Search

You may also like

Fir begleedend Sécherheetspersonal an ëffentleche Verkéiersmëttel!
Neiegkeeten

Fir begleedend Sécherheetspersonal an ëffentleche Verkéiersmëttel!

Zënter der Aféierung vun der Maskeflicht an den ëffentleche Verkéiersmëttel

Wéi gutt kenns du Esch?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Esch?

[onionbuzz quiz-id=38][/onionbuzz] Esch ass eis zweet gréisste Stad a stoung

100 Joer diplomatesch Bezéiungen mat Polen
Neiegkeeten

100 Joer diplomatesch Bezéiungen mat Polen

De Groussherzogtum Lëtzebuerg an d’Republik Polen feieren an dësem Joer

EU-Ausseminister Krisesëtzung wéinst wäissrussescher Diktatur

EU-Ausseminister Krisesëtzung wéinst wäissrussescher Diktatur

Nodeems et leschte Weekend an der leschter europäescher Diktatur bei de Presidentschaftswahle méiglecherweis zu eppes Onregelméissegkeete kéint komm sinn, firwat dann och den Alexander Lukaschenko dës ganz knapp mat 80,2% fir sech entscheede konnt, gëtt et elo hefteg Kritik.

China a Russland haten dem Diktator fir säin éierlecht Resultat gratuléiert, wärend d‘Bierger an dësem Land op d‘Strooss gaange sinn, well si der Iwwerzeegung, datt hei muss gefuddelt gi sinn. Géint d‘Demonstranten huet de Staatsapparat seng Muskelen agesat. Heibäi huet et Affer ginn an och zu Verhaftunge vu Regimekritiker ass et komm. Datt fënnt d‘EU-Kommissioun net esou gutt.

A well sech d‘Lag an der fréierer Sowjetrepublik net wierklech ze entspane schéngt, obwuel nees eng ganz Rëtsch u verhaften Demonstranten op fräie Fouss gesat goufen, gëtt et zur Stonn eng virtuell Drénglechkeetssëtzung vun den EU-Ausseminister. Un dëser hëlt och eisen Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) deel, an vun dësem ass jo gewosst, datt hie kee Blat virun de Mond hëlt.

Hien huet dann och géinteniwwer dem wäissrussesche President eng kloer Positioun, déi awer huet den Ausseminister net de Lëtzebuerger Medien zougestanen, woubäi de Choix an dësem Fall dem „Deutschlandfunk“ d‘Primeur ze vergënnen, jo och eppes mat internationaler Visibilitéit ze dinn huet. Deen nächsten am Ausseminister senger Medienhierarchie dierft da Bertelsmann/RTL sinn.

Firwat ee sech amësche muss

Wärend de Jean Asselborn, déi stänneg verstéiss géint Mënscherechter a China, Russland oder wou soss och ëmmer éischter ausblennt, fuerdert de Sozialist géinteniwwer Wäissrussland eng méi streng Virgoensweis, ass sech dobäi awer bewosst, datt een d‘Demokratie net vu baussen hierstelle kann. Bei der Sonnersëtzung wëll hie sech dann elo och fir Sanktioune géint Wäissrussland asetzen.

Déi missten allerdéngs esou ausgeriicht ginn, datt d‘Zivilbevëlkerung net dorënner ze leiden huet. Hie kann sech den „amerikanesche Wee“ virstellen. Esou kéint ee Sanktioune géint eenzel Persoune wéi de President a säin Ëmfeld ergräifen, Geld op europäesche Konten afréieren an Ähnleches méi. Mee dat kann de Lëtzebuerger jo elo net eleng entscheeden, a wat déi aner wëllen ass net gewosst.

Versteesdemech dierf een awer hunn, wann de Stengeforter Cyclotourist besuergt ass, wéi sech den Avis vum ungareschen Ausseminister wäert unhéieren. Ungarn mam faschisteschen Autokrat Viktor Orban ass jo éischter fir eng Politik no wäissrusseschem Muster. Si kënne – well jo alles ëmmer mat Eestëmmegkeet muss beschloss ginn – Sanktioune labber verhënneren, a sief et just fir ze nerven.

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Alexander Lukaschenko, Ausseminister, Diktatur, EU- Ausseminister, Jean Asselborn, Sanktiounen, Wäissrussland
Next post Previous post