Eng Millioun EU-Bierger fuerderen en Enn vum Handel mat Haiflossen

D'EU-Biergerinitiative „Stop Finning – Stop the Trade“ erreecht déi erfuerdert Stëmmenzuel

Haie sinn extreem wichteg fir déi marinn Ekosystemer. Trotzdeem ginn an der EU nach ëmmer Haien industriell gejot an am grousse Stil Profitter mam Handel vun Haiflossen gemaach. D’EU-Biergerinitiative „Stop Finning – Stop the Trade“ trëtt fir een direkt Enn vum Handel mat Haiflossen an der EU an.

An de leschten Deeg ass eng Well vun der Ënnerstëtzung entstanen. D’Initiative huet déi erfuerderlech eng Millioun Ënnerstëtzungsbekundungen vun EU-Bierger erreecht. Och vill Prominenter aus dem Sport an dem Internet hu sech an de leschten Deeg hannert d’Fuerderung gestallt. Elo muss sech d’EU-Kommissioun mat de Fuerderunge vun „Stop Finning – Stop the Trade“ ausenanersetzen.

De Problem ass riseg – all Joer stierwen Milliounen Haien duerch Mënschenhand, oft wéinst hire Flossen. Eleng dräi EU-Natiounen befanne sech dobäi ënnert den Top 20 Haifangnatiounen weltwäit. Dobäi sinn d’Populatiounen vun de fir d’Weltmierer esou wichteg Déieren um Réckmarsch – d’Bestänn un Hochseehaien sinn zanter den 1970er Joren ëm 70% zeréckgaangen.

Dofir freet sech den Nils Kluger, Spriecher vun der EU-Biergerinitiativ: „Datt d’EU endlech handelt, war dréngend néideg. Elo hu mir eng staark Stëmm vun den EU-Bierger am Réck, fir dem Handel mat Haiflossen an der EU endlech en Enn ze setzen.“ D’Initiative rifft weiderhin dozou op, Ënnerstëtzung ze bidden.

Den Nils Kluger dozou: „Wat méi Bierger elo nach hir Stëmm ofginn, wat de Wonsch vun de Bierger mat méi Gewiicht wouergeholl gëtt. An dat ass wichteg, fir datt aus enger erfollegräicher Initiative zum Schluss och e gutt Gesetz gëtt.“

An de leschten Deeg virum Ofstëmmungsenn um 31.01.2022 baut sech eng Well vun der Ënnerstëtzung an Europa op. An Däitschland huet mam Robert Marc Lehmann e bekannte Mieresbiolog a Youtuber d’Thema opgegraff a vill Leit si sengem Opruff nogaangen. A Frankräich huet ënnert anerem de bekannten Naturfilmer Hugo Clement sech fir d’Fuerderung agesat.

Aus dem Sport hu sech Gréissten, wéi den Dominic Thiem (Tennis) oder Kai Havertz (Fussball Nationalspiller) zum Thema bekannt. Och ausserhalb vun der EU fënnt d’Biergerinitiative Succès – d’Well vun der Ënnerstëtzung reecht vun der Ozeanaktivistin Ocean Ramsey bis zum Acteur Alec Baldwin.

Wichteg Ënnerstëtzung, wéi den Alex Cornelissen, CEO vu Sea Shepherd Global an Zweete Spriecher vun der Biergerinitiativ betount: „Elo kënne mir eise Fall virun d’Europäesch Kommissioun bréngen an dorop drängen, datt d’Gesetz geännert an den Handel mat Haifëschflossen an Europa verbuede gëtt. Et wier de gréisste Schlag géint d’Haifëschflossenindustrie an der Geschicht an déi gréisst Victoire fir den Haischutz.“

Aktuell huet Lëtzebuerg ëm 85 % vun de Stëmmen. E Beitrag kënnt Dir op eci.ec.europa.eu leeschten. Weider Informatioune kritt Dir op www.stop-finning-eu.org.

Matgedeelt vu Sea Shepherd Lëtzebuerg

Dernières nouvelles