Search

You may also like

Europäescht Parlament stëmmt géint déi automatesch Gesiichtserkennung am ëffentleche Raum
International Money Neiegkeeten

Europäescht Parlament stëmmt géint déi automatesch Gesiichtserkennung am ëffentleche Raum

Dat europäescht Parlament fuerdert d‘Gesetzgeber vun der Europäescher Unioun dozou

surprise
Beim ACL gëtt elo e Gang eropgeschalt
International Money Neiegkeeten

Beim ACL gëtt elo e Gang eropgeschalt

Am Kader vun der Internationaler Motor Show vu Lëtzebuerg huet

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch
International Money Neiegkeeten

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch

Während dem Freideg-Gebiet ass et zu Christchurch (Neiséiland) zu Attacken

money

Beschloss fir EU-Coronavirus-Finanzhëllef blockéiert

Genee esou wéi et ze erwaarde war ass et och komm: Polen an Ungarn setze Veto an

Beschloss fir EU-Coronavirus-Finanzhëllef blockéiert

Spéitstens zanter dem Summer ass gewosst, datt déi Europäesch Unioun zwar ee Plang huet, wéi een aus der Coronavirus-/Wirtschaftskris (Finanzsommet am Juli) komme kéint, mee och e seriéise Problem mam Stëmmrecht an dem deletären Ëmgang mam Vetorecht. De „Veto“ déi probat Waff vun den Nationalisten, reliéise Fundamentalisten an anere Faschismus-Nostalgiker.

E Méindeg hunn dann och Polen an Ungarn ganz erwaardungsgeméiss hire Veto géint den EU-Budget 2021/27, an domatter folgerichteg och den Hëllefspak zur Relance vun der Wirtschaft ageluecht. Net datt si béides géife schlecht fannen, nee hei geet just drëms sengem Onmutt Loft ze maachen, well d‘EU-Kommissioun ganz am Eescht vun hinne verlaangt sech u Reegelen ze halen.

Polen an Ungarn, déi Länner an der EU mat enger eegener Interpretatioun vu Rechtsstaatlechkeet, Pressefräiheet a Mënscherecht, hunn de Prinzip „Eestëmmegkeet“ gutt verstanen, a wëssen sech dat zu Notzen ze maachen. De pluriannuelle Budget vun der Unioun muss eestëmmeg ugeholl ginn, an dat bitt zuweilen enger Rei Memberen d‘Méiglechkeet, de Grondgedanke vun der EU ëmzedenken.

Vum Veto betraff ass, nieft dem“Plang fir eng wirtschaftlech Relance“ ass dem „New Green Deal“ also och den EU-Haushalt 2021/27 an Héicht vu ronn 1,1 Billioun Euro. Doranner abegraff wichteg Subventioune fir Fuerschung a Landwirtschaft. Kréien sech d‘Polen an d‘Ungarn net an de Grëff, datt steet der EU fir 2021 nëmmen e sougenannte „Nout-Haushaltsplang“ zur Verfügung.

Erpressung liicht gemaach

Deen an dëser Situatioun wuel wichtegste Punkt deen et opzewerfe gëllt: wann de Finanzpak net op de Wee bruecht gëtt, kënnen och d‘Finanzhëllefen net fléissen. Dat ass awer Geld, dat besonnesch Italien a Spuenien virum wirtschaftlechen Néiergang bewore soll. Datt Polen an Ungarn wéineg Matgefill fir d‘Südstaaten hunn, ass allerdéngs zanter der Migratiounskris och kee Geheimnis méi.

An eigentlech missten déi éischt Iwwerweisunge spéitstens am zweete Quartal 2021 iwwert d‘Bühn goen. Fir dann nach emol ze ënnersträichen, datt den Asaz vum Veto eng reng Tockskäppegkeet ass, dierf drop higewise ginn, datt och wann d‘Beschlëss vun der EU-Kommissioun ugeholl gi wären, et nach en zimmlech opwennege Ratifikatiounsprozess huet, deen déi national Parlamenter betrëfft.

Well d‘EU-Kommissioun an den EuGH béid Veto-Länner net derzou ugehale kritt – net mat gudde Wierder an och net mat Verfaren – sech un déi europäesch Wäerter ze halen, d‘Onofhängegkeet vu Justiz a Press ze garantéieren, tolerant géintiwwer Minoritéiten ze sinn a generell méi mat, wéi da géint all déi aner ze schaffen, soll béi Verstéiss d‘Kierzung vun EU-Geld als Strof méiglech sinn.

Grondsätzlech ee gudden Usaz, mee well alles muss eestëmmeg ugeholl ginn, ass et faktesch net méiglech Budapest a Warschau dozou ze zwéngen, well si mat hirem Vetorecht all d‘Decisioune vun der Kommissioun blockéiere kënnen. Nach si mir „2020“ an eppes Gutts erwaart sech wuel souwisou kee méi vun dësem Joer, wou eng Kris déi aner jot oder einfach nëmmen erbäiféiert.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Guillaume Périgois / unsplash

Related topics Eestëmmegkeet, EU-Budget 2021/27, EU-Kommissioun, Finanzhëllef, Polen, Rechtsstaatlechkeet, Tockskäppeg, Ungarn, Vetorecht
Next post Previous post