Search

You may also like

Verwirrung iwwert d‘Hierkonft vun den Affer
International Neiegkeeten

Verwirrung iwwert d‘Hierkonft vun den Affer

Am Fall vun den 39 Läichen déi an engem Container

money
Disney & Star Wars: eng profitabel Bezéiung
International Neiegkeeten

Disney & Star Wars: eng profitabel Bezéiung

De George Lucas (Lucasfilm) hat d‘Ära Star Wars 1977 lancéiert,

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt

Diskussioun ronderëm de Verkéier kënnt an d’Rullen. Dat ass gutt,

EU-Finanzsommet och um Sonndeg ouni Léisungen

EU-Finanzsommet och um Sonndeg ouni Léisungen

Am Sträit ëm de milliardeschwéiere Konjunkturpak zur Relance vun der Wirtschaft am Kontext vun der Covid19-Pandemie, sinn déi 27 Staats- a Regierungscheffen sech nach ëmmer net eens. Eise Premierminister huet da gëschter eng „Paus“ ageluecht um spéiden Owend am Sennenger Schlass de Regierungsrot presidéiert, wou d‘Mesure am Kampf géint de Covid19 verschäerft goufen.

Zu Bréissel ass een awer ee Stéckt wäit viru komm. De „spuersame véier“(Dänemark, Éisträich, Holland a Schweden) huet sech Finnland ugeschloss an zu hirer fënnef hu si fir eng Reduktioun vum Gesamtmontant fir d‘Finanzhëllef plaidéiert. 700 statt 750 Milliarden, an dovunner nëmmen 350 Milliarden als Subventiounen, an net wéi eigentlech virgesi 500 Milliarden Euro.

Domadder ass dem EU-Rotspresident Charles Michel seng Propos vum Dësch. Hien hat dësen ugebueden d‘Subventioune vu 500 op 400 Milliarden erofzesetzen, wollt awer un der Gesamtzomm vu 750 Milliarden Euro festhalen. De ganzen Dag war a klenge Gruppe verhandelt ginn, aus der grousser Ronn gouf et keng Zäit méi, mee en Owesiessen zu 26 war de Partner vergënnt.

Ob de Virschlag vun de „spuersame véier“, plus Finnland, Zousproch fënnt, wärend Italien a Spuenien sech Hoffnung op méi Hëllef maachen? Wéi gesäit et mat der Fuerderung no Reformen aus? Si Kontrolle beim Ëmgang mam Geld duerchsetzbar? Froen déi als Dréi- an Angelpunkt d‘Verhandlungen eppes belaaschten, woubäi et och bei der Rechtsstaatlechkeet en Dissens gëtt.

EUAn och dozou hunn déi spuersam eng Meenung. Den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz huet virun engem „faule Kompromëss“ beim Rechtsstaatsmechanissem am EU-Budget gewarnt. Dëse System erlaabt et Bréissel den Domm op de Virement ze halen, wann an engem Memberland d‘Rechtsstaatlechkeet ënnert d‘Rieder kënnt. An d‘Rechtsstaatlechkeet huet et den Ament schwéier.

Polen an Ungarn wëlle kee Rechtsstaatsmechanissem – dat aus ganz gudde Grënn – an den ungaresche Premierminister Viktor Orban huet schonn emol duerchblécke gelooss, datt wann dorunner sollt festgehale ginn, si géint de Konjunkturplang – an de wuel och géint de Budget – stëmme wäerten. Sollen Onofhängegkeet vun der Justiz, Presse- a Meenungsfräiheet geaffert ginn?

EUInteressant hei och dem ungaresche Faschist seng Strategie. Hien huet sech eng verbal Attack géint den hollännesche Premierminister Mark Rutte geleescht. Heibai ass dem Hollänner virgeworf ginn, datt dëse fir dee ganzen Duerchenaner verantwortlech wier. Hei sollt een awer berécksiichtegen, datt de Mark Rutte, datt wat zu Bréissel beschloss gëtt vum Parlament muss zougestëmmt kréien.

Déi konservativ Koalitioun vu véier Parteien (VVD, CDA, D66 an CU) huet nëmmen zwou stëmme méi d‘Oppositioun, a gëllt net als „stabil“. Et hat schliisslech 209 Deeg gedauert, bis et hei zu engem Accord komm ass, wat natierlech de politesche Spillraum vum Premierminister staark ageschränkt huet. An zu Den Haag ass ee sech eens, datt ee Geld net verschenke sollt…

mat indymedia/bru

Foto: (v.l.n.r.) EU-Rotspresident Charles Michel, Generalsekretär vum EU-Rot Jeppe Tranholm Mikkelsen, Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel, Belsch Premierministesch Sophie Wilmès an den ireschen Taoiseach Micheal Martin. © European Unioun

Related topics Covid19, EU-Budget, EU-Sommet, Finanzhëllefen, Finanzsommet, Reformen, Wirtschaftskris
Next post Previous post