Search

You may also like

No der Faillite vu „Mille-Services Sàrl“
International Neiegkeeten

No der Faillite vu „Mille-Services Sàrl“

Den Elektriker-Betrib Mille-Services Sàrl ass den 22. Juni Offiziell als

money
Negativzëns an d‘Ofschafe vum Boergeld
International Neiegkeeten

Negativzëns an d‘Ofschafe vum Boergeld

Am November wéi d‘ULC hire „Réckbléck“ gemaach huet, ass natierlech

Schwéier Schied duerch Äerdbiewen zu Zagreb
International Neiegkeeten

Schwéier Schied duerch Äerdbiewen zu Zagreb

Wéi d‘Kollege vu „24sata.hr“ beriichten, huet et um Sonndegmueren zu

D‘EU huet de Budget 2020 hikritt

Et ass bal net ze gleewen, mee de Sträit ëm den Haushalt vun der Unioun schéngt bäigeluecht

D‘EU huet de Budget 2020 hikritt

Et war zolidd spéit ginn, mee d‘Waarden op Äntwerten huet sech um Enn ausbezuelt. Déi finnesch Rotspresidence huet zu ganz spéider Stonn confirméiert, datt een sech eens ginn ass an fir 2020 ëm déi 168 Milliarden Euro zur Ausbezuelung bereetstellt.

D‘Regierunge vun der europäescher Unioun, d‘EU-Parlament an d‘EU-Kommissioun hunn endlech de Budget fir 2020 virgeluecht. Interessant hei ass, datt trotz massivem Widderstand, d‘Ausgabe fir dem Klimawandel ze begéinen, de Grenzschutz (Frontex) auszebauen an den Opbau vun engem europäesche Satellittesystem ze erméiglechen, eropgesat goufen. Wat bedeit dat elo an Zuelen?

Et solle Projeten am Géigewäert vun 168,7 Milliarden Euro finanzéiert ginn. A ganzer 21% vun dësem Betrag solle fir Moossnamen zur Bekämpfung vum Klimawandel agesat ginn. 60 Milliarden Euro sollen der Landwirtschaft, Fëscherei an Aartevillfalt zougestane ginn. 59 Milliarden Euro sollen zur Verréngerung vu sozialen a wirtschaftlechen Ënnerscheeder tëscht de Regioune bäidroen.

BudgetMat 25 Milliarden Euro gëtt d‘Fuerschung an d‘Innovatioun, Jugendbildungsprogrammer, kleng a mëttelstänneg Entreprise wéi och den europäesche Galileo-Satellitteprogramm gefërdert. Dëse Satellitteprogramm soll d‘EU onofhängeg vum amerikanesche GPS-System maachen. 14 Milliarden Euro gi fir d‘Sécherheet vun Europa, humanitär Hëllef a fir de Grenzschutz (Frontex) agesat.

Ouni Gestreits wier et net Europa

Schnëssstécker bei de Verhandlungen huet et ginn, wéi et drëms gaangen ze klären, wéi vill Geld fir Ausbezuelungen aus dem Budget sollen ageplangt ginn. D‘EU-Parlament wëll 159,1 Milliarden, d‘Memberlänner 153,1 Milliarden Euro bewëllegen. D‘Länner hu sech fir eng Reserv vun iwwer 4 Milliarden Euro ausgeschwat, datt wéinst de Briten engersäits an den Tierken anersäits.

Et wëll ee gerëscht sinn, falls déi droleg Geselle vun der „Insel“ sech hire Brexit ouni Accord dann awer vergënnen. Zudeem muss ee virbereet sinn, dem Sultan vun Ankara fir d‘Betreiung vu syresche Flüchtlingen (an d‘ethnesch Säuberung vu Nordsyrien) nach weidert Geld zur Verfügung ze stellen. Am EU-Parlament war een der Usiicht, datt een esou eng grouss Reserv net brauch.

BudgetEis däitsch Nopere sinn och weiderhin de gréisste „Nettozueler“ (ronn 20%). Gëschter huet déi däitsch Delegatioun awer bestätegt, datt et ee gudde Kompromëss an esou d‘Handlungsfäegkeet vun der europäescher Unioun net a Fro gestallt ass. Gutt och datt et elo eng Risikovirsuerg gëtt, firwat een ob onverhofft Erausfuerderunge sollt vollëmfänglech reagéiere kënnen…

Ob et bei de Gespréicher zum finanzielle Kader fir den Zäitraum 2021-27 och esou „liicht“ wäert ginn, dierf bezweiwelt ginn. Dee stellt d‘Grondlag fir d‘Budgeten an et ass also net fir liichtfankeg domatter ëmzesprangen. Well d‘EU eng Institutioun vu konsensfreedege Partner ass, hunn d‘Länner et net fäerdeg bruecht, eng gemeinsam Positioun fir Verhandlunge mam Parlament auszeschaffen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: Envato

Related topics Budget 2020, EU-Kommissioun, EU-Memberstaaten, EU-Parlament
Next post Previous post