Search

You may also like

money
A Krisenzäiten: Gemenge verzichten op de Loyer
International Neiegkeeten

A Krisenzäiten: Gemenge verzichten op de Loyer

Et hat an de leschten Deeg vill Appeller un d‘Besëtzer

Brexit: Eng onendlech Geschicht
International Neiegkeeten

Brexit: Eng onendlech Geschicht

Wien sech erhofft hat, et kéim beim aussergewéinlechen EU-Sommet zum

EU-Sommet: Europaminister bereeden sech zu Lëtzebuerg vir
International Neiegkeeten

EU-Sommet: Europaminister bereeden sech zu Lëtzebuerg vir

Um Dënschdeg hunn sech zu Lëtzebuerg d‘EU-Europaminister zesummefonnt, fir sech

Bréissel mécht Fortschrëtter

Beim EU-Finanzsommet schéngen sech iwwert d‘Héicht vun den Zouschëss eens ze sinn

Bréissel mécht Fortschrëtter

Statt de 500 Milliarden Euro Zouschëss, sollen et der elo nëmmen nach 390 sinn. Eenegung soll et och beim verknäppe vun der Ausbezuelung un d‘Rechtsstaatlechkeet ginn. Dat alles awer eréischt en éischte Schratt, well bei ville Punkten hunn déi 27 Staats- a Regierungscheffen nach en Dissens.

De Méindeg war schonn de 4. Dag vum EU-Finanzsommet an en Enn ass bis ewell, och wann et Fortschrëtter ginn huet, nach wäit vum Konsens ewech. De ganzen Dag iwwer ass nees a klenge Gruppe beroden a verhandelt ginn, iert si da gëschter Owend géint hallwer zéng nees an der grousser Ronn zesumme komm sinn. Um Dësch, den neie Virschlag vum EU-Rotspresident…

EU

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen am Gespréich mat eisem Premier Xavier Bettel. Ob him alles gefält, wat de Charles Michel an dee 66 Säite laangen Text agebaut huet? Wuel net wierklech, mee och hie weess, datt et wichteg openaner duerzegoen. Kompromësser sinn ni eng einfach Saach. © European Union

Hien hat sech iwwert de ganze Méindeg ewech mat de Renitente wéi de Wëllegen ënnerhalen an esou och zumindest en Deelerfolleg geséchert. Déi nei Propos wier „d‘Fruucht vu kollektiver Aarbecht“, esou de Charles Michel, deen notéiert, datt déi leschte Schrëtt of déi komplizéiertst sinn, woubäi hien sech per Twitter-Message iwwerzeegt gewisen huet, datt eng Eenegung méiglech ass.

Och déi däitsch Bundeskanzlerin war virsiichteg optimistesch. No laange Verhandlungen hätt een sech elo op e Kader verstännegt kritt, mat deem eng Eenegung sollt méiglech sinn. Mee grad wéi och de franséische President Emmanuel Macron, huet d‘Angela Merkel drop higewisen, datt de Konjunkturplang nach net an dréchenen Dicher ass. Schliisslech geet et och nach ëm de Budget.

Zesummen oder guer net

Zur Erënnerung: op där enger Säit muss e Konsens fonnt ginn, bezunn op den EU-Konjunktur- an Investitiounsprogramm an héicht vu 750 Milliarden Euro. Dozou kënnt den ambitiéise Budget vun iwwer 1.000 Milliarden Euro, dat fir den Zäitraum bis 2027. E Konsens schéngt et elo bei der Héicht vun den Zouschëss ze ginn, déi vu 500 Milliarden op elo 390 Milliarden erofgesat goufen.

Et war dann och dëse Sträitpunkt, deen de ganze Weekend iwwer all Fortschrëtt verhënnert huet. Italien a Spuenien sinn op dëst Geld ugewisen, wollten awer keng Kreditter ophuelen. Säitens de „spuersame véier“ (Dänemark, Éisträich, Holland a Schweden) – deenen sech Finnland ugeschloss huet, gouf dëse Montant als ze héich bezeechent. Berlin a Paräis wollten awer net ënner 400 Milliarden Euro goen.

EU

De Kompromëssvirschlag vum EU-Rotspresident ass 66 Säite schwéier. Aus dësem geet ervir, datt de „spuersame véier“ zolidd Rabatter zougestane goufen. Holland gesäit säi Beitrag ëm 1,92 Milliarden Euro (345 Millioune méi wéi geplangt) erofgoen, fir d‘Schweden sinn et 1,07 Milliarden (+271 Milliounen), Éisträich verduebelt op 565 Milliounen Euro an fir Dänemark sinn et 322 Milliounen Euro (+125 Milliounen). Si dierften deemno als Gewënner bei dësem éischte Schratt ervirgoen. © European Union

Wann dann elo dëse Punkt schéngt gekläert ze sinn, esou gëtt där ongekläerte Punkten nach ee ganze Grapp voll. Esou muss sech och iwwert nei Finanzquelle fir d‘EU, d‘Finanzéierung vum „new green Deal“, mee och iwwer Migratioun, Landwirtschaft a Verdeedegung ënnerhale ginn. Däitschland dat jo den 1. Juli d‘EU-Presidence iwwerholl huet, ass an der Vermëttlerroll.

Um haitegen Dënschdeg geet en dann an déi fënneft Verhandlungsronn, an et dierft sech nach eppes hinzéien. Et gëtt deels ganz haart matenaner ëmgaangen, firwat keen sech wot ze spekuléieren, op bis Enn der Woch all d‘Punkte vum Sommet ofschléissend kënne gekläert ginn.

De Finanzpak steet

Update vu 6 Auer (21. Juli)

Et war eng ganz laang Nuecht, mee wéi et ausgesäit hunn déi 27 Staats- a Regierungscheffen haut de Moien d‘Kéier kritt, de billiouneschwéiere Finanzpak hikritt. Déi Gesamtzomm, op déi sech zu Bréissel konnt verstännegt gi beleeft sech op 1.800 Milliarden Euro. Dovunner entfalen 1.074 Milliarden Euro op de pluriannuelle Budget, a 750 Milliarden fir de Covid19-Konjunkturplang.

EUDen Emmanuel Macron huet den Dag als „historesch“ bezeechent, d‘Angela Merkel huet sech erliichtert gewisen a betount, datt „datt ee sech zum Schluss eens ginn ass an dës Verhandlunge gewisen hätten, datt een awer zesummen Handele kann“. Mat dësem Geld wëll sech Europa géint de Wirtschaftsabroch wieren, mee och eng digital a méi klimafrëndlech Zukunft schafen.

mat indymedia/bru

Foto: Fir den EU-Rotspresident Charles Michel war de Méindeg wuel ustrengend, mee seng Efforte bezuelen sech elo aus. Trotzdeem bleift nach villes ze klären, an den Debat zum europäeschen Haushalt huet jo och nach net wierklech ugefaangen. © European Union

Related topics Covid19, EU-Budget, EU-Sommet, Finanzhëllefen, Finanzsommet, Reformen, Wirtschaftskris
Next post Previous post