biologesch Diversitéit tatsächlech gefleegt, geschützt an erhalen, gläichzäiteg awer och d’Wuel vun de Landwierte respektéiert gëtt.

An dësem Kader huet den Observatoire de l’environnement naturel mat Hëllef vun zwee renomméierten däitschen Instituter eng Etüd zum aktuellen Zoustand vun der Biodiversitéit erstallt a mat de Resultater méiglech Léisungen festgehalen. Dës faktebaséiert Grondlag gëtt de politesche Responsabelen virun d’Nues gehalen, fir datt et net erëm een „Mir mussen hei a mir wëllen do“, mee tatsächlech effikass Moossnamen duerchgesat ginn.

Ëmweltschutz a Landwirtschaft
Observatoire de l’environnement naturel

Et steet nämlech net gutt ëm eis Ëmwelt

Zum engen huet den Observatoire sech de Fuerschungsinstitut fir biologesche Landbau (FiBL) vu Frankfurt am Main, zum aneren den Institut fir Agrarökologie a Biodiversitéit (ifab) vu Mannheim zur Säit geholl, fir eng detailléiert Bestands- a Bedarfsanalys ze erstellen a Moossnamevirschléi ze entwéckelen. Dobäi huet ee sech op wëssenschaftlech Studien, offiziell Dokumenter an Interviews mat Experten aus de Beräicher Natur- a Waasserschutz, Ëmwelt a Landwirtschaft baséiert.

Ronn 68 % vun den natierlechen, respektiv naturnoen Habitater sinn an onausräichendem oder schlechtem Zoustand. Betraff si virun allem Oppeland a Fiichtgebidder. Dobäi kommen 84 % Gréngland-Habitater, déi a kenger gudder Verfassung sinn. Ma, dorënner leiden och zuelräich Déieren- a Planzenaarten – hei sinn et 83 % (ouni Vullen), deenen et schlecht ergeet.

Ëmweltschutz a Landwirtschaft
BIODIVERSITÄTS- UND UMWELTZIELE IN DER AGRARLANDSCHAFT LUXEMBURGS ERREICHEN DR. RAINER OPPERMANN, NADJA KASPERCZYK, DORIS CHALWATZIS3

Fréier staark vertruede Vullen, gëllen mëttlerweil als bedreet oder souguer ausgestuerwen. Ënnert anerem huet sech de Bestand vum Steekauz vun 3.400 bis 4.200 Exemplairen am Joer 1980 op 20-30 Exemplairen fir 2019 reduzéiert. Beim Feldhong waren et deemools 330 Exemplairen, haut ziele mir nach knapp 10-20 Exemplairen. D’Brongbrëschtchen ass souguer ganz verschwonnen.

Ähnlech schlecht Resultater bréngt den ekologeschen Zoustand vun den 98 natierlechen Uewerflächegewässer mat sech. Gutt 50 % vum Grondwaasser gëtt vum chemeschen Zoustand hir als „a kengem gudden Zoustand“ beschriwwen. Den Diagramm erkläert sech do vum selwen. Besonnesch d’Nitrat- a Pestizidbelaaschtung misst an Zukunft reduzéiert ginn.

Ëmweltschutz a Landwirtschaft
BIODIVERSITÄTS- UND UMWELTZIELE IN DER AGRARLANDSCHAFT LUXEMBURGS ERREICHEN

Vu kontraproduktive Moossnamen zu effikassen Handlungen

Wéi den Observatoire de l’environnement naturel erkläert, hätten d’Fërdermoossname vun de leschte Joren keng Verbesserung bruecht, se hunn hiert Zil net verfollegt an erreecht oder waren souguer kontraproduktiv.

Fir datt d’Moossnamen och ekologesch Wierksamkeet weisen an tatsächlech de Verloscht vun der Biodiversitéit verhënneren, mussen dës bei op mannst 30 % vum Gréngland an 25-30 % vum Akerland ugewannt ginn.

Laut der Etüd leien an den Drénkwaasserschutzgebidder ëm 16.000 Hektar landwirtschaftlech Flächen. Op 12.000 Hektar misst ënnert anerem d’Notzung vu Planzeschutzmëttel an Dünger reduzéiert ginn, den Aker a Gréngland ëmgewandelt a Gewässerrandsträifen agefouert ginn. Dovunner feelen nämlech ëm Etüd 575 km vun op mannst 5-10 Meter Breet.

Zousätzlech recommandéiert gëtt eng besser Koordinéierung tëscht de verschidde politesche Beräicher, dem Ausbau vu Berodungsariichtungen, en Entscholdungsprogramm fir Baueren déi hir Produktioun ëmstelle wëllen an eng besser Vermaartung fir nohalteg produzéiert Liewensmëttel recommandéiert

Ëmweltschutz a Landwirtschaft
BIODIVERSITÄTS- UND UMWELTZIELE IN DER AGRARLANDSCHAFT LUXEMBURGS ERREICHEN

Unhand vun 3 Zeenarie schloen d’Fuerschungsinstituter Folgendes vir:

  • Eenzelmoossname-Set: Fräi kombinéierbar a spezifesch Primmen fir Eenzelmoossnamen, déi de Baueren eng grouss Fräiheet bei hirem Choix ginn an d’Moossname gläichzäiteg méi attraktiv gestalten;
  • Prinzip vun der Primm fir d’Allgemengwuel: Dëse Moossname-Set ass mat engem spezifesche Punktewäert jee no Moossnam verbonnen, woubäi eng Mindestpunktzuel erreecht muss ginn, fir d’Primm ausbezuelt ze kréien;
  • Landschaftsfleegeprimm ++: Eng gesamtbetriblech Moossnam mat verschidden Oplagen, déi all erfëllt musse sinn (ekologesch Moossnamen bei op mannst 10 % vum Aker, op 10% Gréngland, op 5 % net-produktive Landschaftselementer a Fortbildungsverflichtungen)

Ëmweltschutz a Landwirtschaft
BIODIVERSITÄTS- UND UMWELTZIELE IN DER AGRARLANDSCHAFT LUXEMBURGS ERREICHEN

Fazit vun der Etüd ass, datt de politesche Wëlle muss do sinn, fir eng effikass Grondlag ze schafen. Zil ass et eng gemeinsam Léisung tëscht Landwirtschaft an Naturschutz ze fannen. D’Bauere sollen eng Méiglechkeet hunn hire Beitrag zur Sécherung vun der Biodiversitéit ze leeschten.

An dësem Kader invitéiert den Observatoire de l’environnement naturel den 10. Juni op d’Presentatioun vun der Etüd. De Webinar ass zu Informatiousnzwecker fir d’Ëffentlechkeet geduecht. Weider Informatioune ginn et op hirer Internetsäit.

Opmaacherbild: © Gabriel Manlake / Unsplash

Related topics Biodiversitéit, Ëmweltschutz, Etüd, Fuerschungsinstitut fir biologesche Landbau, Gemeinsam Agrarpolitik, Institut fir Agrarökologie a Biodiversitéit, Landwirtschaft, Naturschutz, Observatoire de l'Environnement Naturel, Politik, Steekauz, Waasserqualitéit
Next post Previous post