Search

You may also like

Wansinn oder Terror?
Neiegkeeten

Wansinn oder Terror?

De Mann no deem d‘Police mat alle Mëttel sicht, soll

Et ass net domadder gedoen en oppent Ouer ze hunn
Neiegkeeten

Et ass net domadder gedoen en oppent Ouer ze hunn

Dëse 6. Oktober sinn déi fënnef Gewerkschaften a Beruffsverbänn, déi

E Sozialplang fir d‘Salariéeë vun der RBC ass ënnerschriwwe ginn
Neiegkeeten

E Sozialplang fir d‘Salariéeë vun der RBC ass ënnerschriwwe ginn

D‘Gewerkschafte LCGB-SESF, OGBL an ALEBA hunn haut de Muere matgedeelt,

Video-Serie “EU BLIND DATE

Video-Serie “EU BLIND DATE

Am September 2020 huet de Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg eng Serie vu sechs Videoe mam Titel EU BLIND DATE realiséiert.

Déi 6 lëtzebuergesch Europadeputéiert treffe 6 Bierger mat ënnerschiddlechen Hannergrënn an Beruffer. Si entdecken 6 perséinlech Geschichten, a gesi wéi een Afloss hir déi parlamentaresch Aarbecht op de Leit hir Beruffer oder Liewen huet.

Den éischten Episode gouf e Samschdeg, den 10.Oktober, op eisem YouTube-Kanal ausgestraalt. (EP Luxembourg)

EU BLIND DATE – d’Konzept

D’Zil vun dëse 35 bis 40 Minutte laange Videoen ass, eis sechs Europadeputéiert mat hinne bis dohi ganz onbekannte Bierger, zesummenzebréngen.

No hire perséinleche Geschichten oder Leidenschaften ausgewielt, ëmfänken eis besonnesch Gastgeber déi sechs Deputéiert bei sech oder op enger Plaz, déi hinne wichteg ass, fir sech géigesäiteg ze entdecken, hir Geschicht an Idealer ze deelen an hir Vuen iwwert verschidden Themen, déi hinnen um Häerz leien, auszetauschen.

All Samschde gëtt en neien Episod op eisem Youtube-Kanal diffuséiert an op Facebook gedeelt.

Dës Serie vu Videoe gouf am Partenariat mat der Lëtzebuerger Representatioun vun der Europäescher Kommissioun produzéiert.

Matgedeelt vun de Lëtzebuerger Representatioun vun der Europäescher Kommissioun

Illustratioun: © Keagan Henman / unsplash

Related topics EU BLIND DATE, Europadeputéiert, Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg
Next post Previous post