Search

You may also like

Transportsecteur: Den LCGB fuerdert en endgültegt Enn vun der Ongerechtegkeet!
International Neiegkeeten

Transportsecteur: Den LCGB fuerdert en endgültegt Enn vun der Ongerechtegkeet!

Als éischt emol äussert den LCGB seng Suergen iwwert déi

De Roboter als „juristesch Persoun“
International Neiegkeeten

De Roboter als „juristesch Persoun“

Déi vergaange Woch hat d‘Europadeputéiert Mady Delvaux Stehres (LSAP) zu

Heescht et deemnächst beim Notaire: „en français s.v.p.“ ? (Kommentar)
International Neiegkeeten

Heescht et deemnächst beim Notaire: „en français s.v.p.“ ? (Kommentar)

Den 12. August war op der Facebooksäit vu „Wee2050 /

EU-Ausseministertreffe beweist: „wou kee Wëllen ass, gëtt et och kee Wee“

EU-Ausseministertreffe beweist: „wou kee Wëllen ass, gëtt et och kee Wee“

Wann et den Diplomaten net un Iddie feelt, esou verhënneren déi eegen an virun allem national Interessen de Konsens. De Beholl vu China mat Hong Kong, oder déi op Sträit ausgeluechten Aussepolitik vun der Tierkei, datt alles wier Grond genuch eng Gemeinsam Linn anzehalen, mee allzevill kann ee sech och weiderhin net vun der Politik erwaarden.

Zwou Wochen nodeems dat neit nationaalt Sécherheetsgesetz an der Sonnerverwaltungsregioun Hong Kong a Kraaft getrueden ass, hätt ee sech eppes méi wéi nëmme „Bedaueren“ säitens den europäeschen Ausseminister erhofft, woubäi Sanktiounen oder wirtschaftlech Mesuren – wéi si dat sengerzäit mat Russland wéinst der Krim-Annexioun gemaach hunn – ware gëschter net dran.

Woubäi eng däitsch-franséisch Initiativ virgesäit, den Export vu Wueren, déi vun den Autoritéite kéint genotzt ginn, fir d‘Protester vun der Demokratiebeweegung néierzeschloen, soll verbuede ginn. Zudeem sollte Bierger vun Hong Kong méi liicht an d‘EU areesen dierfen an sech hei op länger néierloosse kënnen. Wat domadder am Detail gemengt ass? Dozou gouf sech net geäussert.

Dat eenzegt wat am Usaz säitens eisen däitschen a franséischen Nopere bekannt gouf, ass datt béid Länner politesch verfollegt Wëssenschaftler, Kënschtler an/oder Journalisten iwwer Boursse sollen ënnerstëtzt ginn. Déi wëllen och déi bestoend Accorde bei Ausliwwerung oder Rechtshëllef nach emol op de Leescht huelen. Eng gemeinsam Linn gëtt et net, all Land muss dat selwer entscheeden.

Bei Wirtschaftssanktioune misst et allerdéngs schonn eng eestëmmeg EU-Decisioun ginn, mee dat dierf ee getréischt ausschléissen. Dat läit haaptsächlech un all deene Länner déi sech un der neier Seidestrooss bedeelegen, also och u Lëtzebuerg. Mee hei hunn Griicheland, Italien an Ungarn och wirtschaftlech Interessen, an dat si Länner déi op déi milliardeschwéier Investitiounen ugewise sinn.

Schwiereg Bezéiunge mat der Tierkei

Mee net eleng China huet fir vill Diskussioun gesuergt, och déi eppes besonnesch Aussepolitik vum Recep Tayyip Erdogan, President vun der Tierkei, gouf zu Bréissel op de Leescht geholl. An do gëtt et wuel eppes méi Chantiere wéi dat mat Peking de Fall ass. Déi dräi gréisst Baustellen: 1) d‘Roll vun Ankara am libesche Biergerkrich; 2) de Gas a Pëtrol am Mëttelmier an 3) d‘Flüchtlingspolitik.

De Chefdiplomat vun der EU-Kommissioun, Josep Borrell, huet sech zwar virgeholl den Dialog mat Ankara oprecht ze erhalen, dat mam Zil eppes Rou an den Dissens ëm dat ëstlecht Mëttelmier ze bréngen, mee géif sech weidere Sanktioune géint d‘Tierkei och net direkt widdersetzen. Einfach ass dat natierlech net, wëll d‘Tierkei ass ee wichtege Bündnis- (NATO) a Wirtschaftspartner.

Fir den éisträicheschen Ausseminister Alexander Schallenberg, ass d‘Ëmwandlung vun der Hagia Sophia an eng Moschee, déi Drëps déi säi Faass zum iwwerlafe bruecht huet. Fir hien ass domadder eng grenz iwwerschratt ginn, déi derzou féiere muss, d‘Bäitrëttsverhandlunge vun der Tierkei endgülteg ofzebriechen. Hien ass och vun der tierkescher Politik a Syrien an am Irak enttäuscht.

An awer gëtt et do nach ëmmer eng Rei EU-Länner déi un de Bäitrëttsverhandlunge festhalen. Och dat éischter aus eegene wirtschaftlechen Interessen, well faktesch gesinn, gëtt et zanter dem gescheiterte Militärputsch (2016) keng Gespréicher méi. Wéi ee gesäit, den EU-Ausseminister feelt et net u Gespréichsstoff, dofir massiv u Wäitsiicht a Konsensbereetschaft. Schued eigentlech…

mat indymedia/bru

Foto: Fir eisen Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) war et gëschter nees en éischter stressegen Dag, woubäi och hien et elo net op ee Sträit mat China wëll ukomme loossen. De Sultan vun Ankara ass wuel net säi Frënd, mee och hei ass besser den Dialog oprecht ze erhalen, wéi weider Ueleg an d‘Feier ze schëdden. © Ausseministère (via Twitter)

Related topics China, EU-Ausseminsitersommet, EU-Bäitrëtt, Jean Asselborn, Sanktiounen, Tierkei
Next post Previous post