Search

You may also like

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen
Neiegkeeten

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen

Um Freideg haten d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an de Sozialminister Romain

Schwäiz: e Kanton wëll de „Burka-Verbuet“
Neiegkeeten

Schwäiz: e Kanton wëll de „Burka-Verbuet“

Gutt Zweedrëttel vun den Awunner vum Schwäizer Kanton Sankt Gallen,

UN-Riichter an der Tierkei veruertdeelt
Neiegkeeten

UN-Riichter an der Tierkei veruertdeelt

Déi tierkesch Justiz huet ee Riichter vum MICT (Mechanism for

EU: 20 Länner fir ee Parquet zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg europäesch Haaptstad vun der Justiz

EU: 20 Länner fir ee Parquet zu Lëtzebuerg

D”Justizministere vun 20 EU-Länner en Accord finaliséiert, fir e spezialiséierte Parquet am Kampf géint d’Hannerzéiung vun europäesche Subventiounen anzesetzen. De Sëtz vun dëser Institutioun kënnt op Lëtzebuerg. Déi onofhängeg Instanz kritt fir den Ufank nëmme Kompetenzen, an deene Länner déi un enger „verstäerkter Zesummenaarbecht“ deelhuelen.

Wieder Länner kënnen nokommen

Den Ausdrock weist op eng europäesch Prozedur hin, déi et erméiglecht d’Oppositioun vu verschidde Memberlänner ze iwwerwannen an engem Grupp Länner erlaabt Entscheedungen ze huelen déi nëmmen si betreffen. Och wa spéider weider Länner sech deem uschléisse kënnen. Am heite Beispill hu Länner wéi Holland, Schweden an Ungarn all Virukommen an dësem Projet blockéiert. Dobäi war de Projet u sech an den Accorde säit 2009 virgesinn an et geet säit 2013 verhandelt.

Vun Ufank un derbäi sinn elo also: Belsch, Bulgarien, Kroatien, Zypern, d’Tschechesch Republik, Däitschland, Griicheland, Italien, Éisträich, Litauen, Lettland, Estland, Spuenien, Finnland, Frankräich, Portugal, Rumänien, Slowenien, d’Slowakei a Lëtzebuerg.

Den europäesche Parquet „huet ënner gewësse Konditiounen d’Autoritéit fir ze enquêtéieren, Hannerzéiungen ze verfollegen an och aner Infraktiounen op de Grond ze goe wann dës de Finanzinteressie vun der EU schueden“, esou de Communiqué vum europäesche Rot. De Parquet besteet aus engen zentrale Büro zu Lëtzebuerg, wou europäesch Procureuren zesumme sinn – ee pro Memberstaat – an engem dezentraliséierten Niveau, mat „delegéierte Procureure“ an de Memberlänner. Dës dierfen iwwregens och national Procureure sinn.

Grenziwwerschreidend Kompetenz

D’Instanz sollt sech primär der Hannerzéiung vu strukturellen europäesche Fonge widmen. Se kritt och d’Kompetenz fir Hannerzéiunge vun der TVA mat grenziwwerschreidendem Charakter ze verfollege wann de Montant iwwer 10 Milliounen Euro läit. Laut der EU-Kommissioun entginn all Joer ronn 50 Milliarden TVA de nationale Budgete wéinst esou Hannerzéiungen. Et läit allerdéngs un der Komplexitéit vun den Enquête, datt d’Hannerzéiung an EU meeschtens zu Gonschte vun den Auteuren ausgeet.

Et ass ee prächtegen Dag fir déi europäesch Steierzueler“, kann sech d’Vera Jourova freeën, si ass d’Kommissärin déi sech ëm dësen Dossier gekëmmert huet. Formell brauch de Start vum Parquet nach d’Zouso vum europäesche Parlament. No dëser leschter Etappe sollt, esou d’Kommissioun, de Fonctionnement tëscht 2020 an 2021 ulafen.

De Justizminister Felix Braz huet sech no der Sëtzung ganz zefridde gewisen, wëll dësen Accord bestätegt, datt Lëtzebuerg déi europäesch Haaptstad vun der Justiz ass. Hien huet dann och verséchert, datt als designéiert Heemecht fir de Parquet, Lëtzebuerg sengen Engagementer wäert nokommen an derfir wäert suergen, datt dës Institutioun op zolitte Féiss ka Stoen.

mat AFP

Related topics EU, Europa, Lëtzebuerg
Next post Previous post